Ried zur Lag vun der Natioun 2026 vum Luc Frieden

Mateneen. Fireneen.

Luc Frieden, Premierminister
© SIP/ Julien Warnand

 

Nëmmen dat geschwatent Wuert gëllt 

D'Regierung wëll Lëtzebuerg erhalen als e Land dat zesummen hält, zesumme steet, zesumme lieft, zesumme wunnt, zesumme wiisst an opwiisst, zesummen d'Natur erhält, zesummen d'Zukunft schaaft.

Här President,

  • e Schüler, dee schonn a jonke Joren international Präisser an der Physik kritt,
  • eng Koppel, déi dräi erfollegräich Restaurante mat honnert Salariéen opgebaut huet,
  • eng Fra, déi sech an enger ASBL engagéiert fir Leit am Rollstull mat engem Assistenzhond ze hëllefen.

Dat si just dräi Geschichte vu Leit, déi ech an de leschte Méint kenne geléiert hunn – dräi vun de ville Facette vun eiser Natioun, dräi Stécker vun engem méi grousse Mosaik.

Well d'Natioun, dat si mir – all mateneen. Et kann ee se net faassen, an awer ass se ganz konkret. Eng Natioun ass e Grupp, eng Gesellschaft, e Schicksal dat zesumme geschaaft, erlieft, an erënnert gëtt.

De sozialen Zesummenhalt ass dat wäertvollst dat mir als Natioun hunn, grad an Zäite wou villes a Fro gestallt gëtt – duerch Kricher, Populismus, nei Technologien, wirtschaftlech a sozial Erausfuerderungen.

Den internationale System, wéi mir en zanter dem Zweete Weltkrich kennen, ass ëmmer manner erëm ze erkennen. Am Plaz vu Fridden: Kricher an Europa, dem Mëttleren Osten, an Afrika. Am Plaz vu fräiem Handel: Tariffer, Barrièren a Blockaden. Am Plaz vun Zesummenaarbecht: Egoismus, Eegeninteressi a Kuerzsiicht.

Dat internationaalt Recht, op deem de Fortschrëtt vun de leschten 80 Joer opgebaut ass, gëtt hannerfrot, ënnergruewen, ignoréiert – an der Ukrain, a Grönland, an op aner Plazen. Muecht a Menacen ersetzen Dialog an Diplomatie.

Souguer Erausfuerderungen déi fir eenzel Länner ze grouss sinn, ginn international vernoléissegt, ewéi de Klimawandel, déi humanitär Nout, den Honger an der Welt. An och wirtschaftlech Relatioune ginn op Grond vu strateegeschen Iwwerleeungen nei definéiert, virun allem an der Energie an Technologie.

Et kann een net méi vu vereenzelte Situatioune schwätzen. Et ass en Trend: d'Welt ass am Ëmbroch. Mir erliewen eng Period vun déifgräifende Changementer, déi déi nächst Joerzéngten definéiere wäerten. Ma och wann déi international Zesummenaarbecht noléisst, esou halen d'Effeten, vun deem wat an der Welt geschitt, net op de Grenzen op.

Dofir wäert Lëtzebuerg e Land bleiwen, dat sech mat Iwwerzeegung international abréngt fir multilateral Institutiounen an dat internationaalt Recht – mat eisen Noperen, an der Europäescher Unioun, an der NATO, an der UNO.

Dat wat hannert eise Grenze geschitt, deels wäit ewech, huet direkt a konkret Konsequenzen op eis. Dat ass esou a gudden Zäiten, ma et ass och esou an all internationaler Kris.

Mir sinn den Ament konfrontéiert mat e puer Kricher an eiser direkter Noperschaft – an der Ukrain, am Gaza, an am Iran. An och innerhalb vun Europa spiere mir méi Tendenzen déi Grondprinzippien a Fro stellen, deels ënnerstëtzt a Form vun hybriden Attacken vun Drëttstaaten.

Fir eis muss d'Äntwert op béid Evolutiounen eng Stäerkung vun der Europäescher Unioun sinn:

  • D'EU ass d'Äntwert op déi intern Tendenzen, well se ass Ausdrock vun eise Wäerter, a bleift de beschte Wee fir se och an Zukunft ze verteidegen. Mir wëlle méi Europa, well mir eis Demokratie, eis Fräiheet, an d'Rechtstaatlechkeet wëllen erhalen.
  • An d'EU ass d'Äntwert op déi turbulent Zäiten an der Welt, well se eis erlaabt méi onofhängeg ze gi vun deem wat an der Welt geschitt – an der Energie, der Sécherheet, der Technologie, dem Weltall, der Narungsproduktioun.

Grad de Krich am Iran an d'Schléisse vun der Strooss vun Hormuz weisen eis nach eemol eis Ofhängegkeeten. Mir gesi se den Ament ganz konkret beim Präis un der Pompel. Ma och den Dünger, d'Liewensmëttel an aner Produite gi méi deier.

An déi richteg wirtschaftlech a sozial Konsequenze riskéieren eréischt op eis duer ze kommen – esou gesinn dat d'Experte vum Internationale Wärungsfong, a vun der Europäescher Zentralbank. Lëtzebuerg ass do keng Ausnam.

An awer stelle sech déi Froe fir all Land anescht. Se sinn anescht fir Lëtzebuerg ewéi fir eis Partner an der EU oder am Mëttleren Osten. Esou kréie mir zum Beispill, e méi groussen Deel vun eiser Energie aus dem Ausland. Gläichzäiteg kafen eis Stroum- a Gaslieferanten iwwert e puer Joer an, a fiederen esou déi kuerzfristeg Effeten of.

An och d'Leit an eis Betriber spieren den Impakt vun dësem Krich ganz ënnerschiddlech. Et ka gläichzäiteg wouer sinn, dass vereenzelt Firme gutt Resultater maachen, wärend d'Industrie, de Commerce an d'Handwierk – besonnesch d'Constructioun – struewelen. Héich Spritpräisser maachen, relativ gesinn, méi aus fir d'Logistik an den Transport, ewéi fir de Kleederbuttek an d'Bank.

Esou Nuancë gëtt et net just tëscht de Betriber, ma och fir d'Leit. Et mécht en Ënnerscheed ob ee mat Gas, Masutt oder Wäermepompel hëtzt, ob een den Auto oder den ëffentlechen Transport benotzt, ob ee méi oder manner verdéngt. Ma virun allem riskéiert d'Inflatioun méi staark erop ze goen, wéinst méi héijen Energiepräisser, déi sech duerch déi ganz Ekonomie zéien. Alles dat sinn ënnerschiddlech Facette vun der Realitéit, Mosaik-Stécker vun engem grousse Ganzen.

Dofir beschwätze mir déi Effeten, zesumme mat de Sozialpartner, an engem Tripartite-Format. A wa mir eis all als Deel vun engem méi grousse Ganze gesinn, da schafen dës ënnerschiddlech Realitéiten net Divisioun, mee Zesummenhalt. Da gi mir net géinteneen, da sti mir mateneen. Dann hält eis Natioun zesummen.

D'Regierung wëllt Lëtzebuerg erhalen als e Land dat zesummen hält, zesumme steet, zesumme lieft, zesumme wunnt, zesumme wiisst an opwiisst, zesummen d'Natur erhält, zesummen d'Zukunft schaaft.

Wat eis Natioun ausmécht, definéiert jidderee vun eis all Dag op en Neits – duerch seng Wieder, seng Aktiounen, seng Decisiounen. D'Chamber, d'Regierung, d'Sozialpartner, d'Press droen all en Deel vun där Verantwortung.

D'Regierung ass elo an der Mëtt vun hirem Mandat. Mir hu villes gemaach, an och nach villes vir. Dat ass normal an enger Halbzeit. An alles mat engem Zil: d'Wuel vu Land a Leit. All eis Decisioune versichen de Fridden an d'Fräiheet, de Wuelstand an d'Demokratie an eisem Land ze stäerken.

Lëtzebuerg fir d'Zukunft stäerken – dat war, ass, a bleift, eist Zil: mat méi Kafkraaft, méi Solidaritéit, méi Ënnerstëtzung fir d'Familljen, méi Wunnraum, méi Aarbechtsplazen, méi engem sécheren Zesummeliewen, méi erneierbaren Energien.

Dat ass dat Lëtzebuerg, dat mir wëlle schafen – mat iech heibannen, a mat jidderengem am Land. Dat si grouss Erausfuerderungen, grad an dësen Zäite vun Ongewëssheet an déiwe Changementer an der Welt. Mir mussen eis mat deene Changementer an hirem Impakt op Lëtzebuerg beschäftegen. An dat ouni déi aner Defien an eisem Land ze vernoléissegen. Villes schéngt ongewëss an onkloer, ma eent ass kloer: et ass net d'Zäit fir de Kapp an de Sand ze stiechen.

