-
COVID-19: Réckbléck op d'Woch vum 4. bis den 10. Juli 2022
An der Woch vum 4. bis den 10. Juli ass d'Zuel vun de positiv op COVID-19 geteste Persoune vu 5.741 op 5.616 erofgaangen (-2%).
-
Pressekonferenz am Livestream iwwert d'Aarbechte vum Regierungsrot
D'Regierung informéiert d'Press iwwert d'Aarbechte vum Regierungsrot. De Livestream fänkt géint 14 Auer un.
-
COVID-19: Réckbléck op d'Woch vum 27. Juni bis de 3. Juli 2022
An der Woch vum 27. Juni bis de 3. Juli ass d'Zuel vun de positiv op COVID-19 geteste Persoune vun 4.485 op 5.741 geklommen (+28%).
-
COVID-19: Presentatioun vum zousätzlechen Avis iwwert d'Impfflicht
Den 5. Juli 2022 presentéiert den Experterot säin zousätzlechen Avis iwwert d'Aféierung vun enger Impfflicht géint COVID-19. De Livestream fänkt géint 09:00 Auer un.
-
Test vum nationale Warnsystem: zonal Warn-SMS a Sirenen
Am Kader vum Iwwerschaffe vum Warnsystem fir d'Populatioun fiert d'Regierung e Méinden, 4. Juli 2022, mat der Ëmsetzung vun hirer Teststrategie vum nationale Warnsystem weider. Dëst geschitt mam Test vum Sirenennetz, deen all Mount duerchgefouert gëtt a mam Verschécke vun engem Test-Warnmessage, deen an enger bestëmmter Zon getest gëtt.
-
COVID-19-Impfung: Eng 4. Dosis fir Persounen ab 70 Joer, souwéi fir Persoune mat Risiko fir e schwéiere Verlaf vu COVID-19
Entspriechend de Recommandatioune vum Conseil supérieur des maladies infectieuses (CSMI), kënne Persounen ab 70 Joer, souwéi Persoune mat Risiko fir e schwéiere Verlaf vu COVID-19, eng 4. Dosis vun der Impfung géint de COVID-19 kréien.
-
Message vum Premierminister Xavier Bettel am Kader vun Nationalfeierdag 2022
Fannt hei de Message vum Premierminister Xavier Bettel am Kader vun Nationalfeierdag 2022
-
Provisoresch Fermeture vum Impfzenter Victor Hugo
Opgrond vum aktuellen Impfrythmus, mécht den Impfzenter Victor Hugo um Lampertsbierg seng Diere, vum 2. Juli 2022 un, provisoresch zou.
-
Nationalfeierdag 2022: Offiziell Zeremonie an der Philharmonie den 23. Juni 2022 um 10 Auer − Invitatioun fir d'Ëffentlechkeet
Am Kader vun der ëffentlecher Feier fir de Gebuertsdag vum Grand-Duc gëtt eng offiziell Zeremonie den 23. Juni 2022 an der Philharmonie Luxembourg ofgehalen.
-
Test vum nationale Warnsystem: zonal Warn-SMS a Sirenen
Am Kader vum Iwwerschaffe vum Warnsystem fir d'Populatioun fiert d'Regierung e Méinden, 6. Juni 2022, mat der Ëmsetzung vun hirer Teststrategie vum nationale Warnsystem weider. Dëst geschitt mam Test vum Sirenennetz, deen all Mount duerchgefouert gëtt a mam Verschécke vun engem Test-Warnmessage, deen dës Kéier awer nëmmen an enger bestëmmter Zon getest gëtt.
-
Pressecommuniqué vum Premier- a Staatsminister betreffend d'Resultat vun der Ënnerschrëftesammlung fir d'Organisatioun vun engem Referendum iwwert déi proposéiert Revisioun vum Kapitel II vun der Verfassung.
D'Iwwerpréiwung vun de Resultater vun der Ënnerschrëftesammlung vun all Gemeng ergëtt Follgendes.
-
COVID-19: Réckbléck op d'Woch vum 25. Abrëll bis den 1. Mee
An der Woch vum 25. Abrëll bis den 1. Mee ass d'Zuel vun de positiv op COVID-19 geteste Persoune vu 4.311 op 3.641 erofgaangen (-16%).
-
Regierungsëmbildung
De Premier- a Staatsminister Xavier Bettel informéiert, dass de Grand-Duc haut de Moien d'Carole Dieschbourg, Ministesch fir Ëmwelt, Klima an nohalteg Entwécklung, op eegene Wonsch entlooss huet.
-
Test vum nationale Warnsystem: Warn-SMS a Sirenen
Am Kader vum Iwwerschaffe vum Warnsystem fir d'Populatioun schéckt d'Regierung de Méinden, 2. Mee 2022, eng Test-Warn-SMS un d'ganz Bevëlkerung.
- Éischt Säit
- ...
- 4
- 5
- 6
- 7
- 8
- ...
- Lescht Säit