Dernière modification le
"Réckbléck 2011/ Ausbléck 2012", Interview de fin d'année du Premier ministre Jean-Claude Juncker
Caroline Mart: E schéine gudden Owend fir Réckbléck an Ausbléck. E Réckbléck op 2011 an en Ausbléck op 2012, dat mam Staatsminister Jean-Claude Juncker. Schéine gudden Owend.
Jean-Claude Juncker: Gudden Owend.
Caroline Mart: Mir kucken also zréck op d’Joer 2011. En aussergewéinlecht Joer.
Här Juncker, d’lescht Joer hat Dir gesot, vill méi schlëmm kann et net ginn
Jean-Claude Juncker: Et ass awer méi schlëmm ginn.
Caroline Mart: U sech misst jo och haut en Dag sinn, deen e schéinen Dag fir Iech ass, als President vum Eurogrupp. En Dag fir Käerzen auszeblosen. Bon, et ass zwar elo e Birthday, mä en ass net happy. 10 Joer Euro ginn net gefeiert. Uganks war do nach eng aner Euphorie.
Luc Frieden (O-Toun, 1999): Den Euro bréngt méi Währungsstabilitéit a manner Risquen a Käschten.
Jean-Claude Juncker (O-Toun, 1999): Ech sinn net der Meenung, datt d’Währungsunioun einfach esou wäert séier kuerzfristeg zu engem Ofsenken vun de Massenaarbechtslosegkeetsniveauen an der Europäescher Unioun féieren. Sinn awer grad sou däitlech der Opfaassung, datt mëttelfristeg gesinn d’Aféierung vun der Währungsunioun an d’stabil Duerchféierung vun alle Méiglechkeeten déi eng gemeinsam Geldpolitik eis gi wäert, zu enger Accalmie op den europäeschen Aarbechtsmäert féieren.
Caroline Mart: Ech weess net, Dir wësst et selwer wahrscheinlech och net, wéi oft Dir gefrot gi sidd, ob den Euro iwwerlieft. Et ass Ären Job dat ze verdeedegen an ze soen, natierlech, mir gleewen un den Euro, mä am Moment si grouss Firmen amgaangen de Plan B ze preparéieren. Dat kléngt jo awer net gutt.
Jean-Claude Juncker: Ech schaffen net bei enger grousser Firma, mä ech si President vum Eurogrupp a Staatsminister heiheem.
An et ass net mäin Job fir den Euro ze verdeedegen. Dat och, mä et ass och meng Iwwerzeegung, datt deen Euro Bestand huet. An an den éischten 12 Joer, mir feiere jo net 10 Joer Euro, mir feieren 10 Joer Aféierung vun de Mënzen a vum Pabeiergeld, dat ass net onbedéngt e Fest wäert, huet deen Euro jo och seng Kraaft gewisen.
Mir hunn, wat Dir elo grad en Auszuch gewisen hutt, deen ech net gär gesinn, well do hat ech nach schéi schwaarz Hoer, dat ass elo net méi de Fall, an den éischten 10 Joer vum Euro si 16 Milliounen Aarbechtsplazen entstanen an Europa, méi wéi am selwechten Zäitraum an Amerika. An dat wat den Här Frieden gesot huet, de Währungsrisiko dee besteet jo net intern an der Währungszon, dofir ass den Euro ëmmer nach eng grouss Erfollegsgeschicht.
Caroline Mart: Eng Währung brauch Confiance. Wann een dann awer esou Nouvellë liest, an déi komme jo an der Tëschenzäit och a ganz ville seriösen Zeitungen, datt déi Hypothes haart ausgeschwat gëtt vun alle Säiten, ass dat net Gëft fir déi gemeinsam Währung?
Jean-Claude Juncker: Dat dierf een net allzevill Eescht huelen. Ech mengen, datt et virun allem am angelsächsesche Raum eng Rei vu Bestriewungen ëmmer ginn huet, an och elo verstäerkt gëtt, fir dem Euro an engem anere Sënn wéi deen Dir éischter gemengt hutt, d’Käerzen auszeblosen, ass jo net iwwerraschend. Mä den Euro huet Bestand, an ech hunn dat net ganz gär wann de Leit dauernd Angscht domat gemaach gëtt, den Euro géif verschwannen an de Frang géif erëm kommen, well d’Leit wëssen, datt dat katastrofal Folgen hätt wa mir erëm de belsche Frang erëm hätten.
Caroline Mart: An dee Saz, wann den Euro fält, da geet carrément d’EU d’Baach erof.
Jean-Claude Juncker: Dat ass e Saz vun der Madame Merkel, deen ech eigentlech net wiesentlech anescht gesinn, well den Euro ass u sech dee pousséiersten Deel vun der europäescher Integratioun, a wann dat géif zesumme briechen, dann erlahme selbstverständlech alleguer déi aner Zentrifugalkräften och.
Caroline Mart: Kommt mir kucken emol op Lëtzebuerg. Mat eisen europäeschen Nopere verglach geet et eis nach gutt. An trotzdem war 2011 dat Joer wou mir erëm do ukomm sinn, wou mir 2010 waren, an der Blockade. D’Blockad vun der Tripartite. Här Staatsminister, wat ass e Kriseninstrument wäert, wann et ausgerechent an der Kris net gräift?
Jean-Claude Juncker: Et dierf een dat net ze vill verdrësslech kucken. Déi jonk Mënsche vun haut wësse jo net méi, datt mir matzen an der Stolkris och keen Accord an der Tripartite fonnt hunn, an de Joeren 1982 an 1983. Wëssen net méi, datt mir deemools den Index moduléiert hunn ouni en Accord an der Tripartite ze hunn; wëssen net méi, datt e Generalstreik géint déi Décisioune vun der Regierung war. Also, esou nei ass dat net.
Caroline Mart: Dat heescht, et ass also elo net, datt de Modell sech iwwerlieft hätt, et ass och net, datt d’Personal net méi dat selwecht ass. Dir sot, dat gehéiert quasi zum Modell dozou, datt een en heiansdo aussetze muss?
Jean-Claude Juncker: Neen, ech hätt léiwer, dee Modell dee géif ëmmer gräifen. Mä wann d’Sproochlosegkeet tëscht de Sozialpartner esou ausgeprägt grouss ass wéi dat de Moment de Fall ass, da kann d’Regierung och net tëscht deenen 2 vermëttelen. An ausserdeem huet d’Regierung jo eegen Optiounen, eege Positiounen, eege Vuen déi si och muss duerchsetzen.
Caroline Mart: Dir hutt jo och Décisioune geholl, de Gewerkschafte gi se vill ze vill wäit, dem Patronat gi se net wäit genuch, bon, dat war viraus ze gesinn. An Dir hutt duerno de Wonsch geäussert, fir awer am Konsens weider féieren ze kënnen. Ass dat net awer, wann ee kuckt wéi d’Positioune sinn, quasi e wishful thinking, wéi d’Englänner soen, komplett illusoresch? A sidd Dir net gezwonge weider ze tranchéieren?
Jean-Claude Juncker: Éischtens ass eng Regierung do fir Décisiounen ze huelen. Ech hunn dat net als anormal ëmfonnt, datt de Staatsminister an d’Regierung notamment an der Indexfro, mä net nëmmen an där, soe wou de Kurs soll higoen. Ech halen dat net fir Wonschdenken, datt een de Sozialdialog zu Lëtzebuerg muss viru féieren.
Déi Tatsaach, datt d’Tripartite d’Bronchite huet, dierf net dozou féieren, datt de Sozialdialog dorunner erstéckt.
An zum moderne Regéiere gehéiert, datt ee Villes am Gespréich an a Verhandlunge mat Deeler vun der Gesellschaft erbäi féiert. Modern Demokratie ass keen autoritäre System.
Caroline Mart: De Knackpunkt ass ëmmer den Index. Dat ass einfach déi sensibelst Fro. Dir sot hei am Journal beim Frank Goetz, d’Gewerkschafte si géint de Modell vun engem gedeckelten Index, aus Grënn déi Dir nëmmen zum Deel kënnt novollzéien. Wéi eng kënnt Dir net novollzéien?
Jean-Claude Juncker: Ech kann net novollzéien, datt Gewerkschaften, ech hu se dës Kéier och nach eng Kéier mat där Fro befaasst gehat, net d’accord sinn an der Kris eng organiséiert Solidarleeschtung däergestallt erbäi ze féieren, datt et net ka sinn, datt bei enger Indextranche de Mindestlounbezéier 40€ de Mount bäikritt an déi aner Leit 350€, 370€, 400€, 500€, 600€ - dat passt net zesummen. Mir mussen zesumme réckelen an den Indexsystem, esou wéi en haut ass, deen dreift eis eigentlech ëmmer méi auserneen. D’Gewerkschafte wollten dat net, ech kann net mam Kapp duerch d’Mauer goen, ënner anerem well och d’Sozialistesch Partei dat net wëllt.
Caroline Mart: Jo, mä wann Dir awer esou fest iwwerzeegt sidd, datt et déi richteg Décisioun ass, an Dir hutt et jo schonn oft gesot, a bei där grousser Zoustëmmung déi Dir jo am Vollek genéisst, firwat kritt Dir et net duerchgesat? Ass de Koalitiounspartner esou staark?