Et ass d'Zäit fir Verantwortung ze iwwerhuelen: mateneen, fireneen. An déi Verantwortung huele mir all Dag un, mat roueger Hand an engagéiertem Häerz.

Fir d'Regierung ass kloer: Mir loosse keen am Reen stoen. Mir fänken op, begleeden, verstinn, well et geet ëm Vertrauen – aneneen, an d'Demokratie, an d'Zukunft.

Här President,

Den Zesummenhalt an eiser Gesellschaft stäerke fänkt domat u wéi mir mat deenen ëmginn, deenen et manner gutt geet. Fir d'Regierung ass kloer: mir loosse keen am Ree stoen. Mir fänken op, begleeden, verstinn, well et geet ëm Vertrauen – aneneen, an d'Demokratie, an d'Zukunft. Wann d'Ongläichheete wuessen, da geet dat Vertraue verluer. Hoffnungen a Perspektive gi verluer. An da verléiere mir all.

Aarmut ass kee Choix. Aarmut ass eng Ongerechtegkeet, virun allem wa se Kanner betrëfft. Eis gemeinsam Aufgab ass et dës Ongerechtegkeet ze evitéieren do wou se e Risiko ass, an ze bekämpfen do wou se leider scho Realitéit ass.

Dofir huet d'Regierung – am Dialog mam Secteur – déi éischt kohärent Strategie ausgeschafft fir d'Aarmut an all hire Facetten unzegoen. D'Sozialhëllefe goufen an d'Luucht gesat: d'allocation de vie chère, d'Energieprimm, d'Loyerssubventioun, de Steierkreditt fir Elengerzéier. An um onqualifizéierte Mindestloun bezilt een haut keng Steiere méi. Dat sinn Honnerten Euro méi, fir Leit bei deenen all Euro zielt.

Déi wichtegst Neierung, déi ab 2027 kënnt, ass de complément vie chère. Dëse bréngt 5 aktuell Hëllefen zesummen, dorënner d'allocation de vie chère, d'Energieprimm an déi nei Sozialhëllef fir Leit déi an der Pensioun sinn.

Eng eenzeg Hëllef heescht eng Demande, eng Berechnung, eng Prozedur. Dat ass administrativ Vereinfachung am Sënn vum Bierger. An dofir automatiséiere mir dës nei Hëllef:

  • duerch eng automatesch Verlängerung, soulaang d'Critèren erfëllt bleiwen,
  • duerch en automatescht Ausbezuelen u REVIS-Bezéier, an
  • duerch en automateschen Austausch vun Informatiounen tëschent Ministèren.

Iwwert dës Hëllef wäert een och direkt d'Loyerssubventioun kënnen ufroen, well d'Wunnkäschten de gréissten Aarmutsfacteur sinn. A mir ginn nach eemol ganz cibléiert géint d'Kanneraarmut vir, mat enger neier Hëllef vu bis zu 3.000€ d'Joer fir Famillje mat niddregem Akommes.

Dat ass Sozialhëllef mat schwarz-bloer Handschrëft – einfach, schnell, onkomplizéiert. Mir stelle sécher, dass d'Hëllef do ukënnt, wou se gebraucht gëtt. Dat mécht de Familljeminister och mam neie guichet unique social, deen ab Oktober all d'Informatiounen zu de Sozialhëllefen op enger eenzeger Plaz zentraliséiert.

A gläichzäiteg muss schaffe goe sech weider lounen. Well d'Aarbecht bleift dat beschte Mëttel géint d'Aarmut an d'sozial Ausgrenzung. Dofir kritt ee beim neie complément vie chère linéaire manner, wat ee méi verdéngt.

An dofir hu mir substanziell Steiererliichterungen ëmgesat. Mir loossen de Leit d'Sue fir déi se schaffen. Jiddereen huet haut méi Netto vum Brutto ewéi 2023. A wat ee manner verdéngt, wat d'Steiererliichterung relativ méi grouss ass, virun allem bei de Monoparentaux'en. Alles dat dréit zu méi Zesummenhalt an eiser Gesellschaft bäi.

An deen Zesummenhalt ass d'Fundament vun eisem Sozialsystem. Mir suergen ee fir den aneren – wann ee krank gëtt, wann ee méi al gëtt, wann ee vun engem Schicksalsschlag getraff gëtt. An d'Regierung iwwerhëlt Verantwortung fir dee System ofzesécheren.

Dofir hu mir eng Pensiounsreform gemaach – déi éischt zanter 14 Joer. D'Regierung ass sech hirer Verantwortung bewosst fir d'Solidaritéit tëschent de Generatiounen ze erhalen, fir jidderengem ze erlabe mat Zouversicht op d'Liewen am Alter ze kucken, a fir eist Land och op d'Zäit no den nächste Wale virzebereeden.

Et ass och aus där Verantwortung eraus, dass mir de Gesondheetssystem moderniséieren. Well och an der Gesondheet, grad an der Gesondheet, geet et ëm de Mënsch. De Mënsch muss am Mëttelpunkt stoen, am Mëttelpunkt vun engem Gesondheetssystem deen accessibel ass fir jiddereen.

Dofir wäert et ënnert dëser Regierung keen Déconventionnement ginn. Mir wëlle keng Zwou-Klasse-Medezin. D'Tariffer wäerten och an Zukunft eenheetlech bleiwen an dat ofdecke wat gebraucht gëtt an noutwendeg ass. Mir stinn zu eisem solidaresche Gesondheetssystem. Eng Zwou-Klasse-Medezin ass schlecht fir den Zesummenhalt vun der Gesellschaft.

Ma den Zougang zum Gesondheetssystem dierf och net duerch laang Waardezäite limitéiert ginn. Dofir finanzéiere mir eng zousätzlech Garde fir d'Urgencen an eise Spideeler. An dofir brénge mir d'Medezin méi no bei d'Leit, mat besseren Infrastrukturen iwwerall am Land:

  • mat Bauprojete fir nei Spideeler oder Extensiounen a Moderniséierunge vu besteeënde Site vun eise Spideeler, a
  • mat zousätzlechen ambulatoiren Offeren op der Cloche d'Or an zu Gréiwemaacher, wou een IRM a Mammografie-Apparate bäikomm sinn.

An Zukunft erméigleche mir kleng medezinesch Agrëffer an enger Rei Beräicher an Eegeregie, dann och ausserhalb vum Spidol – zum Beispill bei den Aen- an Hautdokteren. Dat wäert d'Offer méi no bei de Patient bréngen an d'Waardezäite reduzéieren. Da wäerten dës Aktivitéiten och kënnen am Cabinet gemaach ginn.

D'Gesondheetsministesch presentéiert dës Ännerungen an den nächste Wochen – dat, nodeems si schonn e Gesetz op de Wee bruecht huet, dass Dokteren sech an enger Gesellschaft kënnen zesummen doen. D'Zil ass et de Finanzement vun Infrastrukturen a Material ze erliichteren an administrativ Vereinfachung fir d'Dokteren erbäizeféieren. Domat gëtt dëse wichtege Beruff och méi attraktiv.

Well mir brauchen Dokteren an aner Gesondheetsberuffer fir den Accès zur Medezin an enger gudder Fleeg och an Zukunft ze garantéieren. Nieft dem Medezin-Masterdiplom op der Uni.lu, behiewe mir mat engem spezifeschen eenheetleche Statut fir d'Medezinner an der spezialiséierter Ausbildung eng grouss Lacune an eisem System. Esou bleift eise Sozial- a Gesondheetssystem och an Zukunft Ausdrock vun engem Land dat zesummen hält.

D'Steierreform, d'Kannergeld, de Chèque-service accueil: eng kohärent Politik fir all d'Familljen ze stäerken an all Kand e faire Start an d'Liewen ze ginn.

Här President,

Déi Zukunft gehéiert der nächster Generatioun. Sozialen Zesummenhalt fänkt an der Kandheet un, wa mir zesummen opwuessen. Dofir ass d'Stäerke vun de Familljen a Kanner en zentraalt Versprieche vun der Regierung.

A wéi eis Kanner opwuessen, huet sech an de leschte Joerzéngte verännert, duerch Evolutioune bei de Familljekompositiounen, eng méi grouss Sproochendiversitéit, an déi nei Technologien.

Eis Famillje sinn haut méi divers. Ongeféier ee Kand op véier lieft an engem Stot mat just engem Elterendeel, oft der Mamm. Haut huelen och méi Männer de congé parental ewéi Fraen, och wann se dat méi oft deelzäit maachen.

Dës Entwécklunge weisen: all Famill huet hir eege Realitéit. An d'Kanner wuessen an ënnerschiddlechen Ëmfelder op. Eis gemeinsam Aufgab bleift awer iwwerall déi selwecht: all Kand déi nämmlecht Chancen op en ërfelltent Liewe ginn.

