-
Update: D'Demande vum Initiativkommitee fir d'Duerchféiere vun engem Referendum gouf akzeptéiert
De Premier- a Staatsminister Xavier Bettel huet haut decidéiert, dass d'Ufro fir d'Duerchféiere vun engem Referendum iwwer déi proposéiert Revisioun vum Kapitel VI vun der Verfassung, déi vum Initiativkommitee presentéiert gouf an de 26. Oktober 2021 entgéintgeholl gouf, akzeptéiert gëtt, well dës de Bedéngunge vum ofgeännerte Gesetz vum 4. Februar 2005 entsprécht.
-
Areeche vun enger Ufro vun engem Initiativkommitee fir d'Duerchféiere vun engem Referendum iwwer déi proposéiert Revisioun vum Kapitel VI vun der Verfassung.
En Initiativkommitee huet haut, am Kader vun der Revisioun vum Kapitel VI vun der Verfassung, beim Premier- a Staatsminister, Xavier Bettel, eng Ufro fir d'Organisatioun vun engem Referendum no Artikel 114 vun der Verfassung agereecht.
-
Optimiséierung vun der Immuniséierung mat engem mRNA-Impfstoff fir Leit, déi eng Eenzeldosis vum COVID-19-Impfstoff vu Janssen kritt hunn
Fir den Impfschutz vun de Leit, déi bis elo eng Impfung mam COVID-19 Vaccine Janssen kritt hunn, ze verbesseren, huet de Regierungsrot a senger Sëtzung vum 15. Oktober decidéiert, der Recommandatioun vum Conseil supérieur des maladies infectieuses vum 14. Oktober fir eng zousätzlech Impfung mat engem mRNA-Impfstoff nozekommen.
-
Bereetstelle vu gratis COVID-19 PCR-Tester fir Persounen, déi hir 1. Impfdosis virum Akraafttriede vum neie COVID-Gesetz kruten
Baséierend op de Recommandatioune vum Staatsrot zum neie CovidCheck-System, deen den 1. November a Kraaft trëtt, huet d'Regierung decidéiert, jidder Persoun, déi virum 18. Oktober (Akraafttriede vum neie COVID-Gesetz) hir 1. Impfdosis krut, gratis COVID-19-PCR-Tester unzebidden.
-
Ried zur Lag vun der Natioun 2021
De Premier- a Staatsminister, Xavier Bettel seng d'Ried zur Lag vun der Natioun 2021 aus der Chamber.
-
Livestream vum Pressebriefing nom Regierungsrot
De Premier- a Staatsminister Xavier Bettel an d'Gesondheetsministesch informéieren d'Press iwwert d'Aarbechte vum Regierungsrot. De Livestream fänkt géint 14:30 Auer un.
-
Gratis PCR-Tester fir Persounen déi sech net impfe loosse kënnen
Fir et Leit, déi sech net impfe loosse kënnen, ze erméiglechen, weiderhi vu gratis PCR-Tester ze profitéieren, huet de Regierungsrot decidéiert, fir en neie geziilten Testprogramm mat "COVID-19 PCR-Test-Bongen" anzeféieren.
-
Zousätzlech COVID-19-Impfdosis no Éischtimpfung fir eeler Leit an Dialys-Patienten
No de Recommandatioune vum Conseil supérieur des maladies infectieuses (CSMI) vum 7. September 2021, kënnen eeler Persounen, Bewunner aus Fleegestrukturen an Dialys-Patienten eng 3. Impfdosis ("Booster") géint de Coronavirus kréien.
-
Livestream vum Pressebriefing nom Regierungsrot
De Premier- a Staatsminister Xavier Bettel an d'Gesondheetsministesch informéieren d'Press iwwert d'Aarbechte vum Regierungsrot. De Livestream fänkt géint 14 Auer un.
-
Livestream vum Pressebriefing nom Regierungsrot
De Premier- a Staatsminister Xavier Bettel informéiert d'Press iwwert d'Aarbechte vum Regierungsrot. De Livestream fänkt géint 12 Auer un.
-
Ausseruerdentleche Regierungsrot opgrond vun der aktueller Wiederlag
De Regierungsrot kënnt haut um Donneschdeg, 15. Juli 2021 um 17:00 Auer zesummen. No der Seance informéieren de Premier- a Staatsminister Xavier Bettel an d‘Inneministesch Taina Bofferding d’Press iwwert d’Aarbechte vum Regierungsrot. De Livestream fänkt géint 18 Auer un.
-
Impfung mat enger Kombinatioun aus zwee verschiddene COVID-19-Impfstoffer - "mix & match"
Op Recommandatioun vum Conseil supérieur des maladies infectieuses (CSMI), huet de Regierungsrot a senger Sëtzung vun haut decidéiert, seng Impfstrategie z'adaptéieren, fir eng heterologesch Impfung z'erméiglechen (och als "mix and match" bezeechent).
-
Livestream vum Pressebriefing nom Regierungsrot
De Vizepremierminister Dan Kersch an d'Gesondheetsministesch Paulette Lenert informéieren d'Press iwwert d'Aarbechte vum Regierungsrot. De Livestream fänkt géint 14 Auer un.
-
Nei Waardelëscht fir all Persoun, déi sech géint de COVID-19 impfe loosse wëll, Frontalieren inclus
D'Phas 6 vun der Impfcampagne (18-54 Joer) gouf dës Woch ofgeschloss.
-
Start vun den Invitatioune fir d'COVID-19-Impfung fir Jonker am Alter vun 12 bis 17 Joer, mat Prioritéit fir déi Vulnerabelst
Dës Woch ginn déi éischt Invitatioune fir d'Impfung géint de Coronavirus u Jonker am Alter tëschent 12 a 17 Joer verschéckt, ugefaange mat deenen Eelsten.
- Éischt Säit
- ...
- 8
- 9
- 10
- 11
- 12
- ...
- Lescht Säit