Aktualiséiert den
Deklaratioun vum Premierminister, am Numm vun der Regierung, iwwert d'Ukrain an d'Europäesch Sécherheet
Verbatim vun der Deklaratioun vum Premierminister
Här President,
Et gi Momenter an der Geschicht vun engem Land oder vun engem Kontinent, wou ee spiert, datt eppes Fundamentales um Geschéien ass. Datt d'Geschicht, d'Realitéit, an där mir liewen, wiesselt, an eng aner Richtung eventuell ageschloe gëtt, jo, datt d'Geschicht geschriwwe gëtt.
Den exzeptionellen Eclat am Wäissen Haus d'lescht Woch, war e klore Broch mat deem waarmen Empfang bei deem ech konnt dobäi sinn, deen de President Zelenskyy am Wäissen Haus am Juli d'lescht Joer um Rand vum Nato-Sommet hat. Wann een dat kombinéiert mat der Ried, déi den amerikanesche Vizepresident op der Münchener Sécherheetskonferenz gehalen huet, a mat dem méigleche Stopp u Waffeliwwerungen un d'Ukrain wou Amerika schéngt gëschter decidéiert ze hunn, da gesäit een dass dat fundamental Changementer an der amerikanescher Politik sinn, mee och an de Relatioune mat Europa. A sou engem grave Moment huet et eis dofir richteg geschéngt am Numm vun der Regierung e puer Erklärungen ze ginn, wéi d'Regierung dës Situatioun aschätzt, an dat virum Lëtzebuerger Parlament ze maachen.
Ech géif gären déi Deklaratioun op fënnef prinzipiell Punkten haut limitéieren, wëssend dass deen Debat dee mer haut hei féiere net haut ufänkt, a sécherlech haut net ophält.
Deen éischte Punkt ass Folgenden. Den ukrainesche President ass President vun engem Land, wat zanter dräi Joer am Krich ass. E Krich, deen net d'Ukrain ugefaangen huet, mee dee Russland ugefaangen huet.
E Krich, deen eng kloer Violatioun vum internationale Recht a vun der UNO Charta ass. Dofir stounge bis elo vill Demokratien aus Europa, och Lëtzebuerg, d'USA, Kanada, Japan, op der Säit vun der Ukrain. Lëtzebuerg steet och weider op der Säit vun der Ukrain, an dofir hunn ech och zesumme mat anere Regierungscheffen aus Europa direkt e Freideg den Owend, och op de soziale Medien, no deem Eclat am Wäissen Haus et kloer gemaach, dass onofhängeg vun deem wat op enger Plaz geschitt, mir zu de Prinzippie stinn dass d'Ukrain kämpft och fir eis Fräiheet, an d'Ukrain kämpft fir de Respekt vun enger Gesellschaft, enger internationaler Gesellschaft, déi no internationale Reegelen an internationalem Recht fonctionéiert.
Russland huet d'Ukrain ugegraff. Russland ass den Täter. D'Ukrain ass d'Affer. D'Ukrain ass sou iwwerfall ginn, wéi Lëtzebuerg am 2. Weltkrich vun Hitler Däitschland iwwerfall ginn ass. Russland wollt d'Grenzen duerch Gewalt änneren, a Russland wollt, wéi säi President et selwer 2022 gesot huet, dat Land vernichten.
Lëtzebuerg wäert dofir op der Säit vun der Ukrain stoen a wäert déi Ënnerstëtzung ginn, mat sengen bescheidenen Mëttelen, déi d'Ukrain brauch a mir wäerten dat zesumme maache mat eisen europäesche Partner. Dat heescht am Kloertext dass mir der Meenung sinn dass näischt kann iwwert d'Ukrain decidéiert ginn, ouni dass d'Ukrain och dobäi ass. Et kann een net engem Land soe mir huelen dir e Stéck vun dengem Land wech, an et sëtzt ee mol net mat um Dësch.
Dat zweet, an deem Kontext ass dass et och keng Negociatioune kënne ginn iwwert d'Sécherheet vun Europa ouni dass Europa an déi global europäesch Sécherheetsdimensiounmatgekuckt gëtt, well d'Sécherheet vun der Ukrain an d'Sécherheet vun Europa si ganz enk matenee verbonnen.