Jean-Claude Juncker: De Koalitiounspartner dee gëtt et, an et ass jo eng normal Saach, datt wann eng Partei eng Positioun huet, datt se déi och probéiert an der Regierung duerchzesetzen.
D’Sozialistesch Partei, dat weess jiddwereen, si seet et jo och dauernd, war géint de gedeckelten Index, ech sinn dofir. An elo hu mir eng Indexmodulatioun fonnt mat där déi 2 Regierungsparteien d’accord sinn. Mä ech kann net mam Kapp duerch d’Mauer. Ech si fir de gedeckelten Index, net als definitive System, mä als temporäre System. Vill Leit sinn och där Meenung, mä d’Verhältnisser si esou wéi se sinn.
Caroline Mart: International huet sech d’Kris verschäerft 2011. An zu Lëtzebuerg gëtt nach ëmmer Sträit iwwer d’Aschätzung, wéi et dem Land dann elo geet. Wéi grave ass et? D’Zuelenexperte sinn net optimistesch.
Yves Mersch (O-Toun): Mir halen et nach eng hallef Dose Joeren aus. Et kann awer och schonn no 4 Joer knuppen. Et knuppt op alle Fall no den nächste Wahlen. Mä wat mir méi laang waarden, wat et méi wéi deet wa méi einschneidend Moossname musse geholl ginn.
Serge Allegrezza (O-Toun): D’Regierung kënnt elo net dolaanscht fir eng fundamental Diskussioun ze féieren iwwer seng Strategie a Saachen ëffentlech Finanzen. An et kann een dovun ausgoen, datt vum nächste Joer u wäert eng ganz seriös Diskussioun stattfannen iwwer nei Weeër, nei Moossname vu Konsolidéierung, spriech Reduktioun vun den ëffentlechen Dépensen, oder Augmentatioun vun eise Steieren. Also, laanscht esou eng Diskussioun komme mir jiddwerfalls net. Dat heescht, net änneren ass iwwerhaapt guer keng Optioun.
Caroline Mart: Komme mir net laanscht d’Diskussioun?
Jean-Claude Juncker: Mir hunn d’lescht Joer scho festgeluecht, datt mir an der Mëtt vum Joer 2012 d’Gesamtfinanzpolitik missten, am Liicht vun deem wat bis dohinner geschitt wier, iwwerpréiwen. Déi Iwwerpréifung ass elo vum Finanzminister och nach eng Kéier ugekënnegt ginn an déi gëtt gemaach.
Mir hunn elo eng Léisung fonnt, wann d’Chamber zoustëmmt, bei der Indexéierung. Dat wosst den Här Mersch nach net, wéi e seng kéng Sätz do gesot huet, dee schwätzt ëmmer vu Wahlen, well en nach ni huet musse mat a Wahle goen. Et ass méi liicht Politik ze erklären, wann ee sech net brauch de Wahlen ze stellen.
Mä déi 2 Hären, den Här Mersch an den Här Allegrezza hu Recht. Mir mussen eng Rei vu Saachen upassen. Dat ass eng Evidenz.
Caroline Mart: De Finanzminister, Dir hutt et och elo schonn ugeschwat, deen hat bei der Budgetspresentatioun en Ënnerscheed gemaach, do wou ee bewosst net spuert, well een eben Akzenter setze wëll, well et wichteg ass: Fuerschung, Ausbildung, Kannerbetreiung zum Beispill. An do wou d’Automatismen enorm vill Dépensë generéieren. Ze vill?
Jean-Claude Juncker: Ze vill, jo. Mir hunn dat a ville Beräicher vun der Haushaltspolitik, an do muss een Eenzelnes iwwerpréiwen. Dat gëtt net ganz einfach.
Caroline Mart: Iwwerpréiwen, dat kléngt esou schéin ëmschriwwen. Am Kloertext heescht dat jo, et muss gespuert ginn an et muss een engem eppes ewech huelen, oder eppes net ginn, wat e sech erhofft. Bei wiem setzt een un?
Jean-Claude Juncker: Mir musse spueren. Ech wëll nach eng Kéier d’Noutwennegkeet vum Spuere weisen. Mir hunn eng Milliard Euro Budgetsdefizit am richtege Budget vum Stat, obscho mir an de gesamtstaatlechen ëffentleche Finanze wahrscheinlech mat 0,5% bis 0,7% Defizit dëst Joer eraus komm. An op Dauer kënne mir eis et net erlaben, all Joer esou vill Suen ze léinen, well et si jo déi nächst Generatiounen déi déi musse bezuelen.
Et kann ee léine goe fir grouss Investitiounen ze tätegen, déi notzen och den nächste Generatiounen, mä den normale Betribsgang vum Stat, dee kann een net zum Deel iwwer Scholde finanzéieren. Also muss een do zu Aspuerunge kommen. An déi si mir amgaang virzebereeden.
Caroline Mart: Dat heescht, wou elo wëllt Dir net soen.
Jean-Claude Juncker: Mir sinn amgaang se virzebereeden.
Caroline Mart: Bleift da genuch Sputt fir Saache wéi Dir se zum Beispill am État de la Nation ugekënnegt hutt, wou Dir jo e bësselchen onerwaart, fir Munchereen, ugefaangen hutt mat de Kanner an de Jonken an Nout ze schwätzen. Wou Dir gesot hutt, datt eng 350 Plaze vun Psychologen, Éducateuren, Streetworker an esou weider noutwenneg wären, ouni awer e konkreten Zäitplang ze nennen. Gëtt dat ëmgesat?
Jean-Claude Juncker: Et ass amgaang ëmgesat ze ginn. Ech war och e bëssen iwwerrascht, datt eenzel Organisatiounen um Wëlle vun der Regierung zweiwelen, fir dat ze maachen a gesot hunn, dat wier alles waarm Loft gewiescht.
Mir hunn am Laf vum Joer Plaze bäigesat, zanter dem Mee, an deene Secteure wou Defizienze sinn. A mir hunn am Budget fir d’nächst Joer 79 Plaze supplementar, a méi wéi soss déi Joeren, virgesi fir déi Besoinen, déi et an der Gesellschaft gëtt an déi et geféierlech ass net ofzedecken, besser kënnen ze begleeden.
Caroline Mart: Wéi vill zousätzlech Spuerdrock kënnt duerch déi nei EU-Décisiounen, wa se dann ëmgesat ginn?
Jean-Claude Juncker: Wat fir mengt Dir?
Caroline Mart: Majo, méi eng Rigueur.
Jean-Claude Juncker: Oh, dat betrëfft eigentlech Lëtzebuerg an engem wiesentlech mannere Mooss wéi déi aner Länner. Sauf datt mir musse wëssen, datt de volle Respekt vum Stabilitéitspakt vu Lëtzebuerg verlaangt, datt mir e gesamtstaatlechen Haushaltsiwwerschoss vun 0,5% vum PIB am Joer 2014 mussen hunn. Dat verréckele mir no Gespréicher op 2015-2016.
Mir musse wëssen, datt, och wann eis Finanzsituatioun wiesentlech besser ass wéi déi vun deenen aneren, datt e Bléck an d’Zukunft, op 20, 30 Joer, wéinst den héije Contrainten déi de Pensiouns- a Rentesystem eis imposéiert, eis Situatioun riskéiert da ganz dramatesch sech ze verschlechteren. An dat gëtt, an engem Mooss wat zouhëllt, och vun deenen anere gemierkt. D’Kommissioun gesäit dat, déi aner Memberstate gesinn dat, a mir hunn eis do ganz oft zu Bréissel ze wieren.
Caroline Mart: Dir hutt gesot, d’Melodie vun der Zukunft, dat ass d’sozial Selektivitéit. Kann een déi iergendwéi bechifferen? Kann een iergendwéi soen, wéini ass een aarm zu Lëtzebuerg? Wéini ass een esou räich, oder geet et engem esou gutt, datt een net méi gehollef kréie muss?
Jean-Claude Juncker: Dat hu mir e puer Mol probéiert, an dat geet sou laang gutt wéi ee sech am theoreteschen Diskursraum ophält. Deen dee seet, et muss méi selektiv ginn, dee kritt applaudéiert, deen deen et mécht, dee gëtt kritiséiert.
Mir hunn dat jo d’lescht Joer probéiert gehat, an dunn hunn ech festgestallt, datt mir eis iwwerhaapt net driwwer eens ginn, vu wéini un een zu Lëtzebuerg net méi zu deene ganz Klengen an dënne gehéiert, a vu wéini un datt een en Normalen ass, a vu wéini un datt een en Décken ass. Den Här Hollande, dee gëtt jo gär President a Frankräich, deen huet virun 3 Woche festgestallt, een dee méi wéi 4.000 Euro de Mount verdéngt, dat wier e Räichen. Wann ech dat zu Lëtzebuerg soen, da ginn ech standrechtlech erschoss.
Caroline Mart: Mir ginn eis also net eens wie räich ass, mä wou de Räichtum hierkënnt zu Lëtzebuerg, dat wësse mir, et hänkt nach ëmmer vun der Finanzplaz of. Do ass och keng aner zolitt Mëllechkou an Aussiicht. A parallel dozou erliewe mir d’Desindustrialiséierung vum Land.
Aarbechter Arcelor (O-Téin): Op der [ondäitlech] do uewen, wou ech ëmmer geschafft hunn, do sëtzen ech virun enger doudeger Anlag.
