Trilateraalt Treffen iwwer Kënschtlech Intelligenz

Den 12. Mäerz huet d’Regierung en trilateraalt Treffen organiséiert, bei deem Vertrieder vun de Salariéen, de Beamten, an den Entreprisen zesummekomm sinn, fir gemeinsam Froen am Zesummenhang mat der Kënschtlecher Intelligenz (KI) unzegoen, an sech doriwwer auszetauschen, wéi hir Entwécklung am Déngscht vum gesellschaftlechen, sozialen an ekonomesche Fortschrëtt ka gestalt ginn, mam Zil d’Liewensqualitéit vun eise Biergerinnen a Bierger ze verbesseren.

De Premierminister Luc Frieden, den Aarbechtsminister Marc Spautz, de Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend Claude Meisch, de Minister fir Wirtschaft, PME, Energie an Tourismus Lex Delles, de Finanzminister Gilles Roth, d’Ministesch fir Gesondheet a sozial Sécherheet Martine Deprez, d’Ministesch fir Digitaliséierung souwéi fir Fuerschung an Héichschoul Stéphanie Obertin, an déi delegéiert Ministesch beim Premierminister fir Medien a Connectivitéit Elisabeth Margue hunn d’Regierung vertrueden an domat hire politesche Wëllen ënnerstrach, eng ressortiwwergräifend an inklusiv Approche ze verfollegen, fir d’Chancë vun dëser innovativer Technologie beschtméiglech ze notzen.

Lëtzebuerg wëll sech als Virreider bei der Aféierung an der Entwécklung vu Kënschtlecher Intelligenz positionéieren a setzt dobäi op eng breet Participatioun, Sensibiliséierung op allen Niveauen an eng verantwortlech Gouvernance. Dës Ambitioun baséiert op der Iwwerzeegung, datt Kënschtlech Intelligenz – wann se verstanen, beherrscht an am Interessi vum Allgemengwuel agesat gëtt – eng weesentlech Roll fir Innovatioun, nohalteg Entwécklung an inklusive Wuesstem spille kann.

Ofschléissend waren d’Participanten sech eens, datt eng ëmfaassend Etüd op de Wee bruecht sollt ginn, fir d’Auswierkunge vun der Kënschtlecher Intelligenz op d’Produktivitéit, den Aarbechtsmaart, d'Weiderbildung, d’Educatioun an aner wichteg Beräicher ze evaluéieren. Si hunn och ënnerstrach, datt esou eng Analys ënner anerem eng däitlech Verbesserung vun der Datenerhiewung erfuerdert, am Idealfall an Echtzäit, fir méi séier a méi geziilt op aktuell Entwécklunge reagéieren ze kënnen.

Communiqué vum Staatsministère