Drëttens, ass an eisen Ae kloer, dass e Waffestëllstand deen ee gären hätt well et kann een nie zefridde sinn wann iergendwou Krich ass, mee e Waffestëllstand kann nëmmen erfollegräich sinn wann hannendrun e Konzept besteet fir en dauerhafte Fridden. An en dauerhafte Fridden heescht an eisen Aen, wéi an den Aen och vun der Ukrain a vu villen europäesche Partner, dass en dauerhafte Fridde credibel Sécherheetsgarantië fir d'Ukrain brauch. E Waffestëllstand ouni déi Sécherheetsgarantien ass eng Invitatioun fir Russland oder fir anerer, fir muer weiderzefueren, och wann se temporairement am Krich géinge stoen. An dofir ass e fairen an dauerhafte Fridden dat Zil, wat mer als Europäer a fir d'Ukrain mussen hunn.
Lëtzebuerg wäert d'Ukrain och finanziell weider ënnerstëtze, militäresch weider ënnerstëtzen, mat deene begrenzte Mëttelen déi mer hunn. Mee proportional maache mer sou vill wéi déi aner. Mir wäerten eis och, wann noutwendeg, le moment venu, u Sécherheetsgarantië bedeelegen. Déi stinn haut net à l'ordre du jour a mir sinn dat net bis haut gefrot ginn, mee dat ka sécherlech kommen. Lëtzebuerger Zaldoten awer wäerten nëmmen an déi Regioun goen am Kader vun engem internationalen oder europäesche Mandat, sou wéi dat an de Gesetzer vun eisem Land steet, a mam Accord mat der Chamber wann sech déi Fro stellt.
Et ass kloer an eisen Aen dass dat nëmme ka geschéien am Kader vun enger Friddensmissioun, an eng Friddensmissioun, wéi d'Wuert et seet, ass no engem Friddensaccord.
Mir stinn also weider op der Säit vun der Ukrain an ech hoffen, dat d'Lëtzebuerger Chamber déi Meenung och esou deelt, wéi se dat an der Vergaangenheet och schonn e puer Mol sou ausgedréckt huet.
En zweete Message, deen ech haut wollt an dëser Erklärung wollt soen, ass dass an engem historesche Moment, wou mer Amerika net méi genau sou gesinn op eisem Wee, op mannst zënter dem 20. Januar, dee schéngt genau den nemleschten ze sinn an der Verteidegung vun der Ukrain, an der Ënnerstëtzung vun der Ukrain fir kennen de Fridden aus enger Positioun vu Stäerkt raus ze verhandelen, muss Europa méi enk nach wéi bis elo zesummestoen a méi Responsabilitéit iwwerhuelen. Dat ass keng Attitüd géint Amerika, mee dat ass eng Attitüd fir Europa.
An dofir musse mer dat bei e ganze Koup Beräicher maachen. Jo militäresch, mee och ekonomesch. Mir musse selwer, méi souverän, méi staark ginn, mir mussen an Energie Froen eis net vun engem ze vill ofhängeg maachen. Mir mussen eng Industrie, eng Defense Industrie, mee och an aneren ekonomesch Secteuren Industrien hunn, a mir mussen dat Ganzt zesumme kucken, fir dass mer a strategesche Beräicher rëm Meeschter gi vun eisen eegene Geschichten. An an deem Sënn begréisse mer d'Richtung vun deene Propositiounen, déi d'Presidentin vun der Europäescher Kommissioun de moie gemaach huet, ënnert deem Term "ReArm Europe", déi zum Zil huet fir Europa a senger Verteidegungs Dimensioun méi staark ze maachen. Och déi Orientatioun déi se virun e puer Woche gemaach huet, fir Europa méi kompetitiv ze maachen, also Aarbechtsplazen an Europa ze schafen an ze halen, ginn an déi richteg Richtung. Mier wäerten se am Detail kucken a konstruktiv begleeden.
Et ass och wichteg dass Europa an dëser kruzialer Fro vun der Sécherheet vun eisem Kontinent zesummeschafft mat deenen, déi ronderëm vun Europa sinn an eis Wäerter deelen. Ech denken do ënnert anerem u Groussbritannien, un Norwegen, u Kanada – et ass zwar net Deel vun Europa, mee se huelen un eise Sitzungen heiansdo Deel, an deelt staark Wäerter déi Europa ausmécht an déi ech virdrun nach eng Kéier rappeléiert hunn.
Den drëtte Punkt fir d'Regierung ass dee wat mer zu Lëtzebuerg an deem Kontext maachen. Mir sinn Deel vun Europa. Wat an der Ukrain geschitt, betrëfft och eis. Wat a Polen, an de baltesche Staaten oder op anere Plazen, muer riskéiert ze geschéien, wa mer net richteg agéieren an net eis Engagementer par rapport zu der Ukrain seriö huelen, da riskéiere mir och eis Fräiheet an eise Fridden ze verléieren. An dofir muss och Lëtzebuerg sech an der Verteidegung, ech géing soen an der Sécherheet wat méi breet ass wéi Verteidegung, nach méi staark opstellen.