Ech mengen, wann elo Schëffleng a Rodange soll zougemaach ginn, da gesäit et net ganz gutt aus.
Ech hunn dat absolut inakzeptabel fonnt, eng Feier ze organiséieren an da kuerz drop Wierker hei zouzemaache wéi wann näischt wier. A spéitstens do war fir mech kloer, datt ech meng Indépendance wëll hale fir dann och dat kënnen unzekloen.
Caroline Mart: Jo, an net nëmmen d’Tatsaach u sech huet schockéiert, och d’Form. Den designéierte Wirtschaftsminister geet op Distanz. Huet dat iergend en Androck op den Här Mittal?
Jean-Claude Juncker: Ech weess dat net. Ech hu bei där 100-Joer Feier eng Ried gehal. An an där Ried hunn ech gesot, ech hätt gär, datt d’Dirigente vun der Siderurgie vun haut bei hiren Zukunftsdécisioune géifen drun denken, datt d’Lëtzebuerger an der Vergaangenheet grouss Leeschtungen opbruecht hunn, fir datt eng Siderurgie zu Lëtzebuerg bleift. Deen Deel vum Discours, dee schéngt beim Här Mittal net richteg ukomm ze sinn.
Mä et muss ee probéieren, wann ee wëll mat engem am Gespréich bleiwen, och well een et muss, ze verstoen, firwat datt een eppes mécht. A mir stellen einfach fest, datt weltwäit d’Stolproduktioun ganz staark no ënnen tendéiert, datt d’Präisser sech verschlechtert hunn, an dat huet op alle Stolstanduerter vun der Welt Konsequenze produzéiert, a leider Gottes och zu Lëtzebuerg.
Caroline Mart: Mä kann d’Politik iwwerhaapt nach gestalten an enger globaliséierter Zäit, mam Argument vun der Kompetitivitéit? Ass se do net verdaamt, sech vun esou groussen Entreprisë quasi d’Conditiounen diktéieren ze loossen?
Jean-Claude Juncker: Majo, d’Regierung huet hei keng Conditiounen diktéiert kritt. Hei ass eng unternehmeresch Entscheedung vun ArcelorMittal geholl ginn. De Stat ass zwar e ganz klengen Aktionär. En huet och domat méi Afloss wéi wann en net do wier, mä et war nach ni esou, nach ni, datt an engem Betrib, wou de Stat net Aktionär ass, dee Betrib dat mécht wat d’Regierung gär hätt. Wa muer Bertelsmann décidéiert de Kierchbierg zou ze maachen, da kënne mir eis bei mir am Büro treffen a laang driwwer diskutéieren, mä ech hale se net op.
Caroline Mart: Hei gëtt gesot, wa mir eng Stroumleitung net kréien, da maache mir keen Industrieplang, da mécht dat kee Sënn.
Jean-Claude Juncker: Doduerch, datt se dat soe weise se, datt se net all Sensibilitéiten an der Gesellschaft begräifen. Doduerch, datt awer mordicus probéiert gëtt déi Stroumleitung ze verhënneren, déi mir dringend brauchen aus Energiezufuhrgrënn, an aus Energieofsécherungsgrënn, weise mir och, datt mir net all Contrainten an all Noutwennegkeete vun der Industriepolitik begraff hunn. Ech si fir déi Leitung.
Caroline Mart: Wéivill Zukunft huet d’Industriepolitik, a speziell d’Stolindustrie zu Lëtzebuerg?
Jean-Claude Juncker: Ech ka mir keng lëtzebuergesch Landschaft ouni Schmelze virstellen. Ech hänken un deem Secteur méi wéi un deenen aneren, aus autobiografesche Grënn, an ech ka mir och net virstellen, datt d’Siderurgie zu Lëtzebuerg géif verschwannen.
Allerdéngs stellen ech dee schläichenden Desindustrialiséierungsprozess fest. An dat huet wiesentlech mat der net-Kompetitivitéit vum lëtzebuergeschen Industriestanduert ze dinn, wann ech dee vergläiche mat opstriewenden Industriestanduerter an den asiateschen an anere Raim. A mir kënnen ni esou bëlleg produzéiere wéi d’Inder oder wéi d’Chineesen. An dofir ass et wichteg um internationale Plang déi Vereinbarunge mat deene Länner ze treffen déi ee brauch, fir datt mir net an den totale Sozialdumping ofrëtschen.
Caroline Mart: Da gi mir eriwwer bei e Secteur deen Iech vläicht net esou um Häerz läit, deen Iech awer ganz vill beschäftegt, de Finanzsecteur. A wa mir do vun der Kompetitivitéit schwätzen, um leschten EU-Sommet sidd Dir Iech zu 26 just eens ginn, d’Brite maachen bande à part, bon, d’Splendid Isolation huet eng laang Geschicht. Mä kéint déi eis net deier ze stoe kommen? Well de Premier Cameron huet jo ënner anerem dofir ofgeblockt, well en d’Intérête vun der City wëll verdeedegen. Riskéiert dat net eiser Finanzplaz Schued ze maachen, well si doduerch Konkurrenzvirdeeler kréien?
Jean-Claude Juncker: Doduerch kréie si keng Konkurrenzvirdeeler, well et bleift elo bei deene Regelen déi mir an Europa hunn, un déi England sech muss halen. Den Här Cameron huet d’City vu London verdeedegt, an huet vun eis verlaangt, déi misst extra Regele kréien. Ech hunn d’City of Luxembourg vereedegt, an ech war dogéint, datt London géif extra Regelunge kréien.
Caroline Mart: Et ass de Paradox, d’Ofhängegkeet vun de Banken ass net just zu Lëtzebuerg, mä si ass och EU-wäit. Esouwuel als Eurogrupp-Chef wéi och als lëtzebuerger Premier sidd Dir jo quasi verdaamt, prioritär dëst Joer de Banken ze hëllefen.
Jean-Claude Juncker: Ech hat nach ni den Androck, weder als Eurogruppen-Obermufti, nach als lëtzebuerger Premier prioritär de Banken ze hëllefen. Ech hëllefen deem Wirtschaftssystem an deem mir liewen, a wou mir d’Banke brauchen, fir datt de Circuit vum Kredit fonctionnéiert, fir datt Investitioune kënne gemaach ginn, fir datt d’Leit Scholde kënnen ophuele wa se wëllen en Haus bauen. Wann d’Banken zesumme falen, da geet dat alles net méi.
Caroline Mart: Also ass de System esou, datt am Moment prioritär huet missen do gehollef ginn?
Jean-Claude Juncker: Ech hëllefen de Cliente vun de Banken, ech hëllefen den Aktionären, ech hëllefen de Steierzueler. Wa mir, fir e Beispill ze huele wat jo guer keen theoretescht Beispill ass, wa mir d’Banque Générale einfach rëtsche gelooss hätten, dann hätt dat eis Steiere kascht, méi Steiere wéi dat wat elo d’Rettungsaktioun, wann s de se kanns esou nennen, eis kascht huet. Da wiere ganz vill Leit an extrem materiell Bedrängnis komm, da wieren esou vill Aarbechtsplaze verluer gaangen. Ech hunn dat net gemaach wéinst de schéinen Ae vun de Banquieren, mä wéinst de schéinen Ae vun de Lëtzebuerger.
Caroline Mart: Oh, ech menge schéin Aen, dorunner gleeft kee méi. D’Finanzwiesen ass als Monster bezeechent ginn.
Jean-Claude Juncker: Jo, mä et gëtt der awer vill.
Caroline Mart: Ech wollt just soen, ass dat Monster well am Grëff, well dat ass jo ganz oft geschwat ginn? Oder fir et emol e bësse méi fein auszedrécken, och eng Fuerderung, huet d’Politik erëm de Primat iwwer d’Finanzwiesen?
Jean-Claude Juncker: Jo, heiansdo kritt ee gesot, d’Politik mécht näischt fir déi Suprémacie vun der Finanzindustrie ze bremsen. An dann hunn ech ëmmer d’Tendenz d’Leit ze froen, si solle mir emol an 3 Sekonnen opzielen, wat fir Moossnamen datt alleng an Europa an deene leschte 16 Méint geholl gi si fir d’Debordementer vun der Finanzindustrie ze beschränken. An do ass ganz vill geschitt
D’Finanzmaartreguléierung ass gutt viru komm. Ech war ni fir Stranguléierung, well mir jo och eng Finanzplaz hunn, déi mir mussen observéieren. Dat geet mir alles net wäit genuch. Dat ass och net breet genuch, well net all G20 Länner, obscho se déck téinen, dat maache wat se misste maachen. Mä d’Finanzmäert sinn haut besser reguléiert.
Mä do bleift nach villes ze maachen, an et ass och nach villes ënnerwee.
Mä et ass net esou, datt d’Politik inaktiv bliwwe wier, an datt d’Finanzmäert einfach viru gefuer wiere wéi virdrun. Si fueren nach an ze vill engem grousse Mooss viru wéi virdrun. Mä si kënnen awer net méi alles maachen.
Caroline Mart: Jo, d’lescht Joer hutt Dir zu där selwechter Zäit gesot, datt Dir degoûtéiert sidd, datt déi Jonge sech net packen. Gemengt waren d’Spekulanten. Et ass jo awer och 2011 nach hefteg weider spekuléiert ginn.
Jean-Claude Juncker: Ech sinn och nach ëmmer degoûtéiert.