Dofir huet d'Regierung ambitiéis Moossname presentéiert, fir all Famill, fir all Kand. Et ass e kohärente, sozialgerechte Pak mat dräi Pilieren: Steierreform, Kannergeld, a Chèque-service accueil.

Ab 2028, soll et nach just eng eenzeg Steierklass ginn. Dëst ass eng fundamental Neiausriichtung vun eiser Steierpolitik, déi der gesellschaftlecher Entwécklung Rechnung dréit. An dofir sicht de Finanzminister e breede Konsens ronderëm dës Reform, a proposéiert, fir déi déi dat wëllen, eng laang Iwwergangsperiod vu 25 Joer. Dës eenheetlech Steierklass suergt:

  • fir méi Kafkraaft an eng weider Entlaaschtung fir déi meeschte Leit,
  • fir méi Steiergerechtegkeet tëscht de Familljen, an innerhalb vu Koppelen, a
  • fir méi Previsibilitéit am Fall vu Schicksalsschléi.

Virun allem setzt dës Reform de Facteur "Kand" an de Fokus. Mat engem neien Abattement reduzéiere mir de Montant, op deen ee Steiere bezilt, ëm 3.000€ pro Kand bis 3 Joer. Esou gi mir jonken Elteren déi finanziell Moyene fir méi Zäit mat hire Kanner ze verbréngen an hir Famill opzebauen. A mat enger weiderer Erhéijung vum Steierkreditt fir Elengerzéier gi mir nach eemol cibléiert géint d'Kanneraarmut vir.

Dat bréngt mech zum zweete Pilier: dem Kannergeld. Ab dem 1. Januar geet d'Kannergeld ëm 45€ de Mount an d'Luucht, bei Kanner iwwer 12 Joer souguer ëm 60€. An och d'allocation de rentrée scolaire gëtt ëm 60€, respektiv 90€, erhéicht.

Och hei ass d'Zil, all Kand eng fair Chance ze ginn, egal a wéienger Situatioun seng Eltere sinn. Dat maache mir och mat enger neier Tranche bei der allocation de naissance. Dës nei Tranche soll Eltere finanziell encouragéiere fir d'Sproochentwécklung vum Kand evaluéieren ze loossen, grad well déi éischt 30 Méint entscheedend si fir déi emotional, kognitiv a sproochlech Entwécklung vum Kand.

Den drëtte Pilier ass d'Reform vum Chèque-service accueil. Mir wëlle sécherstellen, dass all Kand Zougang zu enger Betreiungsplaz kritt, onofhängeg vun der Situatioun vun den Elteren. Och hei entlaaschte mir dofir d'Familljen, andeems de Staat ronn 80 Milliounen Euro iwwerhëlt, déi bis elo d'Famillje bezuelt hunn. Esou spuert eng Famill am Duerchschnëtt ronn 3.000€ pro Kand a pro Joer.

Gläichzäiteg stäerke mir d'Qualitéitskontroll an de Personalschlëssel, am Interessi vun de Kanner. An Zukunft mussen d'Strukture genau déi Stonne verrechnen, déi de Besoine vum Kand an den Elteren entspriechen. Esou schafe mir méi Plazen an de Strukturen an hëllefen all Famill dat privat a professionellt Liewe besser ënnert een Hutt ze bréngen.

D'Steierreform, d'Kannergeld, de Chèque-service accueil: dat ass eng kohärent Politik fir all d'Familljen ze stäerken an all Kand e faire Start an d'Liewen ze ginn.

Dëst ass eng Politik déi sech och am Schoulsystem erëmspigelt. Dofir erweidert den Educatiounsminister progressiv an alle Schoulen d'Méiglechkeet – net d'Obligatioun – fir eng Alphabetiséierung op Franséisch. Et kritt keen eppes ewech geholl. Am Géigendeel, et kréie vill Kanner eppes bäi: eng besser Chance op Succès an der Schoul.

Säit Jore geet ze vill Potenzial verluer, well zwee Drëttel vun de Kanner an enger Sprooch alphabetiséiert ginn, déi si vun Ufank u benodeelegt. Mir gi ville vun hinnen eng besser Optioun, ouni déi lëtzebuergesch Sprooch ze vernoléissegen. Lëtzebuergesch bleift d'Haaptsprooch an eise Schoulen.

Nieft de Sproochen, mussen d'Kanner och den Ëmgang mat neien Technologië léieren. Trotz ville positive Säiten, hu Smartphones a sozial Medien och negativ Effeten op eis Kanner – wéi si denken a schwätzen, sech verhalen an entwéckelen.

Et ass un eis fir hinnen eng gesond Screen-Life Balance bäizebréngen, a jo, och virzeliewen. Dofir hu mir den Handyverbuet an de Schoulen agefouert, kombinéiert mat méi Sportsstonnen a méi reellem Austausch. Grad am ganz jonken Alter hu mir eng kloer Schutzlinn gezunn: keng Smartphones an eise Betreiungsstrukturen. An iwwert d'Eltereforen hëllefe mir och doheem de richtege Kader ze setzen.

Ma et ass net just den Handy selwer, et sinn och, a virun allem, déi sozial Medien – déi oft weder sozial, nach Medie sinn. Si wëlle Leit verbannen, inspiréieren, an informéieren, ma se sinn oft Grond fir Isolatioun, Selbstzweifel an Desinformatioun. Si verbreeden a banaliséiere Gewalt a sexualiséierte Contenu, ouni Récksiicht op d'Notzer. Enger Etude vu BeeSecure no, sinn zwee Drëttel vun eise Jugendlechen dovu betraff. Dat kënne mir net hin huelen. Et ass eis gemeinsam Verantwortung si ze schützen.

Dofir huet d'Justizministesch e Gesetzesprojet deposéiert fir d'Bekämpfe vun digitaler Gewalt. Esou definéiere mir nei Strofdoten am Code pénal: zum Beispill, d'onerlaabten Deele vun intime Biller oder den Online-Stalking. Aner Studie weise kloer negativ Impakter vu soziale Medien op déi kognitiv Entwécklung vun eise Kanner. Et geet hei ëm d'Gesondheet vun eise Kanner.

Dofir wäert d'Regierung e Mindestalter fir d'Benotze vu soziale Medien aféieren. Wann eng europäesch Léisung bis Enn dës Joers net a Siicht ass maache mir dat, ewéi aner Länner och, op nationalem Niveau. Eis Politik stellt iwwerall d'Wuel vun de Kanner a Jugendlechen an de Mëttelpunkt – an der digitaler, grad wéi an der reeller Welt.

Dofir wäert d'Regierung an den nächste Wochen nei Moossname virstelle fir d'Strukturen an dësem Beräich weider auszebauen. Mir mussen eise System de komplexe Situatioune vun eise Jonken upassen, duerch nei therapeutesch a sozial Strukturen, an eng besser Vernetzung vun de Systemer. Hei besteet kloren Handlungsbedarf.

An dofir bleift et eng Prioritéit fir d'Texter déi zum Jugendschutz- a Jugendstroofrecht deposéiert goufen, schnellstméiglech an d'Realitéit ëmzesetzen. Kee vun eis wëll, dass Jugendlecher am Erwuesseneprisong landen. Dofir mussen déi Aarbechte schnell ofgeschloss ginn, an och déi néideg Strukture parallel dozou opgebaut ginn.

D'Kandheet an d'Jugend sollen eng suergefräi Zäit sinn, an déi geschitt virun allem Doheem.

Mir musse gemeinsam un all Hiewel usetze fir Neibaute vum Privatsecteur ze encouragéieren a méi abordabele Wunnraum an ëffentlecher Hand ze schafen.

Här President,

Fir déi meescht vun eis, ass déi éischt Erënnerung eng vun Doheem, do wou mir gewunnt a gespillt hunn, wou mir Momenter erlieft hunn, déi eis bis haut markéieren. Beim Thema Wunne geet et ëm dat Gefill vum Doheem. D'Logementspolitik stellt eis viru fundamental Froen:

  • Wou wäerten eis Kanner muer wunnen?
  • Wéi schafe mir Wunnraum do, wou e gebraucht gëtt?
  • Wéi erhale mir sozial Kohäsioun an eisen Dierfer a Stied?

Dës Froen si konkret, si sinn dréngend, a si betreffen eis all. En Doheem muss eng realistesch Chance fir jidderee bleiwen. Wéi mir zesumme wunnen ass eng Fro vu sozialem Zesummenhalt. Säit dem éischten Dag schafft d'Regierung mat allen Acteuren dorunner, dass d'Wunne bezuelbar bleift: mat de Gemengen, den ëffentleche Bauträger, dem Privatsecteur, der Zivilgesellschaft.

