Noriichten

  • Resultater filtern
    Entrez une période

    Le format de date attendu comprend le jour (sur deux chiffres) suivi du mois (sur deux chiffres) suivi de l'année (sur quatre chiffres) : chacune de ces valeurs est séparée par un tiret.

  • 243 Resultater
  1. Nodeems d'Delaien tëschent der 1. Impfung an der "Booster"-Impfung gekierzt goufen an am Kontext vun enger méi schneller Liwwerung vun Impfstoffer, huet d'Regierung decidéiert vum 10. Januar 2022 un en temporäre 5. Impfzenter an der Luxexpo The Box (Kierchbierg) opzemaachen.

  2. Opgrond vun der aktueller epideemescher Well, de Risike vun der Omikron-Variant an de klammenden Inzidenzen bei der Hospitalisatioun vu geimpfte Persounen, an entspriechend de Recommandatioune vum Conseil supérieur des maladies infectieuses (CSMI) vum 14. Dezember, gouf am Regierungsrot vum 15. Dezember decidéiert, den Delai tëscht der leschter Impfung mam Impfstoff vu Pfizer oder Moderna an dem Impf-Rappel (Booster) vu 6 op 5 Méint ze kierzen.

  3. Wéi am Regierungsrot vum 10. Dezember decidéiert, an op Basis vum Avis vum Conseil supérieur des maladies infectieuses (CSMI) vum 29. November, kënne vulnerabel Kanner tëschent 5 an 11 Joer, a Kanner am reegelméissege Kontakt mat vulnerabele Persounen, sech fräiwëlleg impfe loossen.

  4. De Premier- a Staatsminister Xavier Bettel an d'Gesondheetsministesch Paulette Lenert informéieren d'Press iwwert d'Aarbechte vum Regierungsrot. De Livestream fänkt géint 17 Auer un.

  5. De Premier- a Staatsminister Xavier Bettel an d'Gesondheetsministesch Paulette Lenert informéieren d'Press iwwert d'Aarbechte vum Regierungsrot. De Livestream fänkt géint 15 Auer un.

  6. De Premier- a Staatsminister Xavier Bettel huet haut decidéiert, dass d'Ufro fir d'Duerchféiere vun engem Referendum iwwer déi proposéiert Revisioun vum Kapitel VI vun der Verfassung, déi vum Initiativkommitee presentéiert gouf an de 26. Oktober 2021 entgéintgeholl gouf, akzeptéiert gëtt, well dës de Bedéngunge vum ofgeännerte Gesetz vum 4. Februar 2005 entsprécht.

  1. Éischt Säit
  2. ...
  3. 7
  4. 8
  5. 9
  6. 10
  7. 11
  8. ...
  9. Lescht Säit