Caroline Mart: Tja, et gëtt déi schéi Fro am Franséischen: à qui profite le crime?
Jean-Claude Juncker: Ech hu schonn öfters gesot, wahrscheinlech och am Gespréich mat Iech, datt, wann ee gewënnt, da verléiert och een. An esou laang wéi spekuléiert gëtt, net all Spekulatioun ass ongesond, esou laang wéi ongesond spekuléiert gëtt, gëtt et och Affer vun der Spekulatioun.
An d’Spekulatioun wäert een ni ganz kënnen ausschléissen. Wéi iwwerhaapt d’investiv Tätegkeet vum Finanzsecteur jo net dierf verbuede ginn, mä dat muss eben no Regele passéieren déi de Mëssbrauch an den Unfug limitéieren.
Caroline Mart: D’Leit hu jo ganz vill moralesch Problemer mat deem Mëssbrauch, mat deem Unfug. Et ass esou e Saz dee wuel déi meeschte géifen ënnerschreiwe fir ze soen, wie Schold ass, dee muss och grued stoen. Et sinn och Wäerter déi ee probéiert de Kanner dann ze vermëttelen.
Bei der Bankekris fonctionnéiert en awer just bedéngt. Just ee praktescht Beispill: bei Griicheland ass eng Kéier gesot ginn, d’Banke musse sech mat bedeelegen. An duerno kréie mir erkläert, dat kënne mir awer elo net zur allgemenger Regel maachen, well wann een dat am Virfeld scho seet, da geet kee méi investéieren.
Dat ass sécher logesch, no der Logik wéi d’Finanzmäert fonctionnéieren. Mä ass et richteg? Verstitt Dir, datt d’Leit do einfach soen, do gëtt Risiko a Responsabilitéit esou entkoppelt, datt d’Leit sech net méi erëm fannen.
Jean-Claude Juncker: Also, dat ass eng Fro déi einfach kléngt an déi brauch eng hallef Stonn Explikatioun.
Ech hunn dat mat de Banke verhandelt zu Bréissel, déi 50%eg Bedeelegung un der Scholdebehiewung am Fall vu Griicheland. An dat och gehollef duerchsetzen. Dat war net evident.
Ech weess awer och aus ville Gespréicher mat Analysten, mat Finanzmaartacteuren, mat aneren, datt kee Mënsch bereet ass an Italien, a Spuenien oder soss doruechter ze investéieren, wann de Risiko besteet praktesch vu vir eran a prinzipiell, datt wann déi Regierung d’Scholdelaascht net an de Grëff kritt – déi misste jo fir de Risiko dee se agaange si bestrooft ginn – datt se dann net do an deene Länner investéiere wann se de Risiko lafen, datt se mussen hëllefe bezuelen
Déi Finanzinvestisseuren, dat si jo net meng beschte Frënn, déi jongléiere jo net mat hiren eegene Suen. Dat si jo d’Sue vun hire Clienten. Wann Är Bank eppes mécht, dat mécht se mat Äre Suen. A wa se verléiert, da sinn Är Sue fort, net hir. Dofir, et muss een och oppassen, wann een iwwer d’Banke schwätzt, vu wiem een do eigentlech schwätzt.
Ech hunn einfach festgestallt, datt esou laang wéi mir a priori an ex ante, also prinzipiell a vu vir era soen, Dir musst hëllefe bezuele wann dat Land seng Scholden net packt, dann investéiert an deene Länner kee méi.
An dofir esou nodrécklech wéi ech mech dofir agesat hunn, datt ee Privatgläubigerbeteiligung am Fall Griicheland soll maachen, esou nodrécklech sëtzen ech mech dofir an, fir net vu vireran ze soen, d’Banken, d’Finanzindustrie muss hëllefe bezuele wa Scholden net méi kënnen zréck bezuelt ginn. Ech schléissen net aus, datt dat awer ka geschéien, mä mir hunn elo décidéiert, datt dat net prinzipiell de Fall wäert sinn. An et ass och néierens op der Welt prinzipiell de Fall. An den Internationale Währungsfong, wann deen Ëmschëldungsoperatioune virhëllt, dee freet net fir d’éischt bei de Privatgläubiger.
D’Regierunge sinn zoustänneg fir d’Verschëldung déi se hire Länner zoumudden. D’Regierungen. D’Regierunge sinn an der Haft.
Caroline Mart: Et ass alles eng Fro vu Confiance, gëtt eis gesot, op de Marchéen. D’Rettungsschiermer sinn ëmmer méi grouss ginn. Also, et ass jo mat Milliarde jongléiert ginn, déi och wahrscheinlech kee sech méi iergendwéi visualiséiere kann. An dat ëmmer an der Hoffnung, datt d’Vertrauen erëm kënnt. Bon, dat Vertrauen, do gëtt gesot, et kënnt erëm. An et huet een esou d’Gefill gehat, wéi wann d’Halbwäertszäit vun dem Vertrauen ëmmer méi kuerz ginn ass. Dat heescht, am Ufank war et dann erëm e puer Woche roueg, herno ware mir erof op e puer Stonne Rou. Ass net awer iergendwou prinzipiell e Feeler am System?
Jean-Claude Juncker: Wahrscheinlech si Feeler am System. A Feeler am System sinn do ze lokaliséiere wou mir ze vill komplizéiert Regelungen treffen. Déi Zommen déi zur Verfügung gestallt ginn, déi sinn a bleiwen impressionant. Déi sinn do als Brandschutzmauer géint Ustiechungsgeforen, déi sech vu Griicheland an aner Länner era kéinte friessen.
Mä d’Regelungen am Detail sinn extrem komplizéiert, a wann d’Finanzmäert den Detail entdecken, e puer Stonnen oder e puer Deeg no engem Sommet, da fänke se un ze zweiwelen, well den Detail jo ni vun den Herrschaften déi do alles solle bestëmmen, erkläert gëtt. Esou laang wéi mir iwwerall Eestëmmegkeetsregelen hunn, kënne mir jo net, wann et ëm den Deploiement vu Rettungsschiermer geet, reaktiv an zäitschnell genuch sinn. D’Finanzmäert sinn ëmmer méi séier wéi d’Demokratie. Dorunner schaffe mir.
Caroline Mart: Et ass gesot ginn, et ass eng Scholdekris, et ass keng Bankekris, et ass eng Vertrauenskris. Wéi wäit ass dat Ganzt och einfach eng Kris wou ee seet, datt et och eng moralesch Kris ass, datt et eng Verdeelungskris ass? Dat ass e Wuert wat klassesch éischter am lénke Sproochgebrauch ass, an, wann een esou e bësselchen dëst Joer gekuckt huet, vu ganz ville konservative Politiker oder konservative Kommentateuren geholl ginn ass.
Jean-Claude Juncker: Jo, dat schéngt mir richteg ze sinn, datt ee muss feststellen, datt dat agetrueden ass wat ech d’lescht Joer hei oder bei anere Geleeënheete gesot hunn, datt aus der Finanz- a Wirtschaftskris eng sozial Kris entsteet – de Chômage geet an d’Luucht. An aus der Kombinatioun vun deenen 3, an aus dem Vertrauensverloscht bei de Leit, net bei de Finanzmäert – mä ech hätt gär d’Vertraue vun de Leit erëm, net d’Vertraue vun de Finanzmäert – entsteet eng systematesch a systemesch Kris. A wéi d’Leit fannen, a si fannen dat zu Recht, datt eis Fassong fir ze wirtschaften net méi alle Geboter vun der Gerechtegkeet entsprécht.
Caroline Mart: D’Schéier tëscht aarm a räich gëtt ëmmer méi grouss.
Jean-Claude Juncker: Jo, dat ass ee Phänomen dee Suerge muss maachen. Deen anere Phänomen ass, datt d’Leit d’Gefill hunn, si misste fir d’Kris bezuelen. Dat ass net an alle Fäll esou, mä dat ass awer eng Impressioun déi do ass. An anerer fuere viru wéi wann näischt geschitt wier.
Et ass schwéier ze erklären, datt een och an der Sozialpolitik muss méi kleng Schrëtt goen, während, zum Beispill wann et drëm geet fir Bonussen ze verdeelen, fir Profitter ze verdeelen, esou gemaach gëtt wéi wa keng Kris wier. Dat ass, vu lénks wéi rechts, eng moralesch Kris. Et ass eng moralesch Kris an de Käpp vun deenen déi net bekäppen, datt d’Leit gär an engem System liewen dee méi gerecht ass. An eise System ass net gerecht genuch.
Caroline Mart: Net just fir d’Banken an d’Wirtschaft war 2011 d’Stéchwuert Vertrauenskris, och d’Confiance an d’Politik ass enorm ugeschloen, an e puer Leit hunn do ferm Schëppe bäigeluecht.
O-Téin Dominique Strauss-Kahn, Silvio Berlusconi, Karl-Theodor zu Guttenberg, Jean-Louis Schiltz, Jeannot Krecké.
Caroline Mart: Här Staatsminister, dreemt Dir ni vun engem anere Liewen?
Jean-Claude Juncker: Dach.
Caroline Mart: Dir wëllt eis net soe wéi eent
Jean-Claude Juncker: Ech hunn eng Aarbecht, ech hunn, woufir ech dankbar sinn, d’Vertraue vu ville Leit hei am Land, an de Moment sinn d’Zäite schwiereg. An, wann ech dat emol e bësse pathetesch ka soen, ech denken ëmmer och u mech, mä ech dierf net nëmmen u mech denken. Et huet een elo eng Aufgab ze erfëllen an déi muss een erfëllen.
