Jean-Claude Juncker au sujet de la démission annoncée du Pape Benoît XVI

Jean-Claude Juncker: Dee Schrëtt vum Poopst fir ze demissionéieren huet mech iwwerrascht, ewéi all Mënsch. Mee et ass awer ee Schrëtt, deem d’lëtzebuerger Regierung mat groussem Respekt begéint. De Poopst fënnt datt hien midd ass, datt en ze al ass fir sengen Aufgaben nach kënnen nozegoen. Also ass dat e Schrëtt, deen weist, datt de Poopst e Mënsch ass wéi déi aner an datt e weess wou seng Grenze sinn. An datt de Poopst seng Grenzen zougëtt wéi all déi aner Leit dat och musse maachen, ass natierlech e Schrëtt, deen Respekt a Bewonnerung verdéngt.

Paule Rodesch: Wat sinn dann an ären Aen déi politesch Konsequenzen dovunner?

Jean-Claude Juncker: Ech gesinn am éischten Abléck keng politesch Konsequenzen. De Poopst war e Mënsch dee sech fir all Deeler vun der Welt interesséiert huet, esou wéi dat d’Aufgab vum Poopst ass. An ech ginn dovun aus, datt och deen deen zu sengem Nofolger wäert bestëmmt ginn, déi selwecht Opfaassung vum päpstlechen Apostolat wäert hunn.

Dernière mise à jour