Frank Kuffer: Jo, gudde Mëtteg Sascha. Du hues et gesot, déck annerhallef Stonn huet de Jean-Claude Juncker iwwer d’Lag vun der Natioun geschwat. Just e puer Minutten hat hie fir sech ze erblosen.
Merci datt Dir eis elo scho fir déi éischt Froen zur Verfügung stitt, a gudde Mëtteg Här Staatsminister.
Jean-Claude Juncker: Gudde Mëtteg.
Frank Kuffer: Näischt ass méi wéi et war, an awer ass net alles esou schlecht, an et ass vill geschafft ginn. An am Verglach mam Ausland sti mir awer gutt do.
Dir hutt quasi e Bilan vun der Legislaturperiod gemaach. Hat Dir d’Gefill Dir misst Iech rechtfäerdegen?
Jean-Claude Juncker: Ech hat net d’Gefill ech misst mech rechtfäerdegen. A wann Dir mengt ech hätt e Bilan vun der Legislaturperiod gemaach, dann iert Dir Iech, well ech hu mech jo bal exklusiv mam Thema Staatsfinanze beschäftegt, an net mat den inhaltleche Froe vun der Politik, där konnt ech ganz vill net beréieren. Dat wäert awer an deenen nächste Méint, virun allem am nächste Joer geschéien.
Frank Kuffer: Dir hutt awer och vill zeréckgekuckt, an och vill Saachen opgezielt, déi erreecht gi sinn. Dat ass jo eng Zort Bilan awer.
An Dir hutt och gesot, d’Staatsfinanzen hätt Dir net ëmmer am Grëff gehat, mä si wieren och net aus den Hänn geroden.
Jean-Claude Juncker: Dat weist dat Zuelematerial wat ech virgeluegt hunn. Eis Defizitter sinn ze héich, eis Staatsschold klëmmt ze séier. An ech hunn däitlech gemaach - an och d’Piste gewise wou een dat ka maachen - datt mir d’Staatsverschëldung mussen esou féieren, datt déi eis net iwwer de Kapp wiisst, an datt d’Defizitter am nächste Joer musse méi niddereg si wéi an dësem Joer.
Frank Kuffer: Déi ëffentlech Finanzen déi mussen ëmgedréint ginn. Dat heescht si ginn den Ament an déi falsch Richtung?
Jean-Claude Juncker: D’Staatsverschëldung klëmmt, an d’Defizitter sinn ze héich. Mir mussen eng Milliard d’Joer de Moment léine goe fir de Budget ze finanzéieren. Dat kënne mir eis op d’Dauer net leeschten, well aus deene Scholden déi mir ophuelen, erwuesse jo Ausgaben, déi een d’Bedingung vun de Staatsscholden nennt, de Scholdendéngscht. A wann ee vill Zënse muss zeréckbezuelen, huet een déi Suen net méi fir zukunftsorientéiert Projeten ze maachen.
Wann dir 250 oder 300 Milliounen Zënse musst zeréckbezuelen, dofir kënnt dir och 3, 4 Lycéeë bauen. Déi kënnt net baue wann dir d’Sue musst huele fir d’Zënsen zeréckzebezuelen. Dofir muss een dofir suergen, datt een d’Scholdenentwécklung ënnert Kontroll behält.
Frank Kuffer: 2014 - dat ass elo keng grouss Iwwerraschung méi gewiescht - hutt Dir gesot, ass, dat Zil gëtt net erreecht fir de Budget an den Équiliber ze kréien. Gesitt Dir dat och als perséinlech Néierlag vun där Koalitioun? Well et ass jo awer ëmmer gesot ginn, dat wier dat grousst Zil.
Jean-Claude Juncker: Dat gëtt awer scho laang net méi gesot.
Frank Kuffer: Jo, Dir hutt et awer haut nach eng Kéier widderholl.
Jean-Claude Juncker: Nodeem, ech hunn et jo haut musse widderhuelen, fir datt ee gesäit, wat fir eng Ajustementstrajectoire datt mir ustriewen.
Ech hunn d’lescht Joer schonn, am Laf vum leschte Joer gesot, et wier net méiglech net de Budget net ze équilibréieren, mä d’Gesamtstaatsfinanze fir 2014 net ze équilibréieren. Ech soen elo, dat ass 2016, 2017 spéitstens de Fall.
