Discours de Luc Frieden à l'occasion du 80e anniversaire de la fin de la deuxième Guerre mondiale

Seul le discours prononcé fait foi

 

8. Mee 1945. Endlech. Endlech eriwwer.

De Krich ass eriwwer. De fierchterlechen, brutale Krich ass eriwwer. De Bilan ass schrecklech. D'Leed grouss.

De Krich huet keen onberéiert gelooss. Dausende Leit dout. Honnerte vermësst. Ganz Dierfer leien am Koup. Et feelt u villem. Iessen, Medikamenter, Infrastrukturen.

An awer, Erliichterung. Klacke lauden. Fändelen op de Balconen. Spontan Paraden duerch d'Stroossen. Mir hunn eis Fräiheet zeréck. Mir hunn eist Land zeréck!

5 Joer Tréine vun Trauer an Angscht maache Plaz fir Tréine vu Gléck an Erliichterung.

D'Duerchhalen. D'Resistéieren. D'Hoffen an de leschte 5 Joer war net ëmsoss. De Sacrifice vun all deenen, déi dem Krich zum Affer gefall sinn –alles dat, war net ëmsoss. Endlech. Endlech eriwwer. An d'Alliéiert hu gewonnen.

Haut gedenke mir allen Affer op dëser Zeremonie a mat Gerbë bei de Monumenter an der Stad. Mir fannen eis haut zesumme fir 3 Saache virun Aen ze halen: Dankbarkeet, Zesummenhalt an Hoffnung.

D'Dankbarkeet. Vill, ze vill, Leit, Lëtzebuerger an Zaldote vun eisen Alliéierten, hunn am Zweete Weltkrich hiert Liewe gelooss. Se hu gekämpft fir dass mir am Fridden an an der Fräiheet liewe kënnen. Ouni all si, wier eist Land haut e fundamental anert.

Wa mir haut fräi wiele kënne fir d'Politik vun eisem Land ze bestëmmen,

Wa mir haut eis Meenung fräi soe kënnen am Respekt vun eise Matmënschen,

Wa mir haut fräi decidéiere kënnen ob an u wat mir gleewen.

Alles dat, an nach méi, wier haut anescht ouni den 8. Mee 1945.

Ouni all d'Leit, déi sech fir e fräit Lëtzebuerg agesat hunn. Eis Natioun ass hinnen en éiwege Merci schëlleg. Mee de schéinsten Hommage dee mir hinne maache kënnen ass dës Wäerter liewen, se héichhalen an eis fir se asetzen. D'Demokratie, d'Fräiheet, de Respekt.

Dofir sinn ech frou, dass d'Schüler aus dem Lycée Ermesinde a jonk Museker aus dem Conservatoire haut un dëser Zeremoniee deelhuelen. Merci dass dir hei sidd.

Den Dag wou kee sech méi fir Fridden, Fräiheet, Demokratie, Gläichheet asetzt, ass den Dag wou déi Wäerter verschwannen. Et ass aus deem Grond, dass mir d'Commemoratioun haut an der Abtei Neimënster markéieren.

Den Nazi-Regimm huet hei net just Leit bestrooft. En huet Gedanke bestrooft. En huet net just 4000 Leit gefaange gehalen. E wollt Iddie gefaangen halen. An domat de Wëllen a Geescht vun enger ganzer Gesellschaft briechen.

Als zweet, den Zesummenhalt. Wat d'Leit duerch den Horror vum Zweete Weltkrich bruecht huet war – nieft hirer Iwwerzeegung an hire Wäerter – den Zesummenhalt géint den Nazi-Regimm.

E war wichteg fir de Resistenzler, deen heemlech Flugblieder verdeelt huet. E war wichteg fir de Verfollegten, dee sech virun den Nazie verstoppt huet. E war wichteg fir d'Prisonéier an dësem Gebai, déi vun hei hir Léifsten uewen op der Corniche gesinn hunn, an esou Stäerkt a Courage fonnt hunn.

An e war wichteg fir all déi, déi sech gemeinsam am Referendum géint de Versuch gewiert hunn, d'lëtzebuerger Identitéit ze ënnerdrécken. Et ass d'Stäerkt vum Zesummenhalt, vum Hëllefen deen een deem aner, déi d'Erënnerung un den Zweete Weltkrich eis weist.

Als drëtt, d'Hoffnung. Wann deen Dag haut eppes symboliséiert, dann ass et d'Hoffnung. An dat op direkt zwou Facetten. Den Dag haut weist, dass och deen donkelste Moment op en Enn geet. Um Ufank vum Krich huet d'Situatioun aussiichtslos geschéngt, d'Zil war wäit ewech, an d'Resultat ongewëss. Mee d'Hoffnung ass ni verschwonnen. Well d'Cause, d'Cause vun der Fräiheet an der Onofhängegkeet, déi war déi richteg. Esou bréngt d'Hoffnung een duerch déi schwéierst Momenter.

Mee den 8. Mee markéiert nach eng zweet Hoffnung. D'Hoffnung op eng besser Zukunft. Obwuel et u villem feelt a villes misst nei opgebaut ginn, waren d'Leit haut virun 80 Joer voller Hoffnung. Voller Anticipatioun an Optimismus fir den nächsten Dag. Déi Hoffnung gouf duerch kee méi verkierpert wéi duerch d'Grande-Duchesse Charlotte. Et sinn déi dräi Lektiounen aus der Memoire un den Zweete Weltkrich, déi mir eis all Dag virun Aen hale mussen.

Aus der Dankbarkeet entsteet d'Iwwerzeegung eis fir eis Wäerter anzesetzen. Aus dem Zesummenhalt, d'Manéier wéi mir dat erreeche kënnen. An aus der Hoffnung, d'Motivatioun fir dës Aufgab all Dag nei unzegoen.

Déi Lektioune gëllen net just fir Lëtzebuerg, mee och fir Europa. En Europa, dat och op Wäerter an Zesummenhalt baséiert. Et ass net ëmsoss, dass den europäesche Projet och säin Ursprong am Schluss vum Zweete Weltkrich fënnt.

Wat fir d'Leit gëllt, gëllt och fir d'Länner. Eleng kann ee munches packen. Mee zesumme packt een nach vill méi.

Lëtzebuerg hat och virum Zweete Weltkrich seng Succès. Mee eis Situatioun haut – 80 Joer Fridden, Fräiheet a Wuelstand – ass nëmme méiglech duerch Europa. Mir si stolz op eist Lëtzebuerg, dass mir och zesummen no 80 Joer nach ëmmer fir déi Wäerter astinn, heiheem an an Europa. Op e Land dat a Fridden, Fräiheet a Wuelstand lieft. E Land dat déif am europäesche Projet verwuerzelt ass. E Land dat international seng Responsabilitéiten dréit a sech fir Fridden, Demokratie an internationaalt Recht asetzt.

Aus Krich ass Fridde ginn. Aus Géigner, Partner. Aus Zerstéierung, Wuelstand.

Vive Lëtzebuerg. Vive Europa!

Membre du gouvernement

FRIEDEN Luc

Organisation

Ministère d'État

Date de l'événement

08.05.2025