Eist Zil ass kloer: méi, a méi séier bauen, fir jidderengem d'Chance op erschwéngleche Wunnraum ze bidden. Dofir si mir deen administrative Chantier ugaangen. Mir wëssen all, dass d'Prozeduren déi gréisste Baustell am Land sinn. Se si laang, komplex, an deier, ma se sinn net a Stee gemeesselt. Fir se ze änneren, brauch et e laangen Otem, ma et ass méiglech, an et ass néideg.

Dofir hunn ech, am Numm vun der Regierung a menger éischter Ried zur Lag vun der Natioun, en 10-Punkte-Plang virgestallt fir e Paradigmewiessel bei de Prozeduren. Dovu si 7 ëmgesat oder an der Chamber deposéiert. Déi lëscht 3 kommen nach dëst Joer. Si vereinfachen d'Bauprozedure vu Grond op, ouni d'Qualitéit ze vernoléissegen:

  • mam silence vaut accord ginn Ufroen automatesch autoriséiert, wann den Delai erreecht ass,
  • mam Natur auf Zeit kënne Biotopen sech entfalen, ouni dass de Bauprojet méi lues oder méi deier gëtt,
  • mam nationale Bautereglement ginn d'Reegelen iwwerall am Land harmoniséiert fir méi séier a méi effizient ze bauen,
  • mam remembrement ministériel kënnen eenzel Proprietären net méi de Bau vun engem neie Quartier blockéieren,
  •  mat der compensation une fois pour toutes kann den Ëmweltimpakt vu Bauprojeten op Staatsterraine kompenséiert ginn.

Mir waren, sinn, a bleiwen iwwerzeegt vun dëse Moossnamen. Se wäerten dem Logementsmarché mëttelfristeg eng nei Dynamik ginn.

Ma de Marché dréint fir de Moment net esou, wéi mir eis dat virstellen. D'Demande bleift héich, an d'Offer niddreg. Dat ass keen Defi vu gëschter, en huet sech iwwert déi lescht Joren a Joerzéngten opgebaut. Weder deemools nach haut gëtt et eng Wonnerléisung.

Mir musse gemeinsam un all Hiewel usetze fir Neibaute vum Privatsecteur ze encouragéieren a méi abordabele Wunnraum an ëffentlecher Hand ze schafen.

Dofir musse mir d'Vertrauen an de Bau, de sougenannte VEFA-Secteur, nees stäerken. Ze vill Leit kennen de Probleem: de Chantier geet net virun, sou wéi e geplangt war. Am schlëmmste Fall goung de Promoteur faillite an de Chantier bleift Méint, heiansdo Joren, leien.

D'Vertraue vum Keefer kënnt just zeréck, wann et e bessere legale Schutz beim VEFA-Gesetz gëtt, virun allem bei der garantie d'achèvement. A well mir gesinn, dass d'Leit méi Vertrauen hu wann d'Mauere bis stinn an en Daach um Haus ass, reduzéiere mir och droits d'enregistrement op de gros-oeuvres fermés, also dem Réibau.

Ma d'Regierung iwwerhëlt och hir direkt Verantwortung fir méi abordabele Wunnraum ze schafen. Säit 2023 gouf de Budget fir d'Hëllefe fir sozial Promoteure méi wéi verduebelt, an e bleift och déi nächst Jore bei iwwert enger hallwer Milliard pro Joer. Donieft hu mir mat weidere 500 Milliounen Euro am VEFA-Opkafprogramm, Projeten uechtert dat ganzt Land realiséiert.

A mir hunn decidéiert fir dëse Programm mat engem zousätzleche Budget vun 300 Milliounen Euro iwwert déi nächste Jore weiderzeféieren. An Zukunft, wäert de Staat d'Präisser am VEFA-Opkafprogramm och jee no Regioun upassen a Projete just deelweis opkafen. Vill Bauprojete sinn nämlech zum Deel – 10, 20, 30% – verkaaft, ma de Chantier kann eréischt lancéiert gi wa genuch Wunnenge finanzéiert sinn. De Staat kann esou mat enger méi klenger Contributioun méi Projeten deblockéieren an de Bau ukuerbelen.

Esou entsteet méi abordabele Wunnraum. Mir mobiliséieren och mat aner Outilen Terraine fir och an Zukunft abordabele Wunnraum ze schafen: duerch eng cibléiert Acquisitiounspolitik, en appel à projets fir Baulücken, an och e reduzéierten TVA-Taux op de Bau vu Wunnengen déi zu abordabele Präisser verlount ginn.

All dës Efforte wäerte mir zum Deel mat engem housing bond – engem ëffentlechen Emprunt – finanzéieren. Esou kënne Privatpersounen, och mat klenge Beträg, de Bau vu Wunnraum direkt ënnerstëtzen, mat engem interessante Rendement.

D'Regierung wäert weider alles doru setze fir jidderengem den Accès op eng Wunneng ze erméiglechen. D'Wunnen ass kee Luxus. D'Wunnen ass e Recht. Dofir stäerkt d'Regierung och d'Locatairen, duerch Verbesserungen am gesetzleche Kader bei der Salubritéit a mam Schafe vun enger nationaler Loyerskommissioun.

Well an der Logementspolitik geet et ëm Mënschen, an dofir steet se am Zentrum vun eisem Zesummeliewen.

Well déi Momenter vum Matenee geschéie bei de Leit, an der Noperschaft, an eise Gemengen. Et ass do wou mir de sozialen Zesummenhalt all Dag liewen a stäerken.

Här President,

Dat Zesummeliewen ass keng abstrakt Theorie, et ass geliefte Praxis – all Dag an all Weekend, op den Duerffester, an de Sportsclibb, an de Museksveräiner. Et si Momenter an deenen d'Leit zesumme kommen, sech begéinen, sech austauschen. Iwwerall do entsteet e Gefill vum Mateneen.

An dat Matenee kann nëmmen do entstoe wou d'Leit sech sécher spieren. Dofir bréngt den Inneminister d'Police méi no bei d'Leit, op Basis vu 4 Prinzippien:

  • méi Personal: säit 2023 ass d'Police ëm 500 Poliziste gewuess, méi Präsenz: dat lescht Joer gouf et esou vill Patrulle wéi nach ni,
  • méi Proximitéit: mir hunn a 5 Gemengen eng Lokalpolice agefouert, a
  • méi Präventioun: mir gräifen de Verbrieche vir, mam Drogendësch a mat enger vereinfachter Kamera-Iwwerwaachung am ëffentleche Raum.

A mir ginn der Police mam Platzverweis renforcé nach virum Summer besser legal Moyene fir hir Aarbecht auszeféieren. Esou stäerke mir d'Sécherheet an d'Sécherheetsgefill, mat enger Police déi no bei de Leit ass an d'Zesummeliewen erméiglecht.

Well déi Momenter vum Matenee geschéie bei de Leit, an der Noperschaft, an eise Gemengen. Et ass do wou mir de sozialen Zesummenhalt all Dag liewen a stäerken.

Dofir wëlle mir d'Gemengeservicer besser legal encadréieren. Mat méi professionelle Servicer, kënnen eis Gemenge mat den aktuellen an zukünftegen Erausfuerderungen nach besser Schratt halen. A si kënne besser Méiglechkeete bidde fir dass Leit zesumme kommen an zesumme wuessen.

An dofir stäerkt d'Sportsministesch och d'Roll vum Sportscoordinateur um Gemengenniveau, a mécht d'Subside fir Veräiner méi breet op. Well de Sport ass eng Plaz wou sech Mënschen aus verschiddene Generatiounen, Kulturen a soziale Milieuen op Aenhéicht begéinen, an dat net just um Terrain.

Ee Veräi lieft och nieft dem Terrain, duerch déi vill Benevollen déi se um Lafen halen – am Sport, bei de Pompjeeën, de Scouten, an der Musek. Fir hinnen dat administratiivt Liewen ze erliichteren, ass d'Regierung mat allen Acteuren am Gespréich iwwer méiglech Vereinfachunge beim ASBL-Gesetz. Gläichzäiteg muss jiddereen d'Méiglechkeet hu fir um Zesummeliewen, um Sport an der Kultur, Deel ze huelen.

Dofir huet d'Regierung leschte Mount en Aktiounsplang presentéiert, mat 99 Moossnamen déi d'Kultur méi accessibel maachen an all Form vu Barrièren ofschafe sollen. D'Kultur erliewen dierf kee Privileeg sinn. Eis Kultur lieft op, wa se gelieft gëtt – vun alle Bierger am Land. Se ass Ausdrock vu gemeinsamen Traditiounen a Wäerter: Oppenheet, Respekt, Zesummenhalt.