Firwat hu mir dat net fäerdeg bruecht fir 2014, fir Enn 2014? Ganz einfach well d’Wirtschaftswuesstem jo par rapport zu deem wat am Ufank vun der Legislaturperiod nach gemengt ginn ass, däitlech méi schwaach, well mir kréien dëst Joer zum Beispill, am Joer 2013, net ee Wirtschaftswuesstem, wéi mir dat nach am Dezember gemengt hu vun 1,7%, mä nëmme vun 1%.
Mir haten d’lescht Joer, am Joer 2012 just ee Wirtschaftswuesstem vun 0,3% géint 2% mat deem mir gerechent haten. An dat ass drop zeréckzeféieren, datt d’Eurozon, a wäit iwwer d’Eurozon eraus, aner europäesch Länner sech a Rezessioun befannen.
Mir sinn ofhängeg och vun der Wirtschaftsleeschtung vun eisen Noperen, vun deene Raim an déi mir eran exportéieren, a mat deene mir Handel a Wandel bedreiwen. A wann do d’Saache stieche bleiwen, dann huelen eis Problemer selbstverständlech och mat zou.
Frank Kuffer: Eng grouss Ukënnegung hutt Dir gemaach wat d’Staatsfinanze betrëfft, och fir den TVA-Verloscht auszegläichen op den elektronesche Servicer, dat ass eng Erhéijung vun der TVA vun 2015 un.
Hutt Dir do schonn eppes am Kapp awer, ëm wéivill datt déi soll klammen? Dir hutt gesot, et soll déi nidderegst bleiwen an der EU. Da bleift net vill Sputt. Mir si bei 15%, Zypern, Malta mengen ech, si bei 18%. Ech mengen dat sinn déi Nidderegst niewent eis.
Jean-Claude Juncker: Dat si keng Länner, Zypern a Malta, déi mat eis an direkter Konkurrenz stinn [gëtt ënnerbrach]
Frank Kuffer: Dir hutt awer gesot déi Nidderegst.
Jean-Claude Juncker: Virun allem muss een d’Nopeschlänner am Bléck hunn. Ausserdeem geschéien an Zypern an a Malta nach Ajustementsprozesser, esou datt déi TVA klëmmt.
Mä ech denken och net un eng TVA-Erhéijung fir d’Joer 2015, déi bis un d’Grenz géif goe vun där Distanz, déi eis vun deenen anere Länner trennt. Mir kënne jo net einfach vun haut op muer d’TVA em 5% héijen. Dat géif zevill en inflationäre Schock ginn, a wahrscheinlech och ee Konsumschock, deen ee sech net soll siche goen. Dat gëtt also eng TVA-Erhéijung déi däitlech drënner läit.
Frank Kuffer: U wat denkt Dir dann do, een, zwee Punkten?
Jean-Claude Juncker: Wann ech bis fäerdeg geduecht hunn, soen ech Iech dat.
Frank Kuffer: Ass dat eppes wat virun de Wahlen awer nach soll gestëmmt ginn, oder gëtt dat do elo e Wahlthema?
Jean-Claude Juncker: Ech mengen datt deen Ajustement, dee mir musse maache fir den Ewechfall vun der E-Commerce induzéierter TVA-Recette, dat ass eng Affär fir déi nächst Regierung, déi muss dat maachen.
Ech hunn elo just fonnt, et wier korrekt an anstänneg, wann een de Leit géif soen, datt eng TVA-Erhéijung am Joer 2015 kënnt. Et ass jo ëmmer gefrot gi wat maacht dir da fir dat Ewechfale vun der TVA vum elektroneschen Handel ze kompenséieren? An ech soen, dofir musse mir weider konsolidéieren, a mir mussen eng TVA-Erhéijung maachen.
Et wier net korrekt gewiescht d’Leit am Onkloeren ze loossen iwwer d’Absiichten déi dës Regierung huet. Ob dat déi nächst Regierung da mécht, ass eng aner Fro fir déi TVA-Erhéijung ze maachen zum Zweck vum Kompenséieren vun deem Ewechfale vun den elektronesche Commerce liéierten TVA-Gelder.
Frank Kuffer: Leeft een elo net d’Gefor, datt een elo an d’nächst Joer an de Wahlkampf geet, datt dat esou e Gefeilschs gëtt? Mat eis ginn et 16%, mat eis 17%.
