Jean-Claude Juncker au sujet du remaniement ministériel

Joëlle Hengen: Ech begréissen de Jean-Claude Juncker nieft mir. Här Juncker, gudden Owend.

Jean-Claude Juncker: Gudden Owend.

Joëlle Hengen: Vläicht kënne mir direkt emol mat der Iwwerraschung vum Dag ufänken, mat der Madame Martine Hansen. Firwat de Choix vun engem Quereinsteiger? Firwat net deen Nächst-Gewieltenen?

Jean-Claude Juncker: Meng Iwwerzeegung war, datt eng Partei, déi vun 9 Ministeren nëmmen 3 Frae stellt, bei dem Récktrëtt vun enger Ministesch muss bei engem Minimum vun 3 Frae bleiwen. Et ass den Equiliber an der Gesellschaft an en ass nach net ganz réusséiert. An da muss ee kucken, wien fir esou eng Positioun a Fro kënnt. An do war meng Iwwerleeung, datt ee muss mat enger Fra an der Regierung untrieden, déi op hirem Liewenswee bewisen huet wat se kann, datt se sech duerchsetze kann, datt se och organiséieren a reorganiséiere kann, datt se e Succès fir anerer kann erbäi féieren. Eng Fra och, déi de Norden versteet, esou wéi e war, esou wéi en ass, esou wéi e muss ginn. Eng Fra déi opgrond vun hirem professionellen Liewenswee an opgrond vun hire Studien alles an sech zesumme bréngt wat ee brauch fir un den Zukunftschantieren ze schaffen. An eis Zukunft läit an der Recherche, läit an der Innovatioun, läit am Héichschoulwiesen. An eng Agraringenieurin ze fannen, déi och sozial Wëssenschaften an Économie studéiert huet an déi e Master am Schoulmanagement huet, déi, deenen hir Elteren ee Bauerewiesen haten, déi also de Norden richteg spiert an déi gesäit wéi d’Zukunft sech kann entwéckelen, déi hu mir an der Persoun vun dem Martine Hansen fonnt an ech si frou datt dat eis gelong ass. An déi Leit, déi gewielt sinn, d’Deputéierten, déi mir hunn - bei deenen iwweregens keng Fra ass am Norden, awer geschwënn eng Fra wäert dobäi sinn - déi waren iwwer dee Choix konsultéiert ginn an déi hunn dee Choix ganz matgedroen.

Joëlle Hengen: Vläicht dann awer och déi selwecht Fro wat d’Nofolleg vun der Madame Jacobs ugeet, déi jo elo vum Marc Spautz remplacéiert gëtt. Firwat do de Marc Spautz an och net deen Nächst-Gewieltenen, wat de Michel Wolter gewiescht wier?

Jean-Claude Juncker: De Michel Wolter war an der Regierung. De Michel Wolter ass Parteipresident a konzentréiert sech gären op déi Aufgab. E wollt net zréck an d’Regierung kommen. Obschonn ech dat ëmmer mat him geschwat hunn, déi lescht Deeg, well en och der Meenung war, datt an enger Vollekspartei wichteg ass – obschonn hien dat och huet – datt een dat sozialt Profil net versacke léisst. Eng Vollekspartei wéi meng, an ee Land wéi eist, däerf d’Suerg ëm dat Sozialt net kleng schreiwen. Mir kommen aus enger Zäit eraus vu neoliberaler Onopmierksamkeet. An déi Nominatioun vum Marc Spautz wëll och däitlech maachen, datt fir eis d’Sozialpolitik, nuancéiert selbstverständlech duerch Ekonomesches, wat d’Viraussetzung vun eiser Sozialpolitik bleift, prioritaire Bedeitung huet. D’CSV ass eng sozial Partei an dat weise mir duerch déi Nominatioun.

Joëlle Hengen: Wat d’Portefeuillen ugeet hutt Dir décidéiert relativ vill ëmzetässelen [gëtt ënnerbrach]

Jean-Claude Juncker: Fannt Dir?