Caroline Mart: Kënnt Dir Iech iwwerhaapt een aneren Job virstellen? Eppes aneres wéi Politik hutt Dir jo nach ni gemaach?
Jean-Claude Juncker: An deem siichtbaren Deel vu mengem Liewe maachen ech Politik. An deene méi verdeckten Deeler vu mengem Liewen maachen ech ganz aner Saachen.
Mä ech hunn ëmmer mam Gefill gelieft, datt ech mir misst kënne virstellen, direkt eppes anescht ze maachen. Wéi ech Staatssekretär gi sinn am Dezember 1982, sinn ech Moies bei den Här Werner op de Büro geruff ginn. Dunn huet den Här Werner mir eppes gesot wat ech deenen neie Ministeren och eigentlech gär géif soen, mä den Här Werner war därmoosse vill méi al wéi ech, ech hat deemools nëmmen 28 Joer. En huet gesot: "Bild Dir guer näischt drop an, datt s de an der Regierung bass. An all Moie wann s de de Baart méchs, musst de drun denken, datt wann s de muer de Moien an de Spigel kucks, datt s de vläicht net méi Minister bass, well du muss e fräie Mënsch bleiwen. Du muss all Moment kënnen ophalen." Esou liewen ech.
Caroline Mart: Vill Politiker wiesselen an d’Wirtschaft. Ass dat legitim? Wann een och kuckt wat d’Gehaltsënnerscheeder zum Beispill sinn ass et jo nozevollzéien, datt een och emol eng Kéier e bësselche méi verdénge wëll. Oder soll een do iergendwou awer kloer Grenzen zéien? Brauch et eng Aart Code de déontologie?
Jean-Claude Juncker: Richteg ass, datt an der Wirtschaft vill méi Geld verdéngt gëtt wéi an der Politik. Wann ee Politik mécht, gëtt een net räich. Mä ech bekloe mech net. Ech hu genuch. Wann ech an d’Wirtschaft ginn, dann hunn ech 20 Mol méi. Dat ass awer keng Ursaach fir ze wiesselen, well Geld ass jo net alles am Liewen. An ech si léiwer Staatsminister, a wann d’Wirtschaftsbossen aus Europa bei mech kommen, dann ass dat mir vill wäert, mat menger relativ klenger Pai mat hirer verglach, wann ech deene kann Nee soen. Doranner läit eng gewësse Satisfactioun. Mä e Code de déontologie [gëtt ënnerbrach]
Caroline Mart: Iech gleeft een dat, mä déi aner?
Jean-Claude Juncker: Also, ech sinn ëmmer der Meenung, Deontologie brauch kee Code. Wichteg ass, datt jiddwereen Deontologie huet. Mä wann ee muss textlech nohëllefen, do wou d’Iwwerzeegungen net duerginn, da muss een dat maachen. A fir mech ass evident, wann een aus der Politik erausgeet, datt een dann net direkt kann an engem Wirtschaftssecteur schaffen, mat deem ee virdrun als Minister ze dinn hat. Mä do gëtt et elementar Regelen déi jiddweree muss spieren, datt e se ze respektéieren huet.
Caroline Mart: An d’moralesch Kris, wa mir den éischten Deel vun dem Extrait elo gesinn hunn? Eenzel Hären jo net grad dozou bäidroen, datt een d’Politiker nach wäertschätzt.
Jean-Claude Juncker: Jo, do hutt Dir awer e puer Saache matenee vermëscht, fannen ech. Also den Här Krecké, den Här Schiltz [gëtt ënnerbrach]
Caroline Mart: Neen, neen, mir haten [gëtt ënnerbrach]
Jean-Claude Juncker: Déi hunn opgehalen.
Caroline Mart: Dat ass och ganz däitlech, do stoung "gegaange ginn" an duerno "si fräiwëlleg gaangen".
Jean-Claude Juncker: Majo fräiwëlleg [gëtt ënnerbrach]
Caroline Mart: Neen, neen, et ass absolut näischt vermëscht ginn. Et ass déi eng déi sech selwer diskreditéieren, an déi aner soen, mir wëllen net méi an der Politik bleiwen.
Jean-Claude Juncker: Gutt, wann et Iech esou gemengt war [gëtt ënnerbrach]
Caroline Mart: Et war esou gemengt.
Jean-Claude Juncker: Dann zéien ech meng Remarque zréck, mä awer net ganz, well wann ech dat esou verstanen hunn, hunn aner dat wahrscheinlech, déi et gesinn hunn, och esou verstanen.
Caroline Mart: Dann hutt Dir dat jo elo kloer gemaach. Da komme mir op déi déi gegaange goufen.
Jean-Claude Juncker: An der Politik, wann een e Feeler mécht, e gravéierende Feeler, da muss een och zrécktrieden.
An do gëtt et gravéierend Feeler an der Saach, wann ee sech fundamental bei enger Décisioun geiert huet, da muss een och bereet sinn, Konsequenzen doraus ze zéien. An et gëtt fundamental Feeler am Ëmgang mat sech selwer an am Bewäerte vun deem Ëmgang deen ee mat bestëmmte Kreeser vun der Wirtschaft dierf hunn. An do muss jiddwereen déi Conclusiounen oder Konsequenzen zéien, déi sech opdrängen.
Caroline Mart: D’Bild vum Politiker, et ass natierlech einfach fir ze soen, firwat maachen déi näischt, wann ee selwer net an der Verantwortung ass, dat ass mir kloer, mä d’Bild ass dat gewiescht, 2011, vu Mënschen déi méi gedriwwe waren, wéi datt se elo eege Visiounen haten. Ass dat zwangsleefeg, wann esou vill Krisen op eng Kéier kommen? Et ass jo wierklech cumuléiert. Oder war do och en Deel vum Krisemanagement einfach schlecht?
Jean-Claude Juncker: Et war een Deel vum Krisemanagement, virun allem an Europa, deelweis schlecht. Mir hunn zwar séier décidéiert, mä mir hunn awer vill ze vill lues décidéiert. A villes wat mir elo am Dezember décidéiert hunn, hätte mir och scho kënnen am Juli décidéieren. Do louchen déi Propositiounen alleguer zum Beispill um Dësch vum Eurogrupp, mä dunn ass sech nach net an eenzelnen, méi grousse Länner mat deem richtegen Tempo an déi richteg Richtung beweegt ginn.
Dobäi kënnt, datt een natierlech, ech muss dat éierlech soen, an engem Joer wéi deem wat elo eriwwer ass och vill Momenter vun Zécken a vun Ängschtlechkeet huet, well een net richteg weess, well een net alles versteet wat geschitt, wat een elo soll maachen, an ob dat wat ee sech denkt och richteg ass. Heiansdo mengen ech, et wier méi einfach driwwer ze schreiwe wéi et ze maachen.
Caroline Mart: Bei en anert Thema wat 2011 heiheem fir aussergewéinlech hefteg Diskussiounen a vehement Protester gesuergt huet, d’Schoulreform.
O-Téin Schüler/Enseignanten: Wann d’Reform bis agefouert gëtt, dann hu mir guer keng Zukunft méi.
Ech hunn irgendwéi Angscht, datt mäin Diplom de Wäert verléiert.
Elo kréie mir Kanner déi net méi iwwerleeën, well déi sollen da minimal Kompetenze kréien, net méi vill wëssen. Dat heescht, mir kréie Kanner déi net méi kritesch sinn, déi net méi iwwerleeë kënnen, a mat deene kann een herno maache wat ee wëll.
Mady Delvaux (O-Toun): En Dialog besteet jo doranner, éischtens, datt ech lauschteren, an ech denken ech lauschteren, ech froen awer och, datt ech gelauschtert ginn.
Caroline Mart: Et huet een den Androck, datt et éischter en Dialog des sourds ass, woubäi deen zimlech haart ausgedroe gëtt.
Jean-Claude Juncker: Ech war jo a mengem Liewen gär a laang, 17 Joer laang, Aarbechtsminister an 20 Joer Finanzminister, hat vill Verhandlunge mat ville Gruppen an der Gesellschaft ze féieren, mä dat wat ech, onofhängeg vun der Substanz a vu Kontroversen, awer hei extrem stéierend emfannen, ass déi Aart a Weis wéi eenzel Enseignantsgewerkschaften, oder eenzel Vertrieder vun deenen Enseignantsgewerkschaften, dat wat si fir Dialog hale frech an onmanéierlech féieren. Dat maachen aner Gruppen an der Gesellschaft net.
Caroline Mart: Wéi staark steet d’Regierung dann en bloc, an d’CSV an hire Staatsminister, hannert der Ministesch an dësem Dossier?
Jean-Claude Juncker: Mir sinn der Meenung, datt mir déi Bildungsreform brauchen. Mir brauche se dréngend, aus deene Grënn déi mir kennen, well mir net genuch qualifizéiert Schoulofgänger hunn, well vill Kanner ënnerwee verluer ginn.
Wourëms sech dann de Stat bekëmmere soll, an net méi Anerer, déi dat eventuell hätten, zesumme mat nach Anere verhënneren kënnen.