Jean-Claude Juncker: Oh, ech géif mech un deem Exercice net wëlle bedeelegen. Ech hunn nach a gudder Erënnerung, respektiv a schlechter Erënnerung datt 2005 d’CDU an d’Wahle gezunn ass an Däitschland, a gesot huet, mir erhéijen d’TVA em 2%. D’SPD huet gesot, mir sinn dogéint datt d’TVA gehéicht gëtt. A wéi se fäerdeg waren, hu se se allen zwee zesummen em 3% gehéicht, esou datt an Däitschland 2+0 dat gëtt 3. Dat Spill wëlle mir hei zu Lëtzebuerg net maachen.
Frank Kuffer: Dat selwecht gëllt och fir d’Steierreform. Jiddweree schwätzt vun enger Steierreform. Dir hutt et haut och erëm ugeschwat, datt dat néideg wier. Och do, dat gëtt och e Wahlsujet. Firwat dat net direkt maachen, eng Steierreform, wa schonn esou laang dovunner geschwat gëtt?
Jean-Claude Juncker: Well ech hunn, esou laang gëtt nach net dovunner geschwat.
Ech hunn a mengem Liewen als Finanzminister e puer Steierreforme gemaach. Ech kann Iech soen, datt dat eng aussergewéinlech schwiereg Entrepris ass. Dofir brauch ee vill Zäit, et muss vill Gespréicher féieren. An dat kann een och net vun haut op muer maachen. Mä mir sinn amgaangen déi Donnéeën esou virzebereeden an opzebereeden, datt déi nächst Regierung relativ séier kann zu deem Thema sech eng Meenung bilden an Décisiounen huelen. Woubäi et evident ass, datt ee während dem Wahlkampf, do geet et jo em inhaltlech Sujeten, an net em d’Niewekrichsschaupläz, muss als Parteie soe kënnen a wat fir eng Richtung datt dat geet. Ech hunn éischt Richtungen haut ugedeit.
Frank Kuffer: Dir hutt eng Strukturreform am ëffentlechen Déngscht ugeschwat. Villes misst do regelrecht ëmgekrempelt ginn. D’Lounmass déi soll net weider wuessen, am Géigendeel. Dat heescht d’Lounmass geet erof, entweder d’Paien erof, oder Leit ofgebaut, oder net ersat?
Jean-Claude Juncker: Mir hu jo ee Gesetzesprojet an der Chamber leien, scho méi laang, iwwer déi Strukturreform am ëffentlechen Déngscht. A wann Dir deen genee liest, stellt Dir fest datt déi Reform mëttelfristeg als Konsequenz huet, datt d’Lounmass em 0,4% wäert falen. Mir hu jo an där Reform stoen, datt mir d’Ufanksgehälter beim Staat, soufern wéi d’Stagiaire betraff sinn, datt déi däitlech méi niddereg gi wéi se bis elo sinn. An deem Gesetzesprojet steet, datt automatesch Lounaugmentatiounen net méi d’Form vu jäerleche Lounaugmentatiounen, vun Annalen unhuelen, mä vu Biennalen all zwee Joer. Do kënnt et also zu enger Rei vun Ëmstellunge wat dat normaalt Uwuesse vun der Progressiounsmass vun der Masse salariale beim Staat ubelaangt. An ech hunn haut nach eng Kéier dofir plädéiert, datt déi Reform och soll gestëmmt ginn, well ech hale se fir wichteg, och an deenen net-finanziell- a budgetärrelevanten Aspekter.
Frank Kuffer: Mengt Dir dann nach ëmmer déi géif gestëmmt ginn?
Jean-Claude Juncker: Ech hätt dat gären, mä ech sinn net Chef vun der Chamber.
Frank Kuffer: Eppes wat dann nach fir grouss Opreegung gesuergt huet déi lescht Deeg, dat ass d’Ofschafe vun eisem Bankgeheimnis, quasi den automateschen Informatiounsaustausch. Dir sidd och quasi iwwerfall ginn elo wéi Dir erauskomm sidd vu belsche Journalisten, franséische Journalisten, däitsche Journalisten, wéi et dann elo géif viru goen.
Wann een de Luc Frieden déi lescht Deeg héieren huet, dann ännert näischt am Fong geholl un eiser Positioun, un deem wat schonn zënter Méint a Joere gesot gëtt. Dir hutt awer gesot haut, Dir hutt och gesot zwar et ännert näischt, an Dir hutt awer gesot, wa mir eis Positioun elo änneren, dann heescht dat, dat heescht, d’Positioun ännert?