Joëlle Hengen: Jo, ech fannen. Jiddefalls ass de François Biltgen net eent zu eent ersat ginn [gëtt ënnerbrach]

Jean-Claude Juncker: Wann Dir de François Biltgen kennt géif Dir wëssen, datt dat guer net geet.

Joëlle Hengen: Vläicht e Wuert Explicatioun zu deenen Décisiounen, déi Dir geholl hutt.

Jean-Claude Juncker: Ech hunn proposéiert, menger Partei – déi ass jo net nëmmen informéiert ginn, déi huet mussen zoustëmmen – fir d’Madame Modert Justizministerin ze maachen. Ech sinn einfach der Meenung, datt een dofir eng Juristin oder e Jurist brauch. Si kritt domat ee Ressort dee vun grousser Bedeitung ass. Si kritt elo d’Zoustännegkeet, ganz, fir d’Fonction publique wou se wiesentlech matgehollef huet, wat d’Inhalter vun där Strukturreform an der Fonction publique betrëfft, déi elo am Parlament virläit. An si behält selbstverständlech d’Zoustännegkeet fir d’Kultur. Dat ass eng grouss Aarbecht, déi se ze leeschten huet. Dofir hunn ech dem Här Spautz d’Relatiounen mam Parlament zougesprach, wann ech dat däerf esou bal militäresch ausdrécken. Well d’Madame Modert einfach wichteg Aarbechten huet. An well mir am Osten ënnerwee waren, hunn ech d’Departementer vun der Madame Hetto onberéiert gelooss. Well ech der Opfaassung sinn, datt et fir eise wirtschaftlechen Équiliber am Land extrem wichteg ass, datt mir de Mëttelstand stäerken an all sengen Komponenten, ergo och am Beräich vum Tourismus. Dat verlaangt de vollen Asaz vun engem Minister.

Joëlle Hengen: Et ass jo elo esou, datt nach net gewosst war virdrun, wéini si vereedegt ginn, déi nei Ministeren. Hutt Dir do schonn vläicht méi Präzisiounen?

Jean-Claude Juncker: Ech hu selbstverständlech, nodeems ech déi lescht Deeg mech e puer mol mat him beroden hunn, de Grand-Duc iwwer d’Décisiounen vu menger Partei informéiert an iwwer déi Propositioun, déi ech gemaach hunn. Déi zwee Ministeren, déi d’Regierung verloossen, gi vum Grand-Duc e Méindeg emfaangen an entlooss. Nodeem ech eng kéier am Palais virstelleg gi sinn. An déi nei Ministeren ginn en Dënschdeg vereedegt.

Joëlle Hengen: Sot mir nach just, firwat huet dat esou laang gedauert? Vun der Oppositioun sidd Dir kritiséiert ginn, am Ausland géif dat vill méi séier goen. Hei huet dat iwwer 2 Wochen gedauert. Firwat esou laang?

Jean-Claude Juncker: Ech sinn net nëmmen vun der Oppositioun kritiséiert ginn, mee och vun der Press, inklusiv, wéi dat üblech ass, vun RTL. Dat verréit eng Onkenntnis iwwer de realen Oflaf vun de Prozeduren [gëtt ënnerbrach]

Joëlle Hengen: D’Press huet just Froen opgeworf, firwat dat esou laang géif daueren [gëtt ënnerbrach]

Jean-Claude Juncker: Jo, jo, Dir ditt een aalen Af net méi laachen.

Den Här Krecké ass zréck getrueden. An den Här Schneider ass an d’Regierung komm. Et huet 60 Deeg gedauert. Den Här Biltgen huet aus Anstand an aus Respekt virum Parlament, am Parlament, déi lescht Sitzung vum Parlament virum 16. Mee drop gehalen dem Parlament ze soen, firwat datt e géif d’Regierung verloossen, an en ass no 19 Deeg ersat ginn. Hutt Dir nach Froen zu deem Punkt?

Joëlle Hengen: Nee, elo net méi. Ech soen Iech villmools Merci fir Är Äntwerten.

Dernière mise à jour