Ech halen déi Reform an deene groussen Zich, esou wéi d’Madame Delvaux se virgeluecht huet, fir zilféierend a fir gutt, an déi Reform déi gëtt och gemaach. Quit datt mir elo mussen am Gespréich, d’Madame Delvaux mat deene verschiddene Partner vun der Schoul, Méiglechkeeten ausloten, wéi ee sech op verschiddenen Haaptpunkten an Detailpunkte ka besser verstoen.
Mä kee soll mengen, datt déi Reform géif zréckgezu ginn. Kee soll dat mengen.
Caroline Mart: Dat heescht, wann d’Zäit vum Dialog eriwwer ass, da gëtt net zréckgezunn mä duerchgezunn.
Jean-Claude Juncker: Mir diskutéiere jo elo, d’Regierung a virun allem d’Madame Delvaux – déi huet de Projet de 5. Dezember bekannt gemaach – bis méi spéit an d’nächst Joer eran iwwer all déi Aspekter.
Caroline Mart: Mäerz-Abrëll.
Jean-Claude Juncker: An da ginn definitiv Conclusioune gezunn.
Ech ginn dovun aus, datt d’Madame Delvaux eenzel Punkten ännert, mä ech hätt gär, datt manéierlech mateneen ëmgaange gëtt.
Caroline Mart: Dir waart dach deen, deen eng Kéier eng aner Sträitkultur am Land gefuerdert hat, wa mir da scho beim Enseignement sinn. Wéi vill Punkte gitt Dir der lëtzebuerger Sträitkultur? Bis 60?
Jean-Claude Juncker: Ech sinn net onbedéngt en Unhänger vum Punktesystem. An ech fannen nach ëmmer, datt mir net genuch Sträitkultur hunn, mä Sträitkultur dierf een net mat Brëllkultur verwiesselen.
Caroline Mart: Wourëm geet et dann iwwerhaapt? Dir sot elo, Brëllkultur. Et si jo enorm Emotiounen déi do héich kachen. Wéi erkläert Dir Iech dee massive Widderstand. Geet et do nëmmen ëm d’Wuel vun de Kanner?
Jean-Claude Juncker: Déi Reform gëtt gemaach wéinst de Kanner an deenen zukënftegen Erwuessenen. Déi jo an eng Zäit era ginn, déi net méi esou einfach ass wéi déi Zäit an där mir grouss gi sinn. Well eis Eltere konnten eis ëmmer verspriechen, a si hu jo och vill an déi Richtung geschafft, datt et eis géif besser goen. Dat kann een einfach esou senge Kanner net méi verspriechen.
Eis Gesellschaft huet sech fundamental geännert. Eis Soziologie huet sech fundamental geännert. Mir mussen dorop reagéieren, och an der Bildungspolitik.
An dat passéiert an enger Zäit, déi Bildungsreform, déi souwisou eng onsécher Zäit ass. Dat gëtt ville Leit vill Froen op, dat verstinn ech jo och. Ech si jo net rosen driwwer, wann een d’Reform kontestéiert. Ech reege mech op iwwer d’Aart a Weis wéi se kontestéiert gëtt, an ech hoffen, datt mir do emol erëm an en normaalt Gespréich matenee kommen.
Caroline Mart: Ass ee Problem net och d’Vermëschung vun 2 Reformen. Dat heescht, d’Vermëschung och vun der Reform vun der CGFP?
Jean-Claude Juncker: Et ass keng Reform vun der CGFP déi mir maachen. Do géif mir zwar och Munches afalen zu der Reform vun der CGFP, mä mir probéieren eng Reform vun der ëffentlecher Fonctioun.
Caroline Mart: Mäi Lapsus.
Jean-Claude Juncker: A richteg ass et, do kommen 2 grouss breet Reformen zäitgläich mateneen op den Dësch.
Mä d’Regierung huet do kee Choix. Mir brauchen eng Strukturreform an der Fonction publique a fir d’Fonction publique, a mir brauchen eng Strukturreform an der Schoul a fir d’Schoul a fir d’Kanner, déi zukënfteg Erwuessener. Dat ass relativ vill beieneen, an et betrëfft zum Deel déi selwecht Leit.
An trotzdem sinn aner politesch Parteien déi der Regierung virwäerfen, si hätt kee Courage fir Strukturreformen ze ënnerhuelen, si géif net hardi petit genuch virgoen, a wa mir et da maachen, dann ass et ze vill.
Caroline Mart: Mä, Dir sot, a béide Fäll, et gëtt gemaach?
Jean-Claude Juncker: Jo.
Caroline Mart: 2011 ass nun emol d’Joer vun de Blockade gewiescht. Deen net-Dialog, dee féiert also Ärer Meenung net zu deem wat se déi Säit der Musel de Reformstau nennen?
Jean-Claude Juncker: Jo, ech géif gär méi Reforme maachen, nach méi Reforme maachen. Ech weess awer och, datt een de Leit net ze vill matenee kann zoumudden. An ech weess och, datt Reforme laang Virbereedungszäit brauchen, laang Gespréicher. An ech stellen och fest, datt d’Ministeren déi déi Reforme maachen onendlech laang Gespréicher féieren.
D’Madame Delvaux, d’Madame Modert, den Här Biltgen, déi sëtze stonnen- an deeglaang mat deene verschidden Acteuren zesummen. Ech fanne se emol net wann ech se brauch, well se an deene Gespréicher sëtzen. An da liesen ech deen aneren Dag an der Zeitung, et wier keen Dialog.
Dialog, wësst Dir, vill Leit zu Lëtzebuerg mengen, Dialog géif doranner bestoen, datt si eppes soen an d’Regierung gëtt hinne Recht. Dat ass keen Dialog.
Caroline Mart: 2011 war net just e fuerchtbart Joer, et war zum Beispill fir d’kathoulesch Kierch eent mat engem ganz grousse Changement, e grousst Evenement. Si krut en neien Äerzbëschof. Hei ass eng vu senge Prioritéiten.
Jean-Claude Hollerich (O-Toun): De Problem vun de Flüchtlingen, vun de Réfugiés. Do muss d’Kierch matschaffen a wëll d’Kierch matschaffen.
O-Téin: Mir hunn näischt géint déi Leit, mä et ass e Problem, datt et bei der Schoul ass.
Datt se net iergendwann eng Kéier duerchdréinen, soe mir esou, eise Kanner eppes undoen.
Caroline Mart: Déi massiv Demande – et waren der jo méi wéi duebel esou vill wéi d’lescht Joer – vu Flüchtlingen, si war net extra gutt geréiert, an et huet een d’Gefill och, si sinn absolut net wëllkomm. Chrëschtlech Nächsteléift ass dat jo net.
Jean-Claude Juncker: Ech weess net, ob dat esou ass, datt déi Leit déi aus der Friemd kommen net wëllkomm sinn, an deem Sënn, datt mir hiert Kommen op Lëtzebuerg géife radikal ofleenen.
Et muss ee bei den Asylante jo den Ënnerscheed maachen tëscht deenen déi wierklech verfollegt sinn, an deenen déi aus anere Grënn op Lëtzebuerg kommen. An déi 2 Gruppe sinn ënnerschiddlech ze betruechten, mä si sinn awer, esou laang wéi se hei sinn d’selwecht ze behandelen.
An ech hätt gär, datt Leit déi vu wäit hir bei eis komme fir hei Asyl ze froen, déi Zäit wou se hei sinn, a si sollen net ze laang hei si wa se keen Asyl verdéngt hunn, anstänneg behandelt ginn.
Ech wiere mech mat aller Kraaft, obschonn ech weess, datt et latent Friemefeindlechkeet hei zu Lëtzebuerg och gëtt, manner ausgeprägt wéi an anere Länner, ech wiere mech mat aller Gewalt dogéint, datt déi Leit ausgegrenzt ginn, datt se kriminaliséiert ginn, dat geet net.
Caroline Mart: Krisenzäite sinn ëmmer e bësse geféierlech Zäiten, well d’Ängschte méi grouss ginn. Et spiert een, datt d’soziaalt Klima am Land ännert. Eng nei Étude vum CEFIS huet och elo nach eng Kéier gewisen, datt mir u sech méi nieftenee liewe wéi matenee liewen, datt d’Bild vun de Frontalieren och net ëmmer dat Bescht ass. Maacht Dir Iech Suergen iwwer déi sozial Kohesioun hei am Land?
Jean-Claude Juncker: Jo, ech maache mir doriwwer Suergen, well sozial Kohesioun ass net eng Affär vu Geld a vun Transfert, mä ass eng Saach vun Astellung a vun den Akzeptéiere vun de Konsequenzen, déi sech aus enger Astellung erginn.
Dofir hunn ech leschtens beim État de la Nation jo och insistéiert op déi ongeléiste Basisproblemer déi mir hunn, well déi kohäsiounzersetzend sinn.
An dofir muss ee sech mam Thema Integratioun ëmmer erëm nei beschäftegen. Ech wëll soen, datt Integratioun muss sinn. D’Auslänner mussen och bereet sinn Integratiounsschrëtt ze goen. Mä Integratioun heescht net Assimiliatioun. En Auslänner deen op Lëtzebuerg kënnt soll sech integréieren, mä e muss net esou gi wéi mir.
Caroline Mart: Wéi kann een als Regierung dann am Fong do proaktiv ginn, fir dat Wuert ze huelen? Wéi kann een deem entgéintsteieren, esou enger Stëmmung?