Jean-Claude Juncker: Mir hunn an Europa eng konstant Linn gehat, an déi huet doranner bestanen, datt mir géifen um Quellesteiermodell festhalen, an net an den automateschen Informatiounsaustausch géifen antrieden.
Mir hunn deen automateschen Informatiounsaustausch ni ausgeschloss, mä mir sinn awer elo op der Finanzplaz gutt virbereet fir datt mir kënnen an deen automateschen Informatiounsaustausch iwwerwiesselen. Deen huet fir d’Leit déi hei am Land wunnen iwwerhaapt keng Auswierkungen. D’Bankgeheimnis fir d’Lëtzebuerger, a fir déi Leit déi hei am Land wunnen, bleift par rapport zur Steierverwaltung integral bestoen. D’Lëtzebuerger, oder d’Leit déi hei am Land wunnen, fuere virun d’Quellesteier op hiren Zënsrevenuen ze bezuelen.
Dat ass also eng Reform, ee Schrëtt, deen net d’Leit hei am Land betrëfft, mä deen d’Clientë vun de Banken aus dem Ausland, déi zu Lëtzebuerg hir Dépôten hunn, betrëfft.
Eis Finanzplaz huet iwwer déi lescht Joeren an alle Banke quasi, dofir gesuergt, datt se keng Dépôtë méi ugeholl hu vu Suen, vun deene se net genee gesot kritt hunn, datt se versteiert wieren. Et geschitt also och, wat déi auslännesch Clientë vun de Banken ubelaangt, näischt wat fir déi ganz iwwerraschend géif kommen.
A wat de Finanzminister iwwer Joere gesot huet, nämlech datt dat Bankgeheimnis sech an där Form wéi mir et hunn, net kënnt halen, dat gëtt elo duerch déi Décisiounen, déi d’Regierung d’lescht Woch geholl huet, an haut dann definitiv annoncéiert huet, just ënnerstrach. Ech hat iwweregens och [gëtt ënnerbrach]
Frank Kuffer: Dir hutt awer gesot, et kënnt zu Ännerung, datt mir elo eis Positioun änneren.
Jean-Claude Juncker: Majo, ech hunn Iech jo elo grad erkläert - Dir musst och nolauschtere wann ech mat Iech schwätzen, Här Kuffer [gëtt ënnerbrach]
Frank Kuffer: Iwwer Joeren ewech wier schonn driwwer [gëtt ënnerbrach]
Jean-Claude Juncker: Mir hunn iwwer Joeren dee Schrëtt hei virbereet, mä esou laang wéi mir net virbereet waren, hu mir eng Verhandlungspositioun an der Europäescher Unioun gehat fir deen automateschen Informatiounsaustausch net einfach esou ze maachen.
D’Éisterräicher zum Beispill, di sech jo och ganz schwéier fir dee Schrëtt ze maachen, well éisterräichesch Banke sech och op dee Schrëtt net virbereet hunn, wat d’lëtzebuergesch Banken awer gemaach hunn.
Frank Kuffer: De Staat zitt sech dëst Joer aus der BGL zeréck, hutt Dir gesot. Wat heescht dat elo?
Jean-Claude Juncker: Ech hunn [gëtt ënnerbrach]
Frank Kuffer: Wahrscheinlech, hutt Dir gesot, wann et sech rentéiert ënnert dem Stréch.
Jean-Claude Juncker: Ech hunn [gëtt ënnerbrach]
Frank Kuffer: Mä wéi gesäit dann d’momentan Situatioun aus?
Jean-Claude Juncker: Ech hu gesot, datt de lëtzebuerger Staat sech aus der BGL, déi de lëtzebuerger Staat jo gerett huet, zeréckzéie kann, fir esou och eis Staatsschold erëm op een Niveau vun 20,6% zeréckzeféieren, datt mir awer nëmmen eis Participatioun an der BGL kënne verkafen, wann dee Präis dee mir fir eis Aktie kréien, an dee Präis musse mir vu BNP-Paribas kréien, eis ugemiessen erschéngt. Doriwwer ginn an deene nächste Méint Gespréicher geféiert. An eréischt wa mir een Accord iwwer de Präis hunn, da gëtt dat gemaach.
