Reaktioun vum Xavier Bettel op d'Decisioun vun der Université de Lorraine am Kader vu senger DEA-Aarbecht vun 1998

D'Université de Lorraine huet mir gëschter (31.01.2022) hir offiziell Decisioun zu der Aarbecht matgedeelt, déi ech 1998 am Kader vu mengem DEA (diplôme d'études approfondies) geschriwwen hunn.

D'Universitéit setzt d'Aarbecht ausdrécklech an de Kontext vun der akzeptéierter Praxis vum Zitéieren a vun den Instruktiounen am Kader vum DEA, sou wéi se viru méi wéi 20 Joer applizéiert goufen.

D'Universitéit confirméiert och, datt et sech net ëm eng klassesch Thèse handelt, mee ëm eng Synthèse, also eng Compilatioun vun Dokumenter, sou wéi dat deemools an engem DEA üblech an akzeptéiert war.

Et ass mir wichteg, nach emol z'ënnersträichen, datt ech deemools kee wollt täuschen. D'Universitéit erkennt och un, datt et sech ëm en "travail original" handelt. Ech hu meng Sourcen an der Bibliographie uginn. Gläichzäiteg hunn ech awer eenzel Textpassagen net mat separate Referenze markéiert, wouduerch si als "eng Form vu Plagiat" kënnen ugesi ginn.

D'Universitéit huet decidéiert, datt ech mäin DEA ka behalen, andeems ech déi feelend Referenzen nodréiglech androen.

No grëndlecher Iwwerleeung hunn ech awer fir mech selwer decidéiert, d'Universitéit ze bieden, den DEA zréckzezéien. Dëst fir all Zweiwel iwwert de Merite vum DEA auszeraumen an e Vertrauensverloscht an d'akademesch Aarbecht ze verhënneren.

Ech bedaueren dës Situatioun a bieden d'Universitéit, meng Entschëllegung a meng Decisioun z'akzeptéieren.

Communiqué vum Staatsministère

Aktualiséiert