Lëtzebuerg huet iwwert déi zwou lescht Legislaturperiode scho massiv seng Verdeedegungsausgaben gehéicht. Ech hunn an der Erklärung zum Laf vun der Natioun gesot, datt mir géingen plange fir bis d'Joer 2030 op dat Nato-Zil vun 2% vum nationale Räichtum ze kommen. Villes an eise Gespréicher an Europa an an der Nato deit drop hin dass mer déi Trajectoire mussen iwwerkucken, an datt déi Zilsetzung wäert méi héich ginn, wéi dat fir de Moment de Fall ass. Wa mer dat maachen, da maache mer dat no Récksprooch mat eise Partner, a mir maachen dat natierlech no enker Consultatioun och mat dësem Parlament. Mir wäerten net derlaanscht kommen, eng Reorientatioun, eng fundamental Reorientatioun vun eise Sécherheetsausgaben iwwert déi nächst Joer ze maachen. Mir stelle fest, dass mir haut, ënner deenen hallwer Dose Länner sinn, déi nach ënner zwee Prozent sinn. Déi meescht europäesch Länner hunn déi 2% haut erreecht. Eis Belsch Noperen, Spuenien, Slowenie si bei ronn 1.3-1.5%, a mir mussen also do eis Solidaritéit erausdrécken.
D'Regierung hëlt dës Aufgab ganz eescht. Et ass am strateegeschen Interêt vu Lëtzebuerg fir säin Deel zum Fridden an Europa bäizedroen. Et ass schwéier erklärbar deenen anere Länner, wou et villen méi schlecht geet wéi eis, dass mir vill manner par rapport zu eisem nationale Räichtum maache wéi si. Dat war an der Zäit vläicht verständlech, well mer am Häerz vun Europa ronderëm vu friddlechen Natiounen ëmgi waren. Mee déi nei geopolitesch Situatioun, d'Gefor aus Russland, déi méiglech Reorientatioun vun der amerikanescher Politik, mécht dat do absolut noutwendeg.
E véierte Punkt vun deem wat ech haut hei wollt am Numm vun der Regierung wollt soen, sinn eis Relatioune mat de Vereenegte Staate vun Amerika.
Sie baséieren op enger gemeinsamer Geschicht, op kulturelle gemeinsame Wäerter – wie kuckt net gär en amerikanesche Film, oder lauschtert amerikanesch Musik, de Soft Power vun Amerika – op Prinzippien déi an der amerikanescher Verfassung quasi d'nämmlecht sinn, wéi an den europäeschen Verfaassungen, op Mënscherechtskonzepter déi am 18. Joerhonnert vun deenen engen an deenen aneren zäitgläich geschriwwe gi sinn. Amerika, d'amerikanescht Vollek, bleiwen eis Frënn, och a schwéiere Momenter. Mir hunn ni vergiess a mir wäerten ni vergiessen, dass mir hei sëtzen a Fridden a Fräiheet, well Amerikaner, well den amerikanesche President Roosevelt net gesot huet dat ass wäit wech, mee well en deemools gesot huet mir gi mat eisen Zaldoten dohinner a mir befreie Lëtzebuerg a mir befreien Europa.
Mir si Member vun der NATO a mir wëllen och dass et méiglech bleift mat Amerika a mat der NATO zesummenzeschaffen. Dat ass och Realpolitik. Ronn 70%Prozent vun alle militäreschen Ausgabe vun den NATO-Staate kommen aus de Vereenegte Staate vun Amerika. Dat ass ganz zolidd a si hunn och eng militäresch Kapazitéit déi wäit méi grouss ass, wéi déi vu villen anere Länner. Zesummen si mer méi staark. Zesummen si mer an der NATO, well d'NATO och eng Organisatioun ass déi zënter 1945 ofschreckend gewierkt huet par rapport zu deenen déi wollte Membere vun der NATO ugräifen, dorënner och Lëtzebuerg. Dee faméisen Artikel 5, wann een ugegraff gëtt gi mer alleguerten ugegraff. An op déi Sécherheetsgarantie wëllen net verzichten, a mir hoffen dass och d'amerikanescht Vollek an den amerikanesche Kongress déi gemeinsam Responsabilitéit fir de Weltfridden, déi an der NATO verankert ass, unerkennt, begräift. Dat hëlt näischt ewech vun deem wat ech virdru gesot hunn. Innerhalb vun der NATO musse mer selbstverständlech den europäesche Pilier stäerken.
