-
Pressebriefing: Aféierung vum "Nohaltegkeetscheck" an der legislativer Prozedur
De Xavier Bettel, Premierminister, Staatsminister an d'Joëlle Welfring, Ministesch fir Ëmwelt, Klima an nohalteg Entwécklung invitéieren op d'Pressekonferenz fir d'Presentatioun vum "Nohaltegkeetscheck" (NHC), engem Instrument fir d'Evaluatioun vu Gesetzer am Hibléck op hir Auswierkungen op d'nohalteg Entwécklung De Livestream fänkt géint 14 Auer un.
-
Test vum nationale Warnsystem: zonal Warn-SMS, Sireenen an Test-Noriicht op d'GouvAlert-App
Am Kader vum Iwwerschaffe vum Warnsystem fir d'Populatioun fiert d'Regierung e Méinden, 1. Mee 2023, mat der Ëmsetzung vun hirer Teststrategie vum nationale Warnsystem weider. Dëst geschitt mam Test vum Sireenennetz, deen all Mount duerchgefouert gëtt a mam Verschécke vun enger Warn-SMS un d'Bevëlkerung bannent enger bestëmmter Zon, sou wéi mat engem Test-Message iwwert d'GouvAlert-App.
-
LU-Alert: Poursuite vun den Tester vum Warnsystem an Ëmfro bannent der Bevëlkerung
D'Regierung wäert de Méindeg, den 3. Abrëll 2023, d'Ëmsetzung vun hirer Strategie fir den Test vum Warn- an Informatiounssystem fir d'Bevëlkerung weiderféieren, andeems si een 2. landeswäiten Test iwwer follgend Kommunikatiounskanäl duerchféiert: Sireenen, SMS, GouvAlert (Handy-App).
-
Belsch-Lëtzebuerger Partnerschaft tëschent Proximus Group a LuxConnect am Cloud-Beräich
Am Kader vun der Wirtschaftsmissioun vum Premierminister, Staatsminister Xavier Bettel op d'amerikanesch Westküst, gouf déi Belsch-Lëtzebuerger Partnerschaft tëschent Proximus Group a LuxConnect am Cloud-Beräich virgestallt, dat wärend enger Visitt bei Google zu Mountainview.
-
Versammlung vum Koordinatiounscomité Tripartite: Ënnerzeechnung vum Ofkommes
D'Joer 2022 war vun engem historesch eemolegen Inflatiounsschub gepräägt, dee mat enger däitlecher Hausse vun den Energiekäschten an de Verbraucherpräisser am Allgemenge verbonne war. Dësen Effekt gouf duerch de russeschen Invasiounskrich géint d'Ukrain nach verstäerkt.
-
Pressebriefing no der Reunioun vum Koordinatiounscomité Tripartite
No der Reunioun vum Koordinatiounscomité Tripartite vun e Freiden dem 3. Mäerz 2023, informéieren d'Regierung, zesumme mat de Sozialpartner, d'Press iwwert d'Gespréicher. De Livestream fänkt géint 18:45 Auer un.
-
Test vum nationale Warnsystem: zonal Warn-SMS, Sireenen an Test-Noriicht op d'GouvAlert-App
Am Kader vum Iwwerschaffe vum Warnsystem fir d'Populatioun fiert d'Regierung e Méinden, 6. Mäerz 2023, mat der Ëmsetzung vun hirer Teststrategie vum nationale Warnsystem weider. Dëst geschitt mam Test vum Sireenennetz, deen all Mount duerchgefouert gëtt a mam Verschécke vun enger Warn-SMS un d'Bevëlkerung bannent enger bestëmmter Zon, sou wéi mat engem Test-Message iwwert d'GouvAlert-App.
-
Kommunikatioun zum Moossnamepak fir d'Wale fir Persoune mat enger Behënnerung méi accessibel ze maachen
De Staatsministère an de Ministère fir Famill, Intégratioun an d'Groussregioun soen de Bierger an de Gemenge Merci fir hir Participatioun un der Ëmfro iwwer d'Accessibilitéit vun de Walen, déi iwwer d'Plattform "Zesumme vereinfachen" duerchgefouert gouf.
-
Laut Statec kéint eng zweet Indextranche am Laf vum Joer 2023 erfalen
De Statec huet haut seng neiste Previsioune fir d'Inflatioun fir 2023 an 2024 publizéiert. Deemno soll d'Inflatioun 2023 bei 3,4% an 2024 bei 4,8% leien.
-
Test vum nationale Warnsystem: zonal Warn-SMS, Sirenen an Test-Noriicht op d'GouvAlert-App
Am Kader vum Iwwerschaffe vum Warnsystem fir d'Populatioun fiert d'Regierung e Méinden, 6. Februar 2023, mat der Ëmsetzung vun hirer Teststrategie vum nationale Warnsystem weider. Dëst geschitt mam Test vum Sirenennetz, deen all Mount duerchgefouert gëtt a mam Verschécke vun enger Warn-SMS un d'Bevëlkerung bannent enger bestëmmter Zon, sou wéi mat engem Test-Message iwwert d'GouvAlert-App.
-
Konstruktiven Echange mat de Vertrieder vu Landwirtschaft, Wäibau a Gäertnerei beim "Agrarsommet"
Op Ufro vum Agrarsecteur haten de Staats- a Premierminister Xavier Bettel, de Claude Haagen, Minister fir Landwirtschaft, Wäibau a ländlech Entwécklung, an d'Joëlle Welfring, Ministesch fir Ëmwelt, Klima an nohalteg Entwécklung, Vertrieder aus der Landwirtschaft, dem Wäibau an der Gäertnerei de 26. Januar 2023 op den "Agrarsommet" um Schlass Senneng invitéiert.
-
COVID-19: Réckbléck op d'Woch vum 12. bis den 18. Dezember 2022
An der Woch vum 12. bis den 18. Dezember geet d'Zuel vun de positiv op COVID-19 geteste Persounen op 1.464 erop, par Rapport zu 1.440 an der Woch virdrun.
-
COVID-19: Réckbléck op d'Woch vum 5. bis den 11. Dezember 2022
An der Woch vum 5. bis den 11. Dezember geet d'Zuel vun de positiv op COVID-19 geteste Persounen op 1.440 erop, par Rapport zu 1.214 an der Woch virdrun.
-
COVID-19: Réckbléck op d'Woch vum 28. November bis de 4. Dezember 2022
An der Woch vum 28. November bis de 4. Dezember geet d'Zuel vun de positiv op COVID-19 geteste Persounen op 1.214 erop, par Rapport zu 1.164 an der Woch virdrun.
-
LU-Alert: D'Iwwerschaffe vum Warn- an Informatiounssystem fir d'Populatioun setzt op eng technologesch Spëtzeléisung
Zanter 2021 schafft d'Regierung, ënnert der Koordinatioun vun der Inneministesch, um Iwwerschaffe vum Warnsystem fir d'Populatioun.
- Éischt Säit
- 1
- 2
- 3
- 4
- 5
- ...
- Lescht Säit