Jean-Claude Juncker: Doduerch, datt een net ufänkt eng Politik ze maachen, déi op déi auslänneronfrëndlech oder auslännerfeindlech Attitude, duerch déi Moossnam déi d’Politik géif huelen, ageet.
Caroline Mart: Iwwerall an Europa kommen Angschtreflexer op [ondäitlech]. An och hei zu Lëtzebuerg klëmmt d’Angscht vum Friemen, mécht sech d’Gefill breet net méi Här am eegenen Haus ze sinn.
Kënnt Dir déi Leit verstoen, elo gëtt Lëtzebuerg bradéiert, ausverkaf?
Jean-Claude Juncker: Nee.
Caroline Mart: Wier déi Angscht déi selwecht wann d’Keefer vu méi no kéimen, oder vläicht déi aner Säit vum Pull, aus Amerika?
Jean-Claude Juncker: Da wier se net déi selwecht, an et ass dat wat mech un där neier Ängschtlechkeet do stéiert.
Mir hunn zu Lëtzebuerg ni grousst Kapital gehat. D’Arbed, och wa mir dat gemengt hunn, war jo ni lëtzebuergesch, hat ëmmer franséischt, belscht Kapital.
Hei, RTL, mat Ausnam vun e puer minoritären Aktionären, ass däitscht Kapital.
Maache mir elo en Ënnerscheed tëscht däitschem Kapital, wat Aarbechtsplazen zu Lëtzebuerg schaaft, wéi hei, franséischem Kapital, wat op der Finanzplaz Aarbechtsplaze schaaft, an dann op eemol Kapital aus enger Géigend vun der Welt, déi mir net esou gutt kennen? Ech hunn dat net gär.
Mir liewen an enger globaliséierter Welt. Mir verkafen an d’ganz Welt. A wann da Mënschen aus deem Deel vun der Welt, dee mir net esou gutt kennen, op Lëtzebuerg kommen, well mir hei zu Lëtzebuerg eng gutt Positioun hunn, fir weltwäit Geschäfter ze maachen, da géife mir déi Leit gär ewech drécken.
Mir maache Wirtschaftsmissiounen an d’Golfstaaten, a mir wëllen net, datt een aus de Golfstaaten zu Lëtzebuerg investéiert. A wa mir de Katar net gehat hätten, wien hätte mir da geholl bei der BIL? Wien hätte mir da geholl?
Caroline Mart: Et war eng Urgence. Et ass ee Keefer fonnt ginn. Wat awer och eng Tatsaach ass, datt de Keefer dann an enger staarker Verhandlungspositioun ass, dat heescht, d’Bank, fir emol déi ze nennen, d’BIL ass fir manner Suen eriwwer gaange wéi Uganks geschat ginn ass. Wann een an Nout ass, da gëtt et schwéier ze verhandelen.
Jean-Claude Juncker: Lauschtert emol, mir hunn d’BIL net verkaaft. D’BIL ass un deen Investisseur aus dem Katar verkaaft gi vun der Dexia. De lëtzebuerger Stat ass net Aktionär, a scho guer net groussen Aktionär bei der Dexia. De franséische Stat, de belsche Stat sinn Aktionäre bei der Dexia. Et ass Dexia Bréissel, déi d’BIL verkaaft huet an déi d’Verhandlungen iwwer de Präis gefouert hunn, net mir.
Caroline Mart: Mä et si jo net méi vill reng lëtzebuerger Banken op der lëtzebuerger Finanzplaz.
Jean-Claude Juncker: Et waren der nach ni vill méi do wéi lo.
Caroline Mart: Mä dofir hu mir der awer esou vill méi anerer. Wéi fragile ass dann déi Finanzplaz? Wéi wäit weist dat doten, wéi séier et ka goen?
Jean-Claude Juncker: Éischtens weist dat, datt et ganz séier ka goen. An zweetens weist dat, datt d’Regierung, an Zesummenaarbecht mat Aneren, ëmmer Léisunge fënnt, och duerch gutt Kontakter déi mir an deem Raum vun der Welt hu wou nach Kapital ass, an an Europa ass es net méi vill.
An drëttens, wa mir nëmme lëtzebuergesch Banken zu Lëtzebuerg hätten, da wier eis Finanzplaz net méi stabil, da wier et se iwwerhaapt net ginn. Mir hunn e puer lëtzebuergesch Haiser – Spuerkeess, Raiffeisekeess – an dann huet et sech praktesch schonn. Dat anert sinn auslännesch Banken. Déi kommen aus Italien, déi kommen an Zukunft aus Spuenien, well Spuenien huet eis vun der schwaarzer Lëscht erof geholl, déi kommen aus England, déi kommen aus all deene Länner ronderëm. Keng Bank ass eng lëtzebuergesch Bank, mat Ausnam vun deenen déi ech genannt hunn.
Caroline Mart: Déi kënnen noutfalls och séier falen a séier goen.
Jean-Claude Juncker: Esouguer och lëtzebuergesch Banke kënne séier falen, wa se net gutt wirtschaften. Mä déi wirtschafte Gott sei Dank ganz gutt.
Caroline Mart: 2011 war net just fir d’Zäitschrëft Time Magazine e ganzt kloert Joer vun de Protestler a Biergerbewegungen. Iwwerall op der Welt sinn d’Mënsche massiv op d’Strooss gaangen.
Här Staatsminister, hutt Dir eng gewësse Sympathie fir d’Protestbewegungen, oder sot Dir, esou léist een d’Problemer net?
Jean-Claude Juncker: Déi 2 Saachen.
Ech hunn eng grouss, dach eng grouss gefillte Sympathie fir déi weltwäit Protestbewegungen ënnerschiddlecher Provenienz, well ech et gutt fannen, datt erëm esou eppes wéi Biergersënn, engagéierte Biergersënn a ville Kreeser vun der Gesellschaft opkënnt.
An anerersäits, well ech dat genau suivéieren, an och gutt verstinn, firwat datt eng Reaktioun op d’Ongerechtegkeet vun eiser Zäit kënnt, well ech dat gutt suivéieren an alleguerten déi Diskurselementer beienee leeën entsteet do keen eenheetlechen Diskurs. Dat wat sech do an der Strooss weist, expriméiert e Malaise, ee sech net méi wuel spieren an eisem Wirtschaftssystem, mä ass keen alternative schlëssege Programm.
Caroline Mart: Gitt Dir dovun aus, datt dat sech 2012 verstäerkt, déi Beweegungen? Datt se sech eventuell kanaliséieren, oder op d’mannst, datt et nach net eriwwer ass domat?
Jean-Claude Juncker: Jo, ech ginn dovun aus, datt dee Mouvement do sech viru féiert, well déi Ongerechtegkeeten, déi do beklot ginn, notamment déi Spekulatiounen iwwer d’Grondernährungsmëttel, wat jo total inakzeptabel ass, dat ass jo nach net op d’Säit geraumt ginn. Dat muss op d’Säit geraumt ginn. An esou laang wéi déi massiv Ongerechtegkeeten do viru ginn, esou laang ginn och Beweegunge géint se virun.
Woubäi een och do erëm, mä da sot Dir mir, dat hätt Dir net esou gemengt, net alles an een Dëppen dierf geheien.
D’Arabescht Fréijoer an déi Beweegungen an der Wall Street, Occupy Wall Street, dat sinn natierlech Saachen déi mateneen näischt ze dinn hunn. An ech si frou iwwer déi arabesch Fréijoersbewegung.
Am Wanter gesäit et schonn an Egypten ganz anescht aus. Et huet sech jo an Egypten gewisen, datt et net duer geet fir een ze réckelen, mä datt een de System muss änneren. An deen ännert sech net esou séier. Haut protestéieren déi, déi géint de Mubarak protestéiert hu géint déi déi mir hei an Europa begréisst hunn, wéi se de Pouvoir iwwerholl hunn, grad esou wéi mir virdru begréisst hunn, datt den Här Mubarak um Pouvoir wier.
Caroline Mart: Dir hutt gesot, d’Krisen hunn näischt mateneen ze dinn, an d’Protestbewegungen net. Jo an Neen. Et ass eppes wat se gemeinsam hunn, an zwar ass dat d’Notze vun den neie Medien. Et gëtt eng aner Méiglechkeet haut fir sech ze rassembléieren. Déi Accélératioun vum Rassemblement, déi nei Medien, zwéngt dat och d’Politik fir quasi och d’Demokratie aneschters ze definéieren?
Jean-Claude Juncker: Ech menge schonn, datt d’Politik net kann Abstraktioun maache vun der Schnellegkeet déi a gesellschaftlech Ausernanersetzungen, an och an dat gesellschaftlecht Matenee komm ass duerch déi nei Medien.
Woubäi ech just wëll soen, wann ee fréier eng Demonstratioun organiséiert huet, verstitt Dir, där hunn ech e puer a mengem Liewe gemaach, dann huet ee musse Plakater drécken, dann huet ee musse Flugblieder drécken. Et huet ee missen d’Leit uruffen a soen, komm mat. Et huet ee musse kämpfen, plädéiere viru ville Leit. An et waren der ni vill do.
Mä elo setzt een einfach eppes an den Internet. En einfache Message. 3-4 Sätz ginn duer fir Dausende Leit zesummen ze bréngen.
