-
16.200 Invitatioune goufen un d'Leit op der Waardelëscht fir d'Impfung géint COVID-19 mam Vaxzevria Impfstoff verschéckt
Nodeems d'Waardelëscht fir d'Impfung géint COVID-19 mam Vaxzevria® (AstraZeneca) Impfstoff opgaangen ass, goufen de 27. Abrëll 16.200 Invitatiounsbréiwer per Post verschéckt. Déi invitéiert Persoune kënne sech ab elo ee Rendez-vous an engem Impfzenter huelen.
-
Pressebriefing: De Xavier Bettel presentéiert d'Resultater vun der ëffentlecher Consultatioun iwwert kënschtlech Intelligenz
E Mëttwoch den 28. Abrëll presentéiert de Xavier Bettel, Premier- a Staatsminister a Kommunikatiouns- a Medieminister, d'Resultater vun der ëffentlecher Consultatioun iwwert kënschtlech Intelligenz. De Livestream fänkt géint 11 Auer un.
-
Start vun der Phas 6 vun der COVID-19-Impfcampagne
Déi éischt Invitatioune fir d'Persounen aus der Phas 6 vun der Impfcampagne gi géint Enn dëser Woch verschéckt (Woch 17).
-
Prozedur fir Persounen, déi sech fräiwëlleg mam Vaxzevria Impfstoff impfe wëlle loossen
Wéi de 16. Abrëll vum Regierungsrot decidéiert, hu Persounen tëschent 30 a 54 Joer d'Méiglechkeet, sech online an enger Lëscht anzedroen an hiren Interessi un enger fräiwëlleger Impfung mat Vaxzevria Impfstoff (fréier AstraZeneca) matzedeelen.
-
Livestream vun der Pressekonferenz: Update zur Situatioun vum COVID-19
De Premier- a Staatsminister Xavier Bettel an d'Gesondheetsministesch Paulette Lenert ginn op dëser Pressekonferenz een Update iwwert déi aktuell sanitär Situatioun. De Livestream fänkt géint 17 Auer un.
-
Waardelëscht fir déi Persounen, déi hire Rendez-vous an der Phas 4 vun der Impfcampagne net geholl hunn
Déi Persounen, déi an der 4. Phas vun der Impfcampagne géint de COVID-19 invitéiert goufe sech impfen ze loossen (65-69 Joer) an déi kee Rendez-vous an där Period geholl hunn, kréien elo d'Méiglechkeet sech zu engem spéideren Zäitpunkt an engem Impfzenter impfen ze loossen.
-
Neien Avis vum Conseil supérieur des maladies infectieuses zu de Konditioune fir d'Agi vum Impfstoff Vaxveria vun AstraZeneca géint de COVID-19
A sengem Avis vum 16. Abrëll hëlt de Conseil supérieur des maladies infectieuses (CSMI) Stellung zu de Konditioune fir d'Agi vum Impfstoff vun AstraZeneca, deen elo Vaxzevria heescht, am Hibléck op de rezenten Avis vun der europäescher Medikamentenagence (EMA) zu dësem Sujet an op d'Benotzungsrestriktioune jee no Alter.
-
Livestream vum Pressebriefing nom Regierungsrot
De Premier- a Staatsminister Xavier Bettel, zesumme mam Romain Schneider als stellvertriedende Gesondheetsminister, informéieren d'Press iwwert d'Aarbechte vum Regierungsrot. De Livestream fänkt géint 15 Auer un.
-
De Romain Schneider huet um ausseruerdentleche Conseil vun den EU-Gesondheetsministeren zum AstraZeneca Impfstoff deelgeholl
No der Analys vun der europäescher Medikamentenagence (EMA) zum COVID-19-Impfstoff Vaxzevria (virdrun AstraZeneca), sinn d'Gesondheetsministere vun der EU dëse Mëttwoch, 7. Abrëll, per Videokonferenz beieneekomm, fir iwwert eng gemeinsam Strategie zum zukünftegen Asaz vum Vaxzevria Impfstoff ze beroden.
-
Start vun der Phas 5 vun der COVID-19-Impfcampagne
Déi éischt Invitatioune fir d'Persounen aus der Phas 5 vun der Impfcampagne ginn am Laf vun dëser Woch verschéckt (Woch 14).
-
Start vun der Phas 4 vun der COVID-19-Impfcampagne
Déi éischt Invitatioune fir d'Persounen aus der Phas 4 vun der Impfcampagne ginn am Laf vun dëser Woch verschéckt (Woch 13).
-
Aféierung vun enger Waardelëscht fir déi Persounen, déi hire Rendez-vous an der 2. Phas vun der Impfcampagne net geholl hunn
Déi Persounen, déi an der 2. Phas vun der Impfcampagne géint de COVID-19 invitéiert goufe sech impfen ze loossen an déi kee Rendez-vous an där Period geholl hunn, kréien elo d'Méiglechkeet sech zu engem spéideren Zäitpunkt an engem Impfzenter impfen ze loossen an zwar, fir méi präzis ze sinn, nom Ofschloss vun der 3. Impfphas.
-
Livestream vum Pressebriefing nom Regierungsrot
De Premierminister Xavier Bettel an d'Gesondheetsministesch Paulette Lenert informéieren d'Press iwwert d'Aarbechte vum Regierungsrot. De Livestream fänkt géint 15:30 Auer un.
-
Temporäert Aussetze vun der Impfung mam COVID-19-Impfstoff vun AstraZeneca
Nodeems verschidden EU-Memberstaaten, dorënner Frankräich an Däitschland, sech fir en temporäert Aussetze vun den Impfunge mam COVID-19-Impfstoff vun AstraZeneca entscheet hunn, huet Lëtzebuerg decidéiert sech deem unzeschléissen.
-
Start vun der Phas 3 vun der COVID-19-Impfcampagne
Déi éischt Invitatioune fir d'Persounen aus der Phas 3 vun der Impfcampagne gi viraussiichtlech Enn nächster Woch verschéckt (Woch 11). Weider Informatiounen zu de genauen Datumer ginn nodréiglech matgedeelt.
- Éischt Säit
- ...
- 9
- 10
- 11
- 12
- 13
- ...
- Lescht Säit