Bis elo gesäit dat jo esou aus datt mir méi Dividende kritt hu wéi mir Zënsen op deem Emprunt musse bezuelen, dee mir 2008 - een Emprunt vun zwou Milliarden - opgeholl hunn. Insgesamt, ënnert dem Stréch a bis elo hu mir d’Bank gerett, hu mir d’Clienten net geschiedegt, a mir hu méi Suen - wann ech dat plomp kann esou ausdrécken - méi Suen erakritt wéi mir Suen ausginn hunn.
Frank Kuffer: 58 Milliounen Euro ënnert dem Stréch [gëtt ënnerbrach]
Jean-Claude Juncker: Ënnert dem Stréch jo.
Frank Kuffer: Mä kann ee genee soe wat déi Participatioun bei der BGL momentan wäert ass? Mir hunn dat e puermol probéiert nozefroen, mä dat ka wéi et schéngt kee soen, oder wéi?
Jean-Claude Juncker: Elo mengt Dir, elo géif ech Iech et soen, well Dir et nach net erausfonnt hutt [gëtt ënnerbrach]
Frank Kuffer: Jo zum Beispill.
Jean-Claude Juncker: Ech kann Iech soe firwat datt Dir et nach net erausfonnt hutt, well dat ass [gëtt ënnerbrach]
Frank Kuffer: Et misst ee jo interesséieren als Staat, et si jo och de Bierger hir Suen déi do investéiert gi sinn, da misst et ee jo och interesséiere wat dat momentan wäert ass.
Jean-Claude Juncker: Entschëllegt emol! Mir hunn een Emprunt public gemaach, d’Leit hunn eis zwou Milliarde geléint, a si hunn déi mat 3,75% verzënst kritt. Dat sinn net de Bierger hir Suen, déi mir einfach aus der Staatskeess geholl hätten. Esou ass dat deemools net gemaach ginn. De Wäert [gëtt ënnerbrach]
Frank Kuffer: Et ass awer de Bierger déi se bezuelt huet, pardon, wann en och Dividende kritt.
Jean-Claude Juncker: Neen, neen, et ass de Staat deen d’Zënse bezilt, an de Bierger huet d’Zënse kritt. Et ass fir deen e Geschäft gewiescht, a fir de Staat war et eng supplementar Aufgab, déi mir doduerch konnten erleedegen, datt mir méi Dividenden erakritt hu wéi mir Zënse bezuelt hunn. Mä onofhängeg dovun [gëtt ënnerbrach]
Frank Kuffer: De Staat ass de Bierger.
Jean-Claude Juncker: Dir gitt Iech net, ech gi mech och net. Mir kënnen esou virufueren. Mä mir hu bis elo méi Suen iwwer d’Dividende kritt wéi mir un Zënsen un d’Bierger zeréckbezuelt hunn, déi en Emprunt gemaach haten.
De Wäert vun eiser Participatioun un der BGL kann een net wëssen, well d’BGL ass net op der Bourse cotéiert. Mir hunn och 1% vun der BNP-Paribas zu Paräis, wann Dir esou wëllt. Do kenne mir de Wäert, well d’BNP-Paribas gëtt op der Bourse cotéiert, mä d’BGL gëtt net op der Bourse cotéiert.
Wa mir vun engem korrekte Präis schwätzen, ass dat ee Präis dee mir verhandele musse mat BNP-Paribas, et ass net ee Präis dee sech aus dem Börsewäert ergëtt, well d’BGL gëtt net op der Bourse cotéiert.
Frank Kuffer: Op eppes wollt ech awer nach agoen.
Dir hutt nach gesot, ech zitéieren, d’kommunal- a staatlech Kompetenzen hu Sträit mateneen. Ministeren, Ministèren a Verwaltunge wëlle bleiwe wat se sinn, an halen ouni Rücksiicht openeen an op dee wirtschaftleche Schued stuer un der Wouerecht fest, déi kee Widdersproch a kee Kompromëss verdréit. Wat heescht dat?
Jean-Claude Juncker: Dat heescht datt Verwaltungen, déi op engem an deem selwechten Dossier schaffen, heiansdo ganz ënnerschiddlech Appréciatiounen iwwer deen Dossier ginn.
D’Ëmweltverwaltung mécht déi Virschrëften, d’Gewerbeinspektioun mécht anerer, d’Waasserwirtschaftsamt mécht och erëm anerer. An heiansdo, wann een déi Dräi niewenteneen an iwwerenee leet, stellt ee fest datt kee Betrib all deenen Oplage ka gerecht ginn, well déi sech och ënnertenee widderspriechen.