E fënnefte Message, dat ass dee vun de Wäerter a vun de Fräiheeten. Et schaaft een net eng Arméi, grad sou wéi een net eng Ekonomie schaaft, just fir de militäreschen an den ekonomeschen Zweck. Et gëtt ëmmer e méi grousst Bild ronderëm. Souwéi d'Ekonomie eis hëlleft, Wuelstand, Gerechtegkeet, soziale Fortschrëtt ze schafen, sou ass d'Militär och do, fir Wäerter ze verteidegen, fir Fräiheet a Fridden ze verteidegen.
An déi Wärter an déi Fräiheet si selbstverständlech net am loftleeren Raum. Fräiheete sinn ni absolut. D'Fräiheeten sinn déi déi mer an eiser Verfassung stoen hunn, déi mer an eise Gesetzer stoen hunn, déi mer an der europäescher Mënscherechtskonventioun stoen hunn, déi mer an internationale Pakte fir Mënscherechter stoen hunn. Un deene Prinzippien hale mir fest, och wann se op anere Plazen an der Welt an dëse Wochen a Fro gestallt ginn. An dofir ass dat wat mer hei de Mëtten diskutéiere vill méi wéi just nëmmen, wann een dat esou dierf soen, d'Defense vun der Ukrain. Et geet ëm fundamental Prinzippien, et geet ëm d'Zukunft vun eisem Deel vun der Welt, a vun deene Prinzippien un déi mir gleewe fir déi eis Elteren a Grousselteren a schwéieren Zäiten och gekämpft hunn.
Europa an eist Land sti viru groussen Entscheedungen. Mir wëllen dass Fräiheet, Fridden a Wuelstand och an deenen nächste Joerzéngten op eisem Kontinent bestoe bleiwen. Fridden a Fräiheet hunn e Präis. An dee spiere mer elo, an dee wäerte mer nach méi an deenen nächste Joer spieren. Wat fir eng Choix'en maache mer? Wa mer méi Sue mussen ausginn, fir eis Sécherheet, eis kollektiv Sécherheet, da stellt sech d'Fro, wou kommen déi Suen hier? Maache mer méi Schold, maache mer aner Choix'en an eiser Finanzpolitik, huele mer méi europäesch Suen op, alles dat si Froen déi mer an Europa an heiheem an deenen nächste Joren, an deenen nächste Méint, vläicht an deenen nächste Wochen diskutéieren. Sécherlech virum Nato-Sommet, deen am Juni an Holland stattfënnt. Et si fundamental Froen. Et si Froen déi iwwert d'Aussepolitik erausginn, an déi méi wéi eng Legislaturperiod concernéiert. Dofir fënnt en Donneschden en extraordinäre Sommet vun de Staats-Regierungscheffen zu Bréissel statt, wou mer eng Diskussioun dodriwwer féiere wäerten. Mee dofir wëll ech och an deenen nächsten zwou Woche Consultatioune mat allen hei am Parlament vertruedenen Parteie maachen, fir e méiglechst breede Konsens ronderëm déi Froe vu Sécherheet, Verdeedegung, d'Zukunft vun eisem Kontinent ze hunn, och well et iwwert e puer Legislaturperiode wäert goe wat mer an deenen Decisiounen an deenen nächste Wochen an Europa an an der NATO wäerten huelen. Et ass och wichteg dass mer op sou grondleeënde Froen e staarke Konsens an eiser Gesellschaft kënne fannen, iwwer d'Parlament raus.
Russland huet eis 2014 an duerno 2022 aus eisem Confort, aus eiser Freed déi mer nom 2. Weltkrich an nom Enn vum Kale Krich haten, brutal rausgerappt. Et huet d'Weltuerdnung an de Fridden an Europa nom Enn vum Kale Krich a vum 2. Weltkrich a Fro gestallt. Amerika huet zënter dem 20. Januar eis op eng Aart a Weis gewisen datt eis Partnerschaft ge-challenged gëtt. An och wann se drop schaffen se ze halen, wäert se an deenen nächste Wochen eng aner Tournure hunn. An elo muss dofir Europa, jo lo muss och Lëtzebuerg decisiv handelen. Och Lëtzebuerg muss decisiv Choix'e maachen. A wann d'Geschicht herno geschriwwe gëtt da well ech dass d'Leit soen, 2025 stoung Lëtzebuerg op der richteger Säit vun der Geschicht, op der Säit vun der Fräiheet, de Mënscherechter, an dem internationale Recht.
Merci.