Jo, d’Politik muss dorop reagéieren, mä ech fir mech, wëll ech just soen, reagéieren awer net esou dodrop, datt ech dat selwecht elo géif maachen. Ech hale Politik no wéi vir fir eng eescht Saach, an dat setzt e méi déiwen a breeden Diskurs viraus, wéi einfach a séier Noriichten a séier Messagen, déi onreflektéiert vun aneren iwwerholl ginn, déi emol guer net onbedéngt där Meenung si vun deenen, déi dee Saz geschriwwen hunn.
Caroline Mart: Wéi vill notzt Dir déi nei Technologien? Twittert Dir?
Jean-Claude Juncker: Neen.
Caroline Mart: Simst Dir?
Jean-Claude Juncker: Jo.
Caroline Mart: An de Computer gëtt intensiv genotzt?
Jean-Claude Juncker: Bon, intensiv net, mä ech notzen en awer.
Caroline Mart: Beim Arabesche Fréijoer, Dir hutt et gesot, do sinn d’Diktatore verjot ginn. Am Westen ginn d’Leit géint d’Diktatur vu Wall Street op d’Strooss. An an der EU, soen d’Kommentateuren, do huet Merkozy diktéiert. Hätt Dir do net Loscht, eng Pancarte ze huelen?
Jean-Claude Juncker: Jo, eigentlech net. Ech streide jo regelméisseg mat hinnen. Do brauch ech net op d’Strooss ze goen. Mir streiden am Sall oder um Telefon mateneen.
Caroline Mart: D’Fro ass éischter, ass et en Diktat?
Jean-Claude Juncker: Neen, et ass keen Diktat, mä ech muss zouginn, datt heiansdo déi Däitsch an déi Franséisch den Androck ginn, wéi wa se Freed géifen dodru fannen, datt d’Leit mengen, si géifen dat Gesamtgeschehen do diktéieren. Mä dat ass net de Fall.
Wann Dir déi Décisioune vum 8. an 9. Dezember vum leschte Sommet zu Bréissel huelt, dat ass e flagranten Dementi vun den däitsch-franséische Propositiounen, déi déi ee Joer virdru gemaach haten.
Wann Dir d’Décisioune vum 8. an 9. Dezember huelt, um leschten europäesche Sommet ass eng Rei vun Décisioune geholl ginn, déi déi Länner, zesummen heiansdo mat aneren, nach ee Mount virdrun ofgeleent hunn.
Ech fille mech net vun engem dominéiert dee mir herno eigentlech Recht gëtt.
Caroline Mart: Dat heescht, Dir fäert och net ëm den demokratesche Prozess an der EU?
Jean-Claude Juncker: Ech fäerten e bëssen ëm deen demokratesche Prozess, am parlamentaresche Sënn vum Wuert, well mir ëmmer méi vun der esou genannter Gemeinschaftsmethod ofréckelen, wou d’Kommissioun proposéiert an de Conseil vun de Ministeren an d’Parlament décidéiert. a Richtung intergouvernemental Streckeféierung. wou just d’Regierungen alleng décidéieren. Dat halen ech fir op Dauer e Wee deen Europa net zu bessere Resultater féiert.
Caroline Mart: Duerch d’Technik gëtt alles ëmmer méi séier a méi kuerzfristeg. Do ass Nohaltegkeet e Wuert dat e bëssen aus der Moud komm ass. Bis den 11. Mäerz, wéi d’Technik versot huet.
Jean-Claude Juncker (O-Toun Mäerz 2011): Déi Katastrof vu Fukushima déi huet der Debatt ronderëm d’Nuklearenergie erëm en neien Opdriff ginn.
Caroline Mart: Fukushima schéngt ganz ganz wäit ewech, wann ee bedenkt wat do alles opkomm ass, esouguer an der Suite den däitschen Atomausstieg. An dann, elo d’Klimakonferenz zu Durban ass bal ënnergaangen. Ass dat einfach mënschlech, datt wann haut esou akut Krise sinn, datt een da seet, wat déi nächst Joerzéngten, Joerhonnerten ass, ass eis egal?
Jean-Claude Juncker: Mir vergiesse ganz séier wat virun e puer Méint oder virun e puer Joer geschitt ass, obschonn dat wat geschitt ass eis nohalteg verännert huet. A mir dinn eis schwéier domat, well dat en Effort vun haut verlaangt fir d’Liewensbedéngunge vu muer virzebereeden.
Et fënnt ee wéineg Verständnes, zum Beispill an der Renten- a Pensiounsproblematik, wann ee beschreift wat an 20, 30 Joer ka sinn.
Mä Fukushima huet menger Usiicht no ee bleiwenden Effekt, dat ass, datt een déi absolut, fir dat op däitsch ze soen, déi Technologiegläubegkeet net méi huet. Et konnt eigentlech kee sech virstellen, datt grad an engem Héichtechnologieland wéi Japan et zu esou engem Totalzesummebroch vun Nukleartechnologie géif kommen, an en totaalt Ausufere géif geschéien, wat een net an de Grëff géif kréien. Fukushima huet, wéi ech mengen, op laang Siicht der Nuklearenergie den Doudesstouss ginn, an op kuerz Siicht eis alleguer vläicht e bësse méi bescheide gemaach, wa mir ze vill zukunftsgläubeg ginn.
Caroline Mart: Et ass awer och leider en absolut negatiivt Beispill gewiescht fir Krisemanagement. Wann ee kuckt wéi communiquéiert ginn ass, wéi schlecht elo nach des leschters gesot gëtt vu Japan, Fukushima ass stabiliséiert. Et trëtt riicht viru Radioaktivitéit aus. Et ass dann eng Fro, wat ass stabil? An och während der Kris kruten d’Leit d’Wourecht net gesot. Dat féiert jo och zu enger Dekredibiliséierung, leschten Enns, vun der Politik.
Jean-Claude Juncker: Also, d’Dekredibiliséierung vun der Politik kann een natierlech iwwerall siche goen, och do wou se nëmme partiell unzetreffen ass.
Et dierf een net eng Fiktioun doraus maachen, datt d’Politik a priori net kredibel ass, an dat dann un alle méigleche Beispiller festmaachen. Mä ech hunn ëmmer geduecht, wéi dat zu Fukushima do war, wann dann eng grouss Katastrof géif hei am Land geschéien, ass dann deng éischt Suerg déi fir op d’Televisioun ze goen an de Leit déi Informatioun ze ginn déi s de selwer kritt hues an déi s de nëmme viru reechs, oder ass deng éischt Suerg net déi fir ze probéieren d’Saache méi genau gewuer ze ginn, an dann dech dohinner ze bewege wou eppes muss ënnerholl ginn.
D’Liewe fënnt net op der Televisioun statt wann et eescht gëtt.
Caroline Mart: Wéi optimistesch, oder wéi pessimistesch sidd Dir fir d’Zukunft?
Jean-Claude Juncker: Also, elo kann ech mir et jo einfach maachen a soen, ech si realistesch. Dat seet net vill méi wéi Optimismus a Pessimismus.
Caroline Mart: D’Christine Lagarde, d’Chefin vum IWF huet gesot, datt mir eis op moer Joeren, op eng Rezessioun mussen astellen.
Jean-Claude Juncker: Jo, dat huet mech beandrockt, well ech d’Christine Lagarde jo vill Joere kennen a vill begéinen, an ech hunn ëmmer fonnt, ech wier méi en optimistesche Mënsch wéi si. Dofir huet dat mech e bësse kritt wéi se gesot huet, mir mussen eis op medioker Joeren, mengen ech hat se gesot, astellen.
An ech mengen dat wier och esou. Mä ech wëll awer net doraus d’Schlussfolgerung ofleeden, datt een elo soll d’Klëppelen bei d’Tromm geheien. Wa mir eis net wieren, da gëtt d’Zukunft manner schéi wéi déi déi mir fäerdeg brénge wa mir eis mat dem Wësse vu gëschter a mat den Dreem vu muer esou zesumme setzen, datt mir d’Zukunft esou gestalten, datt et sech nach lount fir a se eran ze wuessen.
Caroline Mart: Ech soen Iech villmools merci a loossen Iech traditionell dat lescht Wuert. Fir deen agréabelen Deel, dat heescht fir d’Wënsch.
Jean-Claude Juncker: Ech géif gär, esou wéi dat eng gutt Traditioun ass hei am Land, um éischten Dag vum Joer dem Grand-Duc, der Grande-Duchesse, hire Kanner an och dem Grand-Duc Jean all Guddes wënsche fir dat Joer wat kënnt. Ech hoffen, datt déi Aarbecht déi de Grand-Duc an och de Grand-Duc héritier, an engem Mooss wat zouhëllt, fir eist Land maachen, dee Succès fir eis alleguer mat sech bréngt, deen hir Aarbecht verdéngt huet. Dofir, dem Grand-Duc an der groussherzoglecher Famill all Guddes.
An ech géif och Är Kamera wëlle mëssbrauche fir alle Leit am Land e Joer ze wënsche wat net nëmme vun Enttäuschunge begleet ass, mä wat och kollektiv Zefriddenheetsmomenter an individuell Glécksmomenter a groussem Mooss bréngt.
Et je voudrais saluer tout particulièrement ce jour du Nouvel An, tous ceux qui viennent de loin vivre avec nous au Luxembourg. Ils font partie de la même communauté que nous.
Bonne Année. E schéint Neit Joer.