An zu eiser Kultur gehéiert souwuel d'Méisproochegkeet wéi och déi lëtzebuergesch Sprooch. A fir déi weider ze ënnerstëtzen, stellt de Kulturminister nach dës Legislaturperiod en neien Aktiounsplang fir d'Lëtzebuerger Sprooch vir, well den Interessi an der Bevëlkerung ass do. D'Zuele si kloer:

  • d'Coursë fir Lëtzebuergesch ze léiere sinn ausgebucht,
  • bal zwou Millioune Visiteuren hunn dat lescht Joer hiren Text vum Spellchecker iwwerpréiwe gelooss, an
  • am Lëtzebuerger Online Dictionnaire gouf lescht Joer iwwer 14 Millioune Mol no engem Wuert gesicht – eng Demande all 2,2 Sekonnen.

Mir erwaarden eis en änleche Succès bei der neier Sproochmaschinn, déi mir mat enger Iwwersetzerfunktioun komplettéieren. D'Sprooch schaaft e Lien tëscht de Leit, an och mam Land – e Land an deem sech d'Zesummeliewen och an eisem politesche System erëmspigelt.

D'Demokratie ass de kloersten Ausdrock vun eisem Zesummeliewen. Grad elo, grad an dësen Zäiten, ass et wichteg, dass mir eis Demokratie schützen. Dofir stäerkt d'Regierung d'Press:

  • mat enger besserer Pressehëllef, 
  • mat engem Recht op Informatiounen, a
  • mat engem bessere Schutz géint juristesch Aschüchterungen.

An der Demokratie entscheede mir zesumme wat fir eng Richtung mir aschloen, wéi mir eist Ëmfeld gestalten. An zu deem Ëmfeld gehéiert och eis Ëmwelt.

Dobäi muss jidder Partner d'Suergen an d'Bedenke vun deenen engen an deenen anere wouerhuelen. A wa jidder Säit openeen duer geet, da wäerte mir gemeinsam de Wee no vir fannen – am Interessi vum Land.

Här President,

Eng gesond Natur ass d'Bün op där e gesond Zesummeliewen iwwerhaapt spillt.
Zesummen d'Natur erhale muss dofir eng Ambitioun vun eis all sinn.

  • Wëlle mir d'Sonn am Summer genéissen, oder als Hëtzewell erdroen?
  • Wëlle mir e gereegelten Alldag, oder extrem Wiederen?
  • Wëlle mir frësch Loft, proppert Waasser, gesond Bëscher?

Fir d'Regierung sinn d'Äntwerte kloer: mir wëllen d'Ëmwelt schützen an de Klimawandel ugoen. Déi Politik kucke mir net lassgeléist vum Rescht, ma als Deel vum Ganzen. D'Ëmweltpolitik muss mat anere Prioritéite geduecht ginn, a se net ausbremsen. An dat maache mir mat de Leit, am Dialog, duerch Iwwerzeegung, mat Encouragement. Dat ass eise Kompass, an deem bleiwe mir trei.

Dofir wäert den Ëmweltminister, am Dialog mat allen Acteuren, en neie Restoratiounsplang ausschaffen. Dëse wäert de Fokus op d'Qualitéit vun eise Gewässer, an d'Gesondheet vun eise Bëscher leeën.

Ma am Kampf géint de Klimawandel ass dat wichtegst fir op déi erneierbar Energien ëmzeklammen. D'Regierung huet dofir eng kloer Richtlinn: einfach – séier – erneierbar. Mat där Zilsetzung hu mir ronn 50 Moossname proposéiert – 50 Weeër fir déi erneierbar Energien auszebauen, 50 Weeër fir de Klimawandel unzegoen, a 50 Weeër fir eis eegen Energieproduktioun ze erhéijen.

Loosst mech dräi wichteg Fortschrëtter ervirhiewen. Éischtens, ass de Prefinanzement fir PV-Anlagen haut eng Realitéit. Dës nei Prozedur ass séier fir d'Betriber an einfach fir d'Bierger. A se mécht en direkten Ënnerscheed op der Rechnung – Schluss mam Virstrecke vun Dausenden Euro.

Dat ass Klimaschutz – einfach gemaach. Dofir breede mir dee System aus op d'Hëllefe fir elektresch Autoen, Wäermepompelen, a Renovatiounen. A mir verlängere se bis 2030.

Zweetens, huet d'Regierung e Gesetzesprojet proposéiert fir de Bau vu PV-Anlagen laanscht d'Autobunnen ze erlaben. Domat realiséiere mir onbenotzte Potenzial u Stroum fir zéngdausende Leit. Wann den Text nach virum Summer gestëmmt gëtt, kënne mir éischt konkret Projeten nach am Laf vum Joer lancéieren.

An drëttens, hu mir proposéiert de Prinzip vum silence vaut accord och bei den Ëmwelt-Autorisatioune fir erneierbar Energien anzeféieren.

An den nächste Méint gi mir konsequent op dësem Wee weider, well d'Zuele weisen, dass mir um richtege Wee sinn. Mat 8.000 neie PV-Anlagen, gouf et 2024 souvill nei Installatioune wéi nach ni virdrun. An 2025 ass souvill Solarstroum un d'Netz gaange wéi nach ni virdrun – eng Hausse vu 26% an engem eenzege Joer. Dat sinn zwee Rekorder an zwee Joer. Dat ass gutt fir de Planéit, d'Leit, an eist Land.

Här President,

Dat bréngt mech zeréck bei de Krich am Iran a seng Konsequenzen. Déi lescht Méint hunn ënnerstrach, wéi vulnerabel d'EU ass, soulaang si ofhängeg ass vu fossiller Energie, déi aus anere Regioune kënnt. De Krich huet déi global Energiemäert duerchernee geheit.

D'Regierung huet dës Evolutioune vun Ufank un enk suivéiert. Engersäits muss d'Versuergungssécherheet garantéiert bleiwen. Et koum bis ewell zu kengem Enkpass, net beim Petrol, net beim Gas, an net beim Stroum.

Anersäits bleift déi international Situatioun volatil an immens onsécher, a se huet e groussen Impakt op d'Präisser. Deen huet ee bis elo virun allem beim Petrol gespuert, och wann de Präis ënnert deem an eisen Nopeschlänner bleift. Mëttelfristeg kéinten och d'Gas- a Stroumpräisser klammen.

Dës Evolutiounen hunn och en Impakt op d'Weltwirtschaft. Lëtzebuerg bleift do net verschount. D'Projektioune vum STATEC weisen, dass de Wuesstem falen, an d'Präisser nees klamme wäerten. Dës Kris an hir ekonomesch a sozial Effete wäerten eis nach Méint a Jore beschäftegen.

Dofir huet d'Regierung d'Sozialpartner op eng Tripartite agelueden, fir mateneen ze diskutéieren ewéi een dës Effeten opfänke kann.

D'Kafkraaft vun de Leit an d'Kompetitivitéit vun eise Betriber sinn zwou zentral Prioritéite vun dëser Regierung. Och wann den Index, als zentraalt Element vun eisem Sozialmodell, en Deel vun deenen Effeten opfänkt – an dofir net a Fro gestallt gëtt – wëlle mir verhënneren, dass dat wat mir bis elo erreecht hunn, duerch eng Kris am Ausland zeréck gedréint gëtt.

Dobäi muss jidder Partner d'Suergen an d'Bedenke vun deenen engen an deenen anere wouerhuelen. A wa jidder Säit openeen duer geet, da wäerte mir gemeinsam de Wee no vir fannen – am Interessi vum Land. Lëtzebuerg funktionéiert duerch d'Zesummespill vun eis all.

Bei deem Zesummespill, musse mir och iwwert de kuerzfristegen Horizont eraus denken. Déi breet wirtschaftlech a sozial Probleemer riskéieren eréischt ze kommen. Elo gëllt et d'Weichen ze stelle fir dass eist Land virbereet ass. Mir musse mat Wäitsiicht diskutéieren, a mat roueger Hand agéieren.

D'Regierung huet schonn iwwert déi lëscht Méint agéiert. Mir hu virum Krich villes gemaach, wat aner Länner elo eréischt plangen. Säit dem 1. Januar dëst Joer iwwerhëlt de Staat mat 150 Milliounen Euro e groussen Deel vun den Netzkäschte fir d'Bierger an d'Betriber. Zesumme mat den 80 Millioune Euro fir de mécanisme de compensation, hu mir esou – op den 1. Januar dëst Joer – d'Stroumrechnung substanziell gedréckt.

Donieft hu mir, duerch eng Verdräifachung vun der Energieprimm, geziilt deene gehollef, déi d'Energiepräisser am meeschte spieren. Eng Eenzelpersoun kritt haut 600€ pro Joer, eng Famill mat 2 Kanner iwwert 1.000€.

