Dernière modification le
Jean-Claude Juncker au sujet des élections présidentielles en France
Umoderatioun: Den Ecart tëscht Hollande a Sarkozy ass manner grouss wéi hie gemengt hat, sot de Staatsminister Jean-Claude Juncker de Moien am RTL Interview. Eng Prognos fir den zweeten Tour wollt de Premier net maachen, mä eng Analys vun de Resultater vu gëscht huet en awer gemaach. Frank Kuffer:
Frank Kuffer: An do geet jo besonnesch riets iwwert dat historescht gutt Resultat vum Front national, mam Marine Le Pen. Et mécht him keng Angscht sot de Premier, et mécht hien awer déif besuergt wa ronn 1/5 vun de Fransousen extrem riets wielt an domatter den Theorien vum Front national zoustëmmt.
Jean-Claude Juncker (O-Toun): Wat Theorie sinn vun der Ausgrenzung no bannen a vun dem sech op den eegenen Nuebel konzentréieren no baussen, andeem een alles ofleent wat aus Europa an dem Rescht vun der Welt kënnt. Dann ass dat schonn, wann sou eng Positioun 20% kritt, eng strukturell Verschiebung vun der franséischer Gedanken- a Gefillswelt.
Frank Kuffer: An dat a Frankräich, am Land vun de Mënscherechter.
Jean-Claude Juncker (O-Toun): Duefir mengen ech, datt all Demokraten am Frankräich opgeruff wiren, fir éischtens dee Vote fir de Front national eescht ze huelen. Dat ass ee Protestvote géint de System, géint alles wat et gëtt. Deelweis trëfft dat och fir d'Wieler vum Front de gauche vum Här Mélenchon zou. Frankräich muss sech rëm an de Grapp kréien.
Frank Kuffer: Den Här Sarkozy dee muss awer elo déi nächst 2 Wochen d'Ärm grouss opmaache fir d'Le Pen Wieler?
Jean-Claude Juncker: Dat ass säi Problem, net mäin.
Frank Kuffer: An der Moselle hu bal 25% de Front national gewielt. D'Fransousen déi zu Lëtzebuerg wunnen, zu 7,6%.
Jean-Claude Juncker (O-Toun): Ech kann net verstoen – bon, et ass awer hire Choix – datt Fransousen zu Lëtzebuerg liewen déi a vollen Otemzich vun Europa, vu senger Ouverture d'esprit et de frontière profitéieren, dann ee Vote virhuelen deen de Géigendeel vun hirer Liewenssituatioun ausdréckt. An et mécht mech och besuergt, mä dat war och schonn bei der Ofstëmmung iwwer d‘europäesch Verfassungsverträg de Fall, datt a Lothringen, e Grenzland par excellence, Noper vun Däitschland, vun der Belsch a vu Lëtzebuerg, déi Thesen an Theorie vum Front national sou breet gräifen. Ech weess, ëmmer wann ee Vote stattfënnt, da mussen déi di mat deem Vote net frou sinn, sech Froë stellen. Mä déi di de Vote gemaach hunn awer och.
Frank Kuffer: Als Sozialist gehéiert de François Hollande jo net onbedéngt zur Bluttgrupp vum Jean-Claude Juncker. A wann hien dann an 2 Woche gewënnt?
Jean-Claude Juncker (O-Toun): Ech kennen e gutt an ech sinn amgaang gutt mat him zesummen ze schaffen.