An dofir féiere mir jo elo eng “Cellule de facilitation�? an, wéi mir dat nennen, wou Betriber déi gären eng Geneemegung hätten, an déi net viru kommen, sech kënnen hiwenne fir datt dann déi Zwëscheverwaltungsproblemer do gekläert ginn, fir datt se net brauchen op d’Geriicht ze renne fir dat ze maachen.
Ausserdeem sinn d’Ministere sech jo och net ëmmer eens ënnerteneen, an déi hunn d’Ouere jo och gespëtzt de Moie wéi ech gesot hunn, datt ech dat e bësse gelunge géif fannen.
Frank Kuffer: Kënnt et dann do vläicht zu enger Reform, datt och Ministèren anescht opgedeelt ginn? Wier dat néideg vläicht?
Jean-Claude Juncker: Neen, mä mir hu jo schonn e wichtege Schrëtt an dëser Legislaturperiod gemaach, doduerch datt mir an eng Hand d’Landesplanung geluegt hunn, den Transport an d’ëffentlech Bauten, an d’Ëmwelt, also déi Konfliktfelder eigentlech probéiert hunn duerch eng Recompositioun vun der ministerieller Kompetenz méi kleng ginn ze loossen. Mä dat alleng geet net duer.
Ech hu jo och erkläert, datt verschidde Kommissiounen, déi am Beräich vum Inneministère fonctionnéieren, besser musse mat de Gemengen zesummeschaffen, well et do och ëmmer zu Reiwereie kënnt. An ech hu virun allem gesot, datt wa mir gären d’Prozedure méi séier maachen, an d’Weeër méi kuerz maachen, datt mir do op kengem seng Hëllef ugewise sinn. Do kënnte mir eis selwer hëllefen. An dofir muss dat och gemaach ginn.
D’wirtschaftlech Situatioun ass esou datt ee wéinst Gerangel tëscht Verwaltungen, an tëscht Ministèren, an tëscht Verwaltungen an de Gemengen op kee Betrib, deen, soll e sech nei grënnen oder expandéieren, ka verzichten.
Frank Kuffer: A wéi duerch Zoufall si mir dann zum Schluss bei der Zesummenaarbecht an der Zesummesetzung vun der Regierung. Kënnt et, oder besser gesot, wéini kënnt et zu enger Ëmbildung vun der Regierung?
Jean-Claude Juncker: Majo, Här Kuffer, wann dat esou wäit ass [gëtt ënnerbrach]
Frank Kuffer: Da si mir déi éischt déi et gewuer ginn.
Jean-Claude Juncker: Da sidd dir bei deenen, déi et net als lescht gewuer ginn.
Frank Kuffer: Mä kënnt Dir awer confirméieren, datt eng Kandidatur vum Här Biltgen virläit?
Jean-Claude Juncker: Et läit eng Kandidatur vum Här Biltgen vir, et leien awer nach Kandidature vir. An ech muss mir dat elo ukucken - dat konnt ech bis elo net maachen - fir dann der Regierung kënnen eng Propositioun ze maachen. A wann déi gemaach ass, da ginn déi aner Geschäfter, falls se dann noutwenneg ginn, organiséiert.
Frank Kuffer: Kënnt Dir Iech da virstellen, datt den Här Biltgen net zeréckbehale géif? Et wier jo awer komesch wann e Minister sech géif fir e neie Posten interesséieren, an dann zeréck an de Ministère goen?
Jean-Claude Juncker: Neen, wann een en europäesche Riichter bestëmmt, da muss een de Profilufuerderunge fir den europäesche Riichter entspriechen. Dat mécht den Här Biltgen. Mä dat musse mir awer och, mir an hien, ganz däitlech kënne beleeën. An dofir muss een och déi aner Kandidaturen déi komm sinn, ganz sériéis huelen.
Frank Kuffer: Just dann nach eng Fro. Kéim et just zu där Regierungsëmbildung, oder hätt Dir méi eng gréisser och envisagéiert?
Jean-Claude Juncker: Ech hunn Iech gesot, datt Dir zu deene wäert gehéieren, déi et net am Leschte gewuer ginn.
Frank Kuffer: Da si mir gespaant do drop. Villmools Merci, Här Juncker, datt Dir Iech zur Verfügung gestallt hutt.
Jean-Claude Juncker: Merci villmools!