Dat ass eng vun de Moossnamen aus dem Klimasozialplang, dee 45 Aktiounen zesummebréngt fir d'Energietransitioun sozialgerecht ze begleeden: Iddie wéi eng Reform vum Klimaprêt mat niddregen Zënse fir energeetesch Renovatiounen, oder e Leasing social fir Elektroautoen.

Esou hëllefe mir jidderengem fir op déi erneierbar Energien ëmzeklammen, ouni et ze imposéieren. Well d'Ëmklammen op erneierbar Energië schützt d'Leit virun héije Käschten, de Planéit viru schiedlechen Emissiounen, an d'Land viru riskanten Ofhängegkeeten. Dat gëtt eis mam Krich am Iran nach eemol virun Ae gefouert.

Ma dee Krich huet, a wäert, eben och méi breet wirtschaftlech a sozial Konsequenzen hunn – op d'Inflatioun, de Wuesstem, an d'Aarbechtsplazen. Och op déi Konsequenze musse mir eis virbereeden. Well ouni eng Wirtschaft déi dréint gëtt et kee sozialen, ekologeschen an technologesche Fortschrëtt. D'Wirtschaft ass Deel vun engem Ganzen.

Mir wëllen, dass eist Land weider zesumme schafft an zesumme wiisst. De Wuesstem ass d'Fundament vun eisem Liewensstandard. Dee Motor ass an de leschte Joren un d'Stocke komm.

Här President,

Eng Wirtschaft déi dréint ass e gemeinsame Projet. Kee vun eis kritt dat eleng hin, weeder d'Regierung, nach d'Betriber, nach d'Salariéeën, ëmsou méi an engem schwieregen internationalen Ëmfeld. Mir hu just Succès wann déi dräi anenee gräifen, an zesumme schaffen.

Genau dowéinst wäert d'Regierung ëmmer d'Hand fir den Dialog ausstrecken – fir Brécken ze bauen, am Respekt fir d'Suergen a Wënsch vu béide Sozialpartner, an am Interessi vum ganze Land. Den Accord mat de Sozialpartner bei ArcelorMittal erhält Aarbechtsplazen a garantéiert Investissementer an d'Zukunft vum Standuert Lëtzebuerg. Dësen, a sëlleg aner Accorden, weisen, dass de Sozialdialog zu dräi weider funktionéiere ka wa jiddereen un engem Strang zitt.

Mir wëllen, dass eist Land weider zesumme schafft an zesumme wiisst. De Wuesstem ass d'Fundament vun eisem Liewensstandard: de Pensiounssystem, d'Gesondheetskeess, eis Spideeler, Schoulen a Stroossen.

Dee Motor ass an de leschte Joren un d'Stocke komm. Ënner dëser Regierung huet sech d'Situatioun zwar verbessert, ma mir schneiden nach ëmmer manner gutt of wéi am historeschen Duerchschnëtt, oder am Verglach mat der Eurozon. An de Krich am Mëttleren Oste riskéiert dës Tendenz ze verschäerfen.

Eis Ekonomie deet sech säit der COVID-Pandemie schwéier nees an d'Gäng ze kommen. Ausser am Joer direkt no der Crise, ass de Wuesstem a kengem Joer iwwert 0,6% erausgaangen. Quasi all d'Secteuren hunn un Dynamik verluer – d'Handwierk, de Bau, de Commerce, d'Restauratioun. D'Finanzplaz bleift zwar de Motor vun eiser Ekonomie, ma ass enger aktiver internationaler Kompetitioun ausgesat.

An ouni Wuesstem och wéineg nei Aarbechtsplazen. Mir hunn a kengem Joer genuch Aarbechtsplazen am Privatsecteur geschaaft fir eise Sozialsystem ze finanzéieren. Déi meescht Aarbechtsplazen, déi nei geschaf goufen, sinn am ëffentlechen a konventionéierte Secteur entstanen.

Gläichzäiteg ass de Chômage lues awer sécher geklommen, a läit haut iwwert der EU-Moyenne, trotz engem ëmmer méi akute Personalmangel an enger Rei Secteuren, well d'Profiller vun de Leit déi eng Aarbecht sichen net bei déi Aarbechtsplaze passen déi oppe sinn. Dat limitéiert d'Betriber an hiren Aktivitéiten, a belaascht och d'Mataarbechter déi dee Manktem zum Deel opfänke mussen. A béid d'Leit an d'Betriber stelle sech Froen iwwert den technologesche Fortschrëtt.

Alles dat sinn Evolutiounen déi kee vun eis ignoréiere kann. Se betreffen eis all. Wa mir wëlle viru kommen, musse mir gemeinsam Äntwerte fannen. Eng Ekonomie besteet net just aus Betriber, grad sou wéineg wéi se just aus Salariéë besteet. An och d'Regierung kontrolléiert net all d'Aspekter vum Wuesstem.

Mir schafen zesumme Wuesstem, oder trëppelen zesummen op der Plaz – mat all senge Konsequenzen. Dat kann, a muss, een an enger Tripartite am Hannerkapp hunn, ma et ass kee Sujet deen ee mat engem Kriseninstrument ugeet.

Et ass eng Aufgab, déi e bestännegen Effort an Dialog brauch. D'Regierung ass bereet op all deene Sujete mat de Sozialpartner an den zoustännege Gremien ze schwätzen, hinnen no ze lauschteren, a gemeinsam u Léisungen ze schaffen. Well et ass e gemeinsaamt Uleies, dass eis Wirtschaft dréint an Aarbechtsplaze schaaft. Dorunner schafft d'Regierung och selwer all Dag, mat enger pragmatescher an zilorientéierter Approche.

Dat fänkt u bei der administrativer Vereinfachung a praktesche Léisunge fir alldeeglech Probleemer. Sou kritt all Betrib eng eenzeg digital Identifizéierungsnummer, déi bei all Administratioun gëllt. An d'Demarchë fir e Betrib ze grënne ginn an enger Prozedur regroupéiert. Um legislative Plang, wëlle mir d'Gesellschafts-, d'Comptas- an d'Obligatiounsrecht an den nächsten 12 Méint moderniséieren. Alles mam selwechten Zil: méi einfach, méi kloer, méi modern.

Dat hëlleft virun allem de klengen a mëttelstännege Betriber, déi och Begleedung a Form vun Expertise a finanziellem Appui brauchen. Dofir huet d'SNCI hir Offer mat engem neie prêt à taux zéro fir PMEen erweidert.

A mir ënnerstëtzen Investissementer an déi digital an ekologesch Transitioun. Eleng den SME Package fir déi digital Transitioun gouf säit 2024 vun iwwert 1.000 Betriber an Usproch geholl. A mir hëllefen och bei der Transmissioun vu Betriber, mat enger neier Staatshëllef. Well eleng am Handwierk gëtt geschat, dass 3.000 Betriber an den nächsten 10 Joer eng Nofolleg fanne mussen.

Ma all Betrib, ob grouss oder kleng, fänkt mat enger Iddi un. Dofir wëlle mir dem Betriibsgeescht en neien Elan ginn. Fir Grënner déi néideg Finanzen ze ginn, hu mir en neie Steierkreditt fir Investissementer a Start-ups agefouert. An d'SCNI huet eng Enveloppe vun 300 Milliounen Euro bereet gestallt.

An am Plaz, dass ee Grënner schonn um éischten Dag muss 12.000 Euro Startkapital virweisen, gi mir hinnen an Zukunft ee Joer Zäit. Dat wäert och der Schwieregkeet ee Bankkonto opzemaachen entgéint wierken. Doriwwer eraus, wäerte mir nei steierlech Moossname proposéieren, déi spezifesch op Start-ups a Scale-ups axéiert sinn.

Mir wëllen d'Leit encouragéieren sech ze lancéieren. Ma d'Angscht virum Echec bremst oft, ze oft, den Elan aus fir e Betrib ze grënnen. Dofir stelle mir an den nächste Méint e konkreten Aktiounsplang vir, deen d'Independantë besser sozial ofséchert, mat Moossnamen am Beräich vum Chômage, der sécurité sociale an och de Steieren. An dofir stäerke mir de Regimm vun der zweeter Chance, well och en zweete Versuch kann zu engem Erfolleg féieren. Mir solle Leit, déi eppes probéieren net bestrofen.

Um Schluss gëtt eis Ekonomie nämlech gedroe vu senge Leit: vun Entrepreneuren a vun alle Mataarbechter. An do brauche mir Leit mat de richtege Profiller. Dofir fërdere mir d'Formatioun mam Skillsplang, mat besseren Hëllefsinstrumenter fir jonk Leit, déi op der Sich no enger Aarbecht sinn, a mat enger Erweiderung vun der Offer beim Digital Learning Hub.

