Gemeinsame Communiqué vum Staatsministère a vum Ministère fir auswäerteg an europäesch Ugeleeënheeten

D’Lëtzebuerger Regierung kuckt mat grousser Suerg op d’Feindlechkeeten tëscht den USA, Israel an dem Iran, souwéi op déi rezent Entwécklungen an der ganzer Regioun vum Noen Osten. De Premierminister an de Vizepremierminister sinn de Mëtteg zesummekomm, fir d'Situatioun ze evaluéieren an iwwer déi méiglech Auswierkunge fir Lëtzebuerger Staatsbierger mee och fir d'Stabilitéit an der Regioun ze diskutéieren. Lëtzebuerg wäert sech weiderhin op europäeschem Niveau a mat senge Partner an der Regioun vum Noen Osten ofstëmmen.

Iwwer säi Service fir konsularesch Ënnerstëtzung leescht de Ministère lëtzebuergesche Staatsbiergerinnen a -bierger an der Regioun Bäistand a steet a Kontakt mat der Luxair. De Ministère rifft all d'Staatsbiergerinnen a -bierger dozou op, d'Uweisunge vun de lokalen Autoritéiten ze befollegen, sech iwwer d'Situatioun informéiert ze halen an hiren Openthalt an der Regioun op der Plattform LamA (guichet.lu/lama) ze mellen. Well eng Rei Loftraim zou sinn an d'Perturbatioune vum Loftverkéier nach undauere kéinten, réit de Ministère zurzäit formell vun all Rees an d'Kriseregioun of, besonnesch an d'Golfstaaten.

D'Regierung dréckt hir voll Solidaritéit mam iranesche Vollek aus, dat zanter Joerzéngte brutal vum Regimm zu Teheran ënnerdréckt gëtt, an ënnerstëtzt dat iranescht Vollek a sengem Recht op Selbstbestëmmung sou wéi a senger Mobiliséierung fir d'Verdeedegung vu senger Fräiheet a vu senge Grondrechter. Lëtzebuerg huet vill international Initiativen a Resolutiounen an dësem Sënn ënnerstëtzt, souwéi all restriktiv Mesurë vun der Europäescher Unioun, dorënner déi rezent Opnam vum Corps des gardiens de la révolution islamique an d'Lëscht vun den terroristeschen Organisatioune vun der Europäescher Unioun.

D’Regierung dréckt och hir Solidaritéit mat de Länner an der Regioun aus, déi mat iraneschen Attacken als Äntwert op déi israeelesch an amerikanesch Loftschléi konfrontéiert sinn, a rifft den Iran dozou op, dës Attacken direkt anzestellen.

D’Regierung rifft all d'Parteien dozou op, sech zeréckzehalen, un enger Deeskalatioun ze schaffen, d'Zivilbevëlkerung ze schützen an am Aklang mam internationale Recht ze handelen.

Den Iran muss sämtlech Aktivitéiten astellen, déi den internationale Fridden an déi international Sécherheet menacéieren, besonnesch säin Atomprogramm. Lëtzebuerg ënnerstëtzt all diplomatesch Efforten, fir ze verhënneren, datt den Iran sech Atomwaffen uschaaft.

Communiqué vum Staatsministère a vum Ministère fir auswäerteg an europäesch Ugeleeënheeten, Verdeedegung, Entwécklungszesummenaarbecht an Aussenhandel