Le Premier ministre, président de l'Eurogroupe, Jean-Claude Juncker au sujet de la candidature de Christine Lagarde au poste de directeur général du FMI

Francine Closener: Professionell – selbstbewosst – elegant. D’Christine Lagarde ass de méi oder manner heemleche Star an der Regierung Sarkozy, wëll déi Regierung elo awer verloossen.

Mä d’Saach ass nach net giess. Eng Partie esou genannte Schwellelänner si géint den Deal, datt d’Europäer d’office Patron am Internationale Währungsfong sinn, an d’Amerikaner bei der Weltbank. Dowéint geet och de Chef vun der mexikanescher Zentralbank mat an d’Course. Trotzdem huet d’Christine Lagarde gutt Chancen.

Jean-Claude Juncker: D’Madame Lagarde huet hir Kandidatur jo net europäesch begrënnt, an och net europäesch ugestrach; si ass éischter en ökumenesche Kandidat. A well ech déi, déi déi Décisiounen huele gutt kennen, ginn ech och dovun aus, datt si ganz reell Chancen huet. À condition, datt mir net deenen aneren Deeler vun der Welt iwwer de Wee vun der Euro-Arroganz d’Gefill ginn, si géifen net zielen. Déi zielen esou vill wéi mir. Mit sinn net méi d’Häre vun der Welt.

Francine Closener: A Frankräich selwer kéint d’Affär Tapie d’Madame Lagarde nach un d’Wackele bréngen. Eventuell gëtt géint si wéint Abus d’autorité enquêtéiert, well si zougelooss hat, datt de Bernard Tapie am Sträit mam Crédit lyonnais eng Rekordentschiedegung vun 285 Milliounen Euro krut.

Jean-Claude Juncker: Wann et géif zu enger juristescher Konsequenz där Zort kommen, datt d’Madame Lagarde wierklech massiv géif inculpéiert ginn, wier dat net gutt. Ma si kennt den Dossier, d’franséisch Regierung kennt den Dossier, an ech verloosse mech op dat wat déi Kollege mir soen.

Francine Closener: Paräis huet dem lëtzebuerger Premier ze verstoe ginn, datt déi Affär keng wier. Egal wéi, steet de Jean-Claude Juncker net als Kompromësskandidat fir den IWF zur Verfügung.

Jean-Claude Juncker: Ech kann dat net.

Francine Closener: Ob si et kann an dierf, soll sech Enn Juni décidéieren.

Dernière mise à jour