Mir ergänzen och eis Héichschouloffer andeems mir renomméiert Universitéiten approchéiere fir op Lëtzebuerg ze kommen. Dat wäert hëllefen Talenter unzezéien, déi mir fir eis wirtschaftlech a gesellschaftlech Entwécklung sichen a brauchen. Ma och dono musse mir attraktiv bleiwen an eis Atouten an d'Vitrinn stellen, virop d'Liewensqualitéit zu Lëtzebuerg.

Genau do setzt déi nei Promotiounsmark "Work in Luxembourg" un, déi d'Ministere fir Wirtschaft an Aarbecht presentéiert hunn. Hei fënnt een op enger Plaz all d'Informatiounen zum Liewen a Schaffen zu Lëtzebuerg. Déi richteg Leit a Betriber zu Lëtzebuerg zesumme bréngen ass en alldeeglechen Effort – een deen den Ausseminister och mam commerce extérieur méi an eiser Aussepolitik matdenkt.

Dofir musse mir eis och ëmmer nees nei erfannen. Dat ass d'Erfollëgsrezept vun eisem Land, a vun eiser Finanzplaz. Dowéinst brénge mir ëmmer nees nei Iddien op de Wee: den AI Experience Centre am LHoFT, e Steierregimm fir carried interest, en dediéierte Cybersecurity Gremium fir d'Finanzplaz.

A mir stäerke weider eis Renommée am Beräich vun de grénge Finanzen. Mir si kuerz virdru fir de weltwäit gréissten Obligatiounsfong fir de Schutz vum tropesche Reebësch, mat engem Investitiounsvolumen vun 125 Milliarden Dollar, op Lëtzebuerg ze bréngen.

Ma mir mussen eis och an anere Secteure positionéieren. Grad elo, wou d'Investissementer an d'Sécherheet an d'Luucht ginn, ass et wichteg eis Betriber an déi Liwwerketten anzebréngen.

Dofir hu mir eis eng Strategie fir eng Defenseindustrie ginn, déi bei eist Land passt an op eis Stäerken opbaut. Nach virum Summer wëlle mir mat engem spezifesche Gesetzesprojet, Rechtssécherheet a Vertraue schafen. Donieft leeë mir de Fokus op Recherche an Innovatioun, mat engem Investmentfong vun 150 Milliounen Euro fir Start-ups. Mir wäerte keng Panzeren a Rakéite bauen, mee cibléiert Innovatioun fërderen, déi och en zivillen Zweck kann hunn – virun allem am Weltall an der Cybersécherheet. À terme, kréien dës Aktivitéite mat engem neien Defence Campus zu Diddeleng eng Referenzplaz.

Dës Efforte reie sech och an eis Ambitiounen am Satellitteberäich an. Dësen Ekosystem, mat der SES als Anker fir vill aner Firmen, ass Deel vun der Lëtzebuerger DNA. Mir ënnerstëtzen der SES hir Ambitioun fir méi Satellitte mat lëtzebuergeschem Fändel an de Weltraum ze schécken, ënner anerem mam Space Campus, op deem eng Produktiounshal an en Testzentrum fir Satellitten entstinn.

De Bau vu Satellitten direkt hei zu Lëtzebuerg ass e ganz neit Kapitel an der Geschicht vun eiser Industrie. Esou entwéckele mir d'Industrie weider, zu enger Industrie un der Pointe vun der Innovatioun. Well et ass d'Innovatioun, déi eis virubréngt – als Ekonomie an als Gesellschaft.

Fir d'Regierung ass dat Zil kloer: eng KI am Déngscht vum Mënsch, déi ëm erlaabt säi vollt Potenzial ze erreechen a besser Entscheedungen ze treffen – eng souverän KI fir de Mënsch.

Här President,

D'Ekonomie ass d'Fundament fir villes, ma se ass net alles. Se schaaft Wuesstem, Räichtum, ma virun allem gëtt se eis d'Méiglechkeet fir ze gestalten, fir Fortschrëtt ze maachen. D'Regierung well Lëtzebuerg zu enger Wëssensgesellschaft maachen, eng Plaz wou mir zesummen d'Zukunft schafen. Dës Zukunft fënnt hiren Ursprong ganz oft an der Fuerschung.

D'Universitéit an d'Fuerschungsinstituter sinn de Laboratoire fir d'Léisunge vu muer. Dofir ënnerstëtze mir si all Joers mat ronn 500 Milliounen Euro. An dofir huet d'Ministesch fir Fuerschung an Héichschoul an deenen neie Konventiounen den Accent drop geluecht, dass déi exzellent Recherche de Wee an déi reell Welt fënnt.

Eng vun deenen Technologien, déi kuerz virum Sprong an eisen Alldag ass, ass dat automatiséiert Fueren. Hei well Lëtzebuerg e Virreider an Europa sinn, mat konkreten Uwendungen an der Logistik an op de Stroossen, an och bei spezialiséierte Servicer wéi Navetten. Dës Visioun encadréiere mir deemnächst mat engem gesetzleche Kader fir Privatautoen, fir aus revolutionärer Recherche gelieften Normalitéit ze maachen.

Dat ass och d'Zilsetzung vum neien Deep Tech Lab, wou Fuerschung gemaach gëtt op ganz neien Technologien, déi Potenzial hu fir komplex Probleemer ze léisen. An enger éischter Phase, läit de Fokus op der kënschtlecher Intelligenz an der Quantentechnologie.

E versprécht eng Begleedung vun der Iddi, iwwert d'Fuerschung an de Finanzement, bis hin zur Kommerzialiséierung – mat Berodung, Training an Investissementer. Esou wäert en d'Häerz vun eisem KI-Ekosystem ginn, nieft eise sécheren Datenzentren an dem neie KI-Supercomputer, deen dëst Joer soll prett sinn.

E wäert Talenter aus der ganzer Welt unzéien an zesumme bréngen. E wäert eng Plaz vun Interaktiounen tëschent Fuerschung, Innovatioun an Entrepreneuriat sinn. Well déi beschten Technologie bréngt näischt ouni dee mënschlechen "Touch".

D'KI weist eis vill nei Weeër op, ma et ass un eis ze entscheede wéi ee mir ginn, a wat eist Zil ass. Fir d'Regierung ass dat Zil kloer: eng KI am Déngscht vum Mënsch, déi ëm erlaabt säi vollt Potenzial ze erreechen a besser Entscheedungen ze treffen – eng souverän KI fir de Mënsch. Et ass mat deem Zil wou d'AI Factory Chercheuren, Betriber a Verwaltunge bei der Adoptioun vu KI-Léisunge begleet.

An dat Potenzial vun der KI wëlle mir och beim Staat notzen. Dofir hu mir e Partenariat mam europäesche Spëtzereider Mistral ënnerschriwwen. Mir hunn domat ee ganz neie Wee opgewisen, deen no eis, elo och aner europäesch Länner aschloen. D'Partenariat mat Mistral stellt nämlech sécher, dass all d'Donnéeën exklusiv op Servere vum lëtzebuergesche Staat stockéiert an traitéiert ginn. Esou schafe mir Sécherheet, Souveränitéit, a virun allem, Vertrauen an de Gebrauch vu KI.

Iwwert dës Woche kréien all d'Ministèren Accès op de KI-Chatbot LeChat. Dono breede mir dat och op d'Verwaltungen aus. A mir begleeden d'Beamte mat spezifesche Formatiounen.

Weider konkret Uwendunge sinn an der Virbereedung. Zum Beispill, KI-Léisungen op Basis vu Legilux, deen d'Liesen, d'Verstoen a souguer d'Schreiwe vu Gesetzer vereinfacht. Oder de Skills-Projet, deen eis, dank KI, eng dynamesch an zäitno Analyse vun de Kompetenzen um Aarbechtsmaart erméigleche wäert.

All dëst gëtt méiglech, well mir eng KI-Léisung hunn, déi souverän op eisen eegenen Dateninfrastrukture funktionéiert. Dësen Aspekt vu Souveränitéit ass net ze ënnerschätzen, grad an Zäiten an deenen de Wand an der Welt méi rau bléist.

D'EU ass eis beschte Garantie fir net zum Spillball vun anere Groussmuechten ze ginn a fir eis Wäerter vu Fräiheet, Demokratie an internationalem Recht ze liewen.

Här President,

Dee Wand bréngt vill Onrou an Ongewëssheet mat sech. E bréngt Realitéite mat sech déi mir duechten, hannert eis gelooss ze hunn. Et ass grad a méi stiermeschen Zäiten, an deene mir nach méi enk mussen zesumme stoen. Dat gëllt heiheem – an alle Beräicher, déi ech haut beschriwwen hunn – an dat gëllt an Europa.

D'Lag vu Lëtzebuerg kann een net beschreiwen, ouni och Europa ze kucken. D'Geschicht vu Lëtzebuerg ass d'Geschicht vun Europa. An d'Zukunft vun Europa ass d'Zukunft vu Lëtzebuerg. Well och um internationale Plang si mir zesumme méi staark. Dat gesäit een:

  • an der Ukrain – wou d'EU de Groussdeel vun der Ënnerstëtzung liwwert,
  • a Grönland – wou d'EU sech geschlossen hannert Dänemark gestallt huet, an
  • am Handel – wou d'EU Handelsaccorde mat 9 Länner an 2,5 Milliarde Mënschen ofschléisst.

Dofir setzt d'Lëtzebuerger Regierung sech fir eng gemeinsam europäesch Aussen- a Sécherheetspolitik an, déi schnell a konsequent agéiere kann. Ze oft ass d'EU haut just an der Roll vun deem deen nokuckt. Ma mir mussen net just an der Aussepolitik méi no beienee réckelen:

  • och an der Energie, fir d'Reseauen iwwert d'Grenzen ewech ze verbannen,
  • och an der Technologie, fir eis Efforten ze bündelen a mat Amerika a China matzehalen,
  • och an der Wirtschaft, fir dem Bannemaart en neien Elan ze ginn,
  • och bei de Finanzmäert, fir d'Erspuernisser aus ganz Europa zu Investissementer ze mobiliséieren, an
  • och am Schengenraum, fir zu engem Europa ouni Grenzen zeréck ze fannen.

An all deene Beräicher huet Lëtzebuerg en Interessi u méi Europa. Well d'EU ass eis beschte Garantie fir net zum Spillball vun anere Groussmuechten ze ginn, a fir eis Wäerter vu Fräiheet, Demokratie an internationalem Recht ze liewen.

Wäerter fir déi mir eis och iwwert d'EU eraus asetzen – grad an dësen Zäiten. Dofir hu mir – grad elo – eis Kontributiounen un d'UNO-Agencen an eis Klimafinanzéierung erhéicht. Dofir maache mir – grad elo – eng Asylpolitik mat Häerz a Verstand.

An dofir hu mir – grad elo – Palästina als Land unerkannt. Zesumme mat iwwert 150 anere Länner, wëlle mir mat dëser Unerkennung dem Fridden an der Hoffnung eng nei Chance ginn. Et ass eis Kontributioun zu enger Zwee-Staate-Léisung, déi et Palästina an Israel erlabe soll a Fridden a Sécherheet ze liewen.

Et bleift eis Iwwerzeegung, dass den Dialog an internationaalt Recht de beschte Wee si fir Probleemer ze léisen. Eng Iwwerzeegung, déi mir mat méi Länner deele wéi mir heiansdo denken. An awer ass net vun der Hand ze weisen, dass déi grouss Muechten nees méi eesäiteg hire Wëllen duerchsetzen, och op Käschte vun aneren.

An dofir musse mir méi an eis Sécherheet investéieren – eis eegen zu Lëtzebuerg, an eis kollektiv an der NATO an EU. Dat ass net géint eis Wäerter, ma fir eis Wäerter, well et evitéiert, dass anerer eis hir Wäerter imposéieren. Defense, Diplomatie, an Developpement si komplementär. Et sinn dräi Piliere mam selwechten Zil: Fridden.

Mir wëllen net ugräifen, ma mir wëllen och net ugegraff ginn. Dofir braucht et eng credibel Ofschreckung. D'Defenseministesch preparéiert eis Arméi op dës nei strategesch Erausfuerderungen, mat méi Rekrutementer, méi attraktive Konditioune fir d'Beruffer an der Arméi, an neie militäresche Kapazitéiten.

Ma eng credibel Ofschreckung muss och credibel finanzéiert sinn. Dofir gëtt d'Regierung sech eng finanziell Trajectoire bis 2029 – d'Joer an deem sech d'NATO Rendez-vous ginn huet fir d'Situatioun nei ze evaluéieren. Iwwert déi nächste Jore wäert de Budget fir eis Sécherheet graduell a klénge Schrëtt an d'Luucht goe fir eis NATO-Ziler bis 2035 ze erreechen. Dat ass e kollektiven Effort mat eisen Alliéierten.

A fir dee kollektiven Effort ze ënnerstëtzen, proposéiert Lëtzebuerg – zesumme mat onsem Alliéierte Kanada – eng nei multilateral Bank fir d'Defense, Sécherheet a Resilienz, där hiren europäeschen Hub mir hei zu Lëtzebuerg opbauen. Dës Initiative passt bei eist Land, a baut op eis Stäerkten op:

  • d'Vertrauen, dat mir duerch eis politesch Stabilitéit inspiréieren,
  • d'Expertise, déi mir an der Finanzwelt opgebaut hunn, an
  • den Hub vun internationalen Institutiounen dee mir entwéckelt hunn.

Mat Garantien an innovative Finanzsolutiounen, wäert dës Bank hëllefe fir déi wirtschaftlech Basis fir eng staark Ofschreckung ze schafen.

Nieft enger gestäerkter Arméi an Defenseindustrie, musse mir eis Sécherheet och méi breet denken. Mir mussen eist Land als ganzt méi resilient, méi widderstandsfäeg maachen, géint all Zort vu Kris.

Dofir hu mir déi éischt national Resilienzstrategie virgestallt. Dës gëtt Dag fir Dag ëmgesat: um Niveau vun de Gemengen, de kriteschen Infrastrukturen, an der Regierung. Dës Efforten hu mir mat spezifesche Strategien ergänzt, fir eist Land op Cyberattacken an d'Effeten vum Klimawandel virzebereeden.

Ma Resilienz ass kee Gesetzesprojet. Resilienz ass geliefte Praxis, bei där jidder Eenzele vun eis gefrot ass. Dofir wëlle mir d'Bierger besser informéieren a sensibiliséieren, mat engem Guide mat praktesche Rotschléi, deen an der Rentrée virgestallt gëtt.

Ma richteg Resilienz hält net beim Eenzelen op. Richteg Resilienz brauch Zesummenhalt. Et brauch Asaz, ee fir den aner. Loosst mech dofir op dëser Plaz alle Leit am Land Merci soen, déi sech all Dag fir de Schutz vun eiser Gesellschaft abréngen: d'Zaldoten an d'Police, d'Personal am Gesondheetssecteur, déi Haaptamtlech a Fräiwëlleg am CGDIS, an nach sou vill anerer.

Mat dëser Politik stäerke mir den Zesummenhalt an eiser Gesellschaft. Mateneen. Fireneen. Fir Lëtzebuerg. Fir d'Zukunft.

Här President,

Dës Leit leeschte mat hirer Aarbecht e ganz besonneschen Déngscht un eisem Land. Ma um Enn dréit jidderee vun eis zum Zesummenhalt an eiser Gesellschaft bäi, grad wéi déi dräi Geschichten, déi ech ganz um Ufank erwäänt hunn.

Eis Natioun ass d'Resultat vun Dausenden an Dausenden vun alldeeglechen Interaktiounen, Gespréicher a Bezéiungen – Doheem, am Bus, op der Schaff, um Feierowend. Si forméiert sech all Dag op en Neits, spontan, dynamesch, natierlech. Ech hunn iech haut eng ganz Rei Politike beschriwwen, déi den Zesummenhalt an eiser Gesellschaft stäerken:

  • eng Politik vum zesummen halen déi d'Aarmut ugeet an de Sozialmodell ofséchert,
  • eng Politik vum zesummen opwuessen déi d'Famillje stäerkt an all Kand eng fair Chance op e gutt Liewe gëtt,
  • eng Politik vum zesumme wunnen déi jidderengem Accès zu engem Doheem bitt,
  • eng Politik vum zesumme liewen déi Sport, Kultur a Sprooch als roude Fuedem vun eiser Gesellschaft versteet,
  • eng Politik vum zesummen erhalen déi d'Ëmwelt schützt an de Klimawandel ugeet,
  • eng Politik vum zesumme wuessen déi Aarbechtsplaze schaaft an am Dialog d'Wirtschaft stäerkt – net als Selbstzweck, mee als Fundament vun eisem Liewensstandard,
  • eng Politik vum zesumme schafen déi d'Fuerschung an d'Innovatioun an den Déngscht vum Mënsch stellt, an
  • eng Politik vum zesumme stoen déi Lëtzebuerg als dreiwend Kraaft vum europäesche Projet gesäit an eng resilient Gesellschaft fërdert.

Mat dëser Politik stäerke mir den Zesummenhalt an eiser Gesellschaft. Mateneen. Fireneen. Fir Lëtzebuerg. Fir d'Zukunft.

Regierungsmember

FRIEDEN Luc

Organisatioun

Staatsministère

